« Mam Summer a mat der grousser Vakanz kënnt och d’Saison vun den Ausflich un d’Mier oder bei d’Séien ëmmer méi no. De Weekend vum 18ten a 19ten Juni war den Undrang an de Lëtzebuerger Piscinnen a bei de Séien därmossen grouss, datt d’Problematiken ronderëm d’Sécherheet vum Schwëmmer an de Manktem un Infrastrukturen zeréck an de Fokus geréckelt sinn.
Wat d’Infrastrukturen ugeet, hat d’FLNS – d’Fédération Luxembourgeoise de Natation et de Sauvetage schonn d’lescht Joer op e grousse Manktem vu Piscinnen zu Lëtzebuerg opmierksam gemaach. Dëst wier ze bedaueren, apaart well all Joer an Europa eng 27.000 Mënsche géifen erdrénken.
Weiderhin ass an der Press och schonn ëfters op de Manktem vu Schwammmeeschter an de néidegen Infrastrukturen an de Gemengen opmierksam gemaach ginn.
An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir bannenzeg Sécherheet, dem Här Sportminister an der Madamm Inneministesch folgend Froe stellen:
- Wéi vill Accidenter gouf et an de leschte 5 Joer bannent a ronderëm designéiert Schwammgewässer uechtert d’Land?
- Wéi vill brevetéiert Schwammmeeschter ginn et aktuell zu Lëtzebuerg?
- Sinn och Schwammmeeschter ronderëm d’Séien zu Lëtzebuerg aktiv?
- Wéi vill Mënschen hunn zu Lëtzebuerg de Brevet vum Rettungsschwëmmer? »
Réponse
Den Inneministère huet keng Donnéeën iwwer brevetéiert Schwammmeeschteren zu Lëtzebuerg, mee just iwwert d’Waasserrettungsasätz (kuerz: WRET) vum CGDIS op de grousse Gewässer am Land. 2021 waren duerch d’Juli-Héichwaasser (25 Asätz) méi Interventioune wéi déi Jore virdrun.
Well de CGDIS um Stauséi iwwert de ganze Summer eng Permanence garantéiert, kommen e puer Interventiounen derbäi, déi awer net direkt um 112 erfaasst ginn.
Gewässer | 2017 | 2018 | 2019 | 2020 | 2021 |
Atert | 3 | 1 | |||
Arbed-Weier | 1 | ||||
Baggerweier | 2 | ||||
Mamer | 1 | 1 | |||
Musel | 1 | 3 | 2 | 3 | 5 |
Our | 1 | ||||
Sauer | 2 | 3 | 2 | 4 | 15 |
Schwaarz Iernz | 3 | 1 | |||
Stauséi | 2 | 5 | |||
Uelzecht | 1 | 1 | 1 | 1 | 9 |
Aner | 2 | 3 | 6 | 5 | 5 |
Total | 7 | 18 | 14 | 18 | 38 |