« Am Sënn vun der Kreeslafwirtschaft an dem Schounen vun de Ressourcen soll iwwer déi nächst Joren den Undeel un Offall, dee muss verbrannt ginn oder an eng Décharge kommen, sou wäit et geet reduzéiert ginn. Trotzdeem ka kaum dovun ausgaange ginn, dass dës Fraktioun an noer Zukunft op Null erof wäert goen.
An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:
- Wéi vill Tonnen Offall vun de Kategorien « déchets ménagers, assimilés et encombrants » sinn an de leschte fënnef Joer pro Joer verbrannt ginn, an eng Décharge komm oder hu missen exportéiert ginn?
- Fir de Fall, dass Offall vun de Kategorien « déchets ménagers, assimilés et encombrants » exportéiert ginn ass, fir am Ausland eliminéiert ze ginn, wat waren d’Grënn heifir?
- Wéi vill Tonnen Offall vun de Kategorien « déchets ménagers, assimilés et encombrants » sinn an de leschte fënnef Joer pro Joer ugefall, déi net kënne verbrannt ginn, mee mussen an eng Décharge kommen?
- Wéi schätzt d’Madamm Ministesch d’Evolutioun vun de Quantitéite Offall vun de Kategorien « déchets ménagers, assimilés et encombrants », déi all Joer ufalen, iwwer déi nächst 10 Joer an?
- Ginn déi aktuell Kapazitéiten vun der Verbrennungsanlag zu Leideleng an der Décharge Muertendall duer, fir den Offall vun de Kategorien « déchets ménagers, assimilés et encombrants » vun den nächste Joren ze behandelen?
- Et ass ons zu Ouere komm, dass de Gemengesyndikat SIGRE seng Décharge wäert ausbauen, kann d’Madamm Ministesch dat confirméieren?
- Wéi vill nei Kapazitéiten wäerte sou geschaf ginn? Fir wéi laang gëtt geschat, dass déi zousätzlech Kapazitéiten duerginn?
- Wat ass de Käschtepunkt vun dësen Aarbechten? Wéi vill Subsiden ginn an deem Kader iwwer den Ëmweltfong ausbezuelt?
- Sollen d’Kapazitéiten vun der SIDOR och an den nächste Joren erhéicht ginn? »
Réponse
Au cours des 6 dernières années, la quantité de « déchets municipaux en mélange et déchets encombrants » incinérés à Leudelange a constamment augmenté, tandis que moins de déchets ont été mis dans une décharge. L’exportation à l’étranger est d’ailleurs interdite. La ministre de l’Environnement est certaine que la quantité totale de cette catégorie de déchets va diminuer au cours des 10 prochaines années, malgré la croissance de notre population. Dans sa réponse, elle se montre optimiste que le Luxembourg puisse atteindre l’objectif européen d’une quote-part de recyclage de 60% à l’horizon 2030. Ainsi, elle estime inutile d’augmenter les capacités de l’usine d’incinération et des décharges.