« De Koalitiounsaccord gesäit d’Elaboratioun vun enger « stratégie nationale de stationnement et parking-relais (P&R) » vir.
An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen :
– Wéi wäit ass d’Ausschaffe vun dëser Strategie ?
– Wéini gëtt dës Strategie virgestallt ?
– Kann den Här Minister scho Prezisiounen zu de Kärpunkte vun dëser Strategie ginn ?
– Wat d’P&R betrëfft, wéi vill Projete sinn an de leschten zwee Joer ofgeschloss ginn ? Wéi vill nei Parkplaze sinn tëscht 2018 an 2020 geschaaft ginn ?
– Bei wéi ville Projete sinn d’Aarbechten aktuell am gaangen ? Wat ass d’Unzuel vun de Parkplazen ? Wäert den initialen Zäitplang fir d’Ofschléisse vun den Aarbechte kënnen agehale ginn oder kënnt et zu Verspéidunge wéinst der Pandemie ?
– Wéi eng nei Projeten, mat wéi vill neie Parkplazen, si geplangt fir an den nächste Jore realiséiert ze ginn ?
– Ass virgesinn, déi nei P&R sou ze konzipéieren, dass de Chauffeur iwwer eng App (z.B. d’Mobilitéits-App) ka gesinn, wéi vill Parkplazen nach fräi sinn ? »
Réponse
Des travaux sont actuellement en cours sur la deuxième phase de la stratégie nationale de stationnement et parking-relais (P&R), dans laquelle d’une part l’espace de stationnement disponible sera identifié et des solutions seront développées d’autre part. Dans la première phase, l’objectif était d’identifier les données nécessaires pour développer la stratégie. Dans la troisième phase, des recommandations concrètes seront élaborées. La stratégie nationale pourrait alors être présentée fin 2021.