„Op der Nordbastioun vum Veianer Schlass si virun etleche Woche Steng erofgefall. Dës Mauer misst effektiv stabiliséiert gi fir ze vermeiden, datt sech eng Situatioun wéi zu Beefort ergëtt.
An deem Zesummenhang wollt ech der Madamm Kulturministesch folgend Froe stellen:
- Ass de Service des Sites et Monuments schonn iwwer dëse Problem informéiert ginn? Wa jo, zu wat fir enge Konklusioune sinn d’Spezialiste komm?
- Gëtt den Zoustand vum Mauerwierk vum Schlass a besonnesch vun der Rankmauer reegelméisseg iwwerpréift? Wa jo, wat fir Feststellunge konnte rezent gemaach ginn? Gëtt et eventuell aner Stabilitéitsproblemer?
- Sinn d’Aarbechte schonn ausgeschriwwe ginn?“
Réponse
Weder de Service des sites et monuments nationaux (SSMN), nach d’Vertrieder vum Veianer Schlass kënne bestätegen, dass viru Woche Steng aus der Mauer vum Nordbastioun vum Veianer Schlass gefall sinn. Den Zoustand vum Mauerwierk vum Schlass gëtt reegelméisseg vum SSMN iwwerpréift a wann Aarbechten ustinn da gi se ausgefouert. Am Hierscht 2021 goufen di lescht Stabilisatiounsaarbechten um Mauerwierk vum Schlass realiséiert. Wéinst der Iwwerwaachung vun de Maueren gouf virun e puer Méint e Laserscan an eng Drohnendokumentatioun vun engem Ingenieursbüro gemaach. Déi Donnéeë ginn an de nächste Wochen ausgewäert fir d’Prioritéite kënne festzeleeën an eventuell Beräicher duerch punktuell Aarbechten ze sécheren. De Nordbastioun ass en Deel vun de Maueren fir déi vun 2022 bis 2026 Aarbechte budgetiséiert a virgesi sinn.