De Regionalkongress vun der DP Oste war de 16. Mee am Centre Culturel zu Mäertert.
De Ben Ries huet de Presidenteposte vum Carole Hartmann iwwerholl. De Schäffe vu Jonglënster huet d’Parteimandatairen an d’Memberen dozou opgeruff, zesummen als Ekipp an als Frënn an d’Walen 2023 ze goen: Well dat war e Schlësselelement bei de leschte Walen. Dat ass ons Stäerkt, déi mir weider ausbaue wäerten.