De Regionalkongress vun der DP Norde war den 3. Mee an der Jugendherberg zu Lëlz.
De President a Schierener Buergermeeschter Eric Thill huet den Appell gemaach, fir d’Sektiounen en vue vun de zwou Walen dat anert Joer ze stärken. Zesumme mat enger engagéierter Ekipp an an der Kontinuitéit wéilt d’DP Norde beschtpreparéiert an déi Chamber- a Gemengewalen 2023 goen.