„Op der N7 tëscht der Lëpschterdellt an der Closdellt stinn de
Moment op kuerzer Distanz zwee Radaren, ee fixen an ee mobillen.
Dee mobille Radar war opgeriicht ginn, nodeems dee fixen
ëmgerannt gi war. Mëttlerweil steet op där Plaz een neie Radar.
An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an
ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:
- Wéi vill Automobiliste goufen an de leschte Woche vun deem mobile Radar geblëtzt? Wat war déi héchste Vitess op där Plaz?
- Wéini soll de mobille Radar op der Closdellt op eng aner Plaz am Land verréckelt ginn?
- Wat huet d’Ersetze vun deem futtisse Radar op der N7 kascht?“
Réponse
Wéi vill Automobiliste goufen an de leschte Woche vun deem mobile Radar geblëtzt? Wat war déi héchste Vitess op där Plaz?
De mobile Radar, dee vum 17. August op de 27. Oktober 2022 op der N7 tëscht der Lëpschterdellt an der Closdellt opgestallt gi war, huet an där Period 7 445 mol geblëtzt. Déi héchste gemoosse Vitesse war op där Platz 183 km/h.
Wéini soll de mobille Radar op der Closdellt op eng aner Plaz am Land verréckelt ginn?
De Radar ass de 27. Oktober 2022 geréckelt ginn.
Wat huet d’Ersetze vun deem futtisse Radar op der N7 kascht?
De Käschtepunkt vum Ersetze vum kapotte Radar op der N7 huet sech op ronn 130 000 Euro belaf.