« Dat geplangte Wandrad tëscht Bierden a Waarken, um Territoire vun der Gemeng Ettelbréck, huet an de leschte Méint ëmmer nees fir Diskussioune gesuergt an ass op deels grousse Widderstand vu Bierger aus de concernéierte Gemenge gestouss.
An deem Kader wollt ech der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an dem Här Minister fir Energie folgend Froe stellen :
- Gouf et mëttlerweil en Austausch tëscht de Ministere mat de betraffe Bierger an hirer Vertriedung ?
- Wa jo, wat fir Konklusioune goufe bei där Geleeënheet gezunn? Gouf et och schonn eng Entrevue mat dem Schäfferot vun Ierpeldeng-Sauer ?
- Wou ass d’Geneemegungsprozedur vum geplangte Wandrad drun ? Fir wéini gëtt dermat gerechent, dass mat de Bauaarbechten ugefaange ka ginn ? »