Sinn Ännerungen an eisem Archivgesetz virgesinn?

Eréischt 2018 krut Lëtzebuerg e richtege legale Kader fir den Archivage vun Dokumenter. Ma un deenen ale Kommunikatiounsfriste vun 100 Joer ass deemools näischt geännert ginn. An deem Kader stellt sech eisen Deputéierten André Bauler e puer Froen a wëll besonnesch wëssen ob et net awer eventuell ugeduecht wier, déi Delaien deenen aus der Belsch unzepassen.


„Zanter 2018 huet Lëtzebuerg en Archivgesetz. Dat ass eng exzellent Saach, well mer virun dësem Datum keng ëmfaassend juristesch Basis haten, déi den Archivage vun Dokumenter gereegelt huet. Wéi mer um Gesetz geschafft hunn, gouf et eng Rëtsch Diskussioune rondrëm d’Kommunikatiounsfriste vu perséinlechen Daten. Säit 1800 leien dës Delaie bei 100 Joer am Etat civil. 2018 huet dorunner näischt dierfe geännert ginn. Dat war de politesche Choix vun der deemoleger Regierung.

An eisen Nopeschlänner ass dat awer manner streng. Sou sinn d’Fristen an Däitschland folgendermoossen organiséiert: 110 Joer fir Gebuertsakten, 80 Joer fir Hochzäitsakten an 30 Joer fir Stierfakten. A Frankräich sinn et 75 Joer fir Gebuerts- an Hochzäitsakten, dofir awer keng fir Stierfakten. An der Belsch sinn d’Delaien déi folgend: 100 Joer fir Gebuertsakten, 75 Joer fir Hochzäitsakten a 50 Joer fir Stierfakten.

Chercheuren an Historiker wieren hei am Land zefridden, wa mer eis Delaie wéinstens deene vun der Belsch géifen upassen. Si sinn och schonn e puer Mol bei der Regierung intervenéiert, ma et huet sech bis ewell näischt gedoen.

An deem Kontext wollt ech der Madamm Kultur- a Justizministesch folgend Froe stellen:

  1. Ginn et mëttlerweil Iwwerleeunge fir eis aktuell Delaien deene vun eise belschen Noperen unzepassen an den Artikel 43 am Code civil ofzeänneren? Gouf et an deem Sënn scho Gespréicher mat betraffene Familljefuerscher oder Vereenegungen, déi sech op deem Gebitt engagéieren an auskennen, also op genealogeschem Plang mat Method a System ënnerwee sinn an net scheie fir mat der Uni zesummenzeschaffen?
  2. Huet d’Madamm Ministesch eventuell scho virgesinn, fir Ännerungen an deem Sënn virzehuelen an nei Delaien anzeféieren?
  3. Wieren déi nei Dateschutzbestëmmungen eventuell d’Ursaach fir keng Upassunge virzehuelen?“ 

Äntwert

D’Madamm Kultur- a Justizministesch bemierkt an hirer Äntwert, datt et den Artikel 45 vum Code civil ass, deen d’Delaie bestëmmt wat d’Kommunikatioun vun de Regëstere vum Etat civil betrëfft. Et ginn, wat den Zougang zu den Archiven am Kader vu wëssenschaftleche Recherchen ugeet, Iwwerleeunge fir d’Delaie vun der Consultatioun vun den Akten aus dem Etat civil unzepassen. Bei der nächster Revisioun vum Code civil oder vum Archivgesetz ass eng Upassung vun den Delaie méiglech, erkläert d’Ministesch. Mat den neien Dateschutzbestëmmungen, missten d’Delaien esou ugepasst ginn, datt keng lieweg Persoune méi betraff sinn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Sinn eis Spideeler op Cyberattacke preparéiert ?

Cyberattacken op Spideeler sinn an Europa keng Seelenheet. Aus dësem Grond huet d’EU een Aktiounsplang lancéiert fir d’Cybersécherheet am Gesondheetssecteur ze verbesseren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d’Gesondheetsministesch dozou befrot, wéi oft d’Spideeler hei am Land vu Cyberattacke viséiert waren, wéi gutt d’Spideeler a Simulatiounsübunge reagéiert hunn a wéi eng Recommandatiounen ausgeschafft goufen.

weiderliesen...

Wéi steet et ëm d’Zänngesondheet zu Lëtzebuerg ?

Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.

weiderliesen...

Potenzial an der Rüstungsindustrie

Duerch déi geopolitesch Situatioun sinn d’Investitiounen an d’Verdeedegung zu enger vun den Haaptprioritéit ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot op scho verschidden national Betriber an der Rüstungsindustrie aktiv sinn a wou et Potenzial gëtt.

weiderliesen...

Optimisatioun vun der Entwécklung vun den Aktivitéitszonen

Viru kuerzem huet de Wirtschaftsminister d’Pilotprojeten “Triangle Vert” a “Salzbaach” annoncéiert fir d’Entwécklung vun den Aktivitéitszonen z’optimiséieren. Eisen Deputéierten André Bauler huet nogefrot wat déi éischt Conclusiounen sinn, déi een an dësem Kader zéie kann an ob nei Aktivitéitszonen zu Lëtzebuerg geplangt ginn.

weiderliesen...