De Kongress vun der DP Zentrum war den 21. Abrëll am Centre Atert zu Bartreng.
De Max Stoffel huet d’Presidence vum Patrick Michels iwwerholl. Fir den neie President dierf ee sech net op de Lorberen ausrouen. Elo géing et drëms, fir de Bilan vun der DP-Politik aus de leschte Jore bei de Leit ze verdeedegen a fir Perspektiven opzezeechnen. Dobäi dierft een d’Nët-Lëtzebuerger op kee Fall vergiessen.