Question
„D’Kléck zu Dikrich, also d’Rue Clairefontaine (N17), ass zënter Joren an engem schlechten Zoustand. Souwuel den Ënnergrond, wéi och den Tapis (Couche de roulement), missten an noer Zukunft erneiert ginn.
Ufank Oktober 2020 hat den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten a senger Äntwert op meng parlamentaresch Fro 2729 geäntwert, datt am September 2020 den detailléierten Avant-Projet finaliséiert géif an nach Emprisë misste gemaach ginn. Den Appel d’offres public kéint no enger Rei “Demandes d‘autorisation” ofgeschloss ginn, sou datt d’Aarbechte viraussiichtlech am Joer 2021 kéinten ufänken.
An deem Kontext wollt ech den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte Follgendes froen:
- Wou ass d’Prozedur de Moment drun ?
- Gouf et Problemer bei den Emprisen ?
- Wéini kéinten d’Aarbechten ufänken a wéi géif dëse Chantier konkret organiséiert ginn, fir den Impakt op d’Verkéiersflëss beschtméiglech ze geréieren ?
- Wéi vill Gefierer fueren duerchschnëttlech iwwert dës Strooss? Gëtt et do rezent Miessungen ?“