Si weider Accèse fir d’Cité Manertchen geplangt?

D’Wunngebitt ‚Cité Manertchen‘ soll iwwer e Projet vum Fonds du logement considerabel ausgebaut ginn. Den Ament besteet en Accès den iwwer d’Nationalstrooss CR 139 féiert. E Fousswee gëtt et net, net fir an d’Industrie-Zone, a net fir an d’Cité Manertchen. Och Vëlosweeër sinn ugeduecht. Eis Deputéiert Carole Hartmann huet sech beim Ministère no weideren Detailer renseignéiert.

„Hannert der Industrie-Zone vun Iechternach soll d’Wunngebitt ‚Cité Manertchen‘ iwwer e Projet vum Fonds du logement considerabel ausgebaut ginn. Et gëtt de Moment just een Accès zu der Cité Manertchen, den iwwer d’Nationalstrooss CR 139 féiert. E Fousswee gëtt et net, net fir an d’Industrie-Zone, a net fir an d’Cité Manertchen.

An engem Vëloskonzept vun der Stad Iechternach vun 2011 gouf e Vëloswee ugeduecht, den duerch d’Industrie-Zone an d’Cité Manertchen géing féieren. Eng aner Méiglechkeet wär e Vëlos- a Fousswee duerch de sougenannten ‚Alen Uesweiler Wee‘.

An deem Kader wollt ech dem Här Wirtschaftsminister, dem Här Wunnengsbauminister an dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Sinn et iwwer déi lescht Joren, zesumme mat de Gemengeresponsabel vun der Stad Iechternach, Iwwerleeunge ginn, fir weider Accèsen an d‘Cité Manertchen ze schafen? Wa jo, wéi eng Optioune goufen ugeduecht?
  • Wäert et en zweeten Accès fir motoriséiert Gefierer an d’Cité Manertchen am Kontext vum Ausbau vun der bestoender Cité ginn ? Wa jo, wou soll dësen Accès hikommen ? Wa nee, firwat gëtt et kee weideren Accès ? Misst net wéinstens fir d’Chantier-Period vum Ausbau vun der Cité Manertchen en zweeten Accès virgesi ginn? Wa jo, wou?
  • Ass ugeduecht, dass e Vëlos- an/oder Fousswee vum Kär vun Iechternach an d’Industrie-Zone, respektiv an d’Cité Manertchen féiere soll? Wa jo, wou soll(en) dës(e) Wée(ër) laanschtféieren? Wéi ass et notamment mat engem Vëlos- a Fousswee duerch de sougenannten ‚Alen Uesweiler Wee‘ oder op der bestoender Strooss vun Iechternach an d’Industrie-Zone ? Wa kee Wee envisagéiert gëtt, firwat net?
  • Wéi stinn d‘Häre Ministeren zu engem Wee, respektiv enger Strooss, den d’Industrie-Zone mat der Cité Manertchen verbënnt ? Wéi ass et notamment mam Vëloswee duerch d’Industrie Zone an d’Cité Manertchen den am lokale Vëloskonzept vun 2011 ugeduecht war?  “

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Sinn eis Spideeler op Cyberattacke preparéiert ?

Cyberattacken op Spideeler sinn an Europa keng Seelenheet. Aus dësem Grond huet d’EU een Aktiounsplang lancéiert fir d’Cybersécherheet am Gesondheetssecteur ze verbesseren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d’Gesondheetsministesch dozou befrot, wéi oft d’Spideeler hei am Land vu Cyberattacke viséiert waren, wéi gutt d’Spideeler a Simulatiounsübunge reagéiert hunn a wéi eng Recommandatiounen ausgeschafft goufen.

weiderliesen...

Wéi steet et ëm d’Zänngesondheet zu Lëtzebuerg ?

Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.

weiderliesen...

Potenzial an der Rüstungsindustrie

Duerch déi geopolitesch Situatioun sinn d’Investitiounen an d’Verdeedegung zu enger vun den Haaptprioritéit ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot op scho verschidden national Betriber an der Rüstungsindustrie aktiv sinn a wou et Potenzial gëtt.

weiderliesen...

Optimisatioun vun der Entwécklung vun den Aktivitéitszonen

Viru kuerzem huet de Wirtschaftsminister d’Pilotprojeten “Triangle Vert” a “Salzbaach” annoncéiert fir d’Entwécklung vun den Aktivitéitszonen z’optimiséieren. Eisen Deputéierten André Bauler huet nogefrot wat déi éischt Conclusiounen sinn, déi een an dësem Kader zéie kann an ob nei Aktivitéitszonen zu Lëtzebuerg geplangt ginn.

weiderliesen...