Question
„Den Helikopter beim Nordspidol ass an de leschte Joren dacks zum Asaz komm, virun allem am Éislek. Dat konnt etlech Mënscheliewe retten, zemol an enger Regioun mat enger schwiereger Topografie.
An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Gesondheet a Sozialversécherung an dem Här Inneminister follgend Froe stellen:
- Wéi oft koum den Helikopter beim Ettelbrécker Spidol zanter 2018 zum Asaz?
- Wéi vill Flig goungen iwwer eis Landesgrenzen eraus ?
- Stëmmt et, datt virgesinn ass, fir mëttelfristeg en anere Site fir den Helikopter ze sichen?
- Wéi ass de Finanzement vum Helikopter konkret organiséiert?“