Question
„ Eis ass zu Ouere komm, datt de Centre hospitalier du Nord (ChdN) op sengem Ettelbrécker Site an den nächsten Deeg riskéiert seng Maternité missen zouzemaachen, well kee Pediater méi zur Verfügung ka stoen, sou wéi d’Spidolsgesetz et verlaangt, wann ee Kand op d’Welt kënnt.
Et ass effektiv sou, datt bei enger Gebuert e Kannerdokter ganz kuerzfristeg muss verfügbar sinn, wann et zu onerwaarte Komplikatioune kënnt, déi d’Gesondheet oder souguer d’Liewe vum Kand a Fro stelle kënnen.
Aus deem Grond wollte mir der Madamm Gesondheetsministesch folgend Froen dringend stellen:
- Stëmmt et, datt am ChdN um Site Ettelbréck net genuch Kannerdokteren de Moment disponibel sinn fir en normalen Déngscht vun enger Maternité z’assuréieren?
- Wa jo, wat sinn d’Ursaachen dofir?
- Wéi héich ass de Risiko, datt d’Maternité an den nächsten Deeg muss zougemaach ginn, well déi gesetzlech virgeschriwwe Sécherheetsstandarden net méi garantéiert sinn?
- Sicht de Gesondheetsministère mat den zoustännegen Instanzen eng Léisung ze fannen, fir datt d’Maternité awer kann opbleiwen; zemools wann ee bedenkt wéi wäit d’Leit aus dem Éislek oder dem Réidener Kanton fuere mussen, wa sech eng Gebuert méi séier ukënnegt wéi erwaart?“
Réponse
D’Maternité vum CHdN huet effektiv op den 1. Abrëll 2022 seng Dieren temporaire missten zoumaachen wëll kuerzfristeg zwee vun den véier Pédiatren déi normalerweis ofwiesselnd d’Garde an der Maternité assuréieren ausgefall sinn. Dëst huet mat sech bruecht datt den CHdN seng Obligatioun an Saachen Garden sou wéi d’Spidolsgesetz et virgesäit net méi erfëllen konnt.
An Zesummenaarbecht mat der Direktioun vum CHL, dem Service national de néonatologie intensive vum CHL an dem Gesondheetsministère huet d’Direktioun vum ChdN en globaalt Konzept ausgeschafft fir d’Konformitéit mam Spidolsgesetz z’assuréieren esou wéi eng Prise en charge vun den Urgences néonatales. Zu dësem Zaitpunkt lafen nach weider Gespréicher wéi dëst Konzept um Terrain ëmgesat kann ginn. Soubal dës Konzept ëmgesat ass, wäert d‘Maternité vum CHdN seng Dieren och nees opmaachen kënnen.
Während där Zäitspan, wou d’Maternité provisoresch zou ass, kënnen d’Fraen déi an der leschter Phase vun hirer Schwangerschaft sinn, beim 112 uruffen fir wann néideg op d’Déngschter vun enger Ambulanz zeréck ze gräifen. Den ChdN setzt sech ënnert anerem dofir an dass all Asaz vum SAMU vun enger Hiefamm begleet gëtt. D’Maternité vum ChdN betreit haaptsächlech Schwangerschaften mat engem nidderegen Risikofacteur. Vir awer d’Sécherheet vun den Neigebuerenen z’assuréieren, gesäit deen neien Konzept verschidden Moossnamen vir vu que dass trotzdem eng Urgence kann optrieden.