„D’Strooss tëscht Kautebaach a Wooltz (N25), déi fir hir schaarf Kéiere bekannt ass, ass an de leschte Méint plazeweis, haaptsächlech awer op enger präziser Plaz, net méi gutt befuerbar. Hei huet sech effektiv d’Säit vun der Strooss zum Hang hin zolidd gesat.
An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:
- Ass schonn zesumme mat der Verwaltung vun de Ponts & Chaussées dru geduecht ginn, fir dës Strooss op der betraffener Plaz an d’Rei ze setzen? Wa jo, wou sinn d’Etüden de Moment drun?
- Wéini ka mat den Aarbechten ugefaange ginn a wat wäerten dës kaschten?“
Réponse
Ass schonn zesumme mat der Verwaltung vun de Ponts et Chaussées dru geduecht ginn, fir dës Strooss op der betraffener Plaz an d’Réi ze setzen? Wa jo, wou sinn d’Etüden de Moment drun?
Der Stroossebauverwaltung ass den Zoustand vun der N24 op der vum honorabelen Deputéierte beschriwwener Plaz bekannt an ass och schonn am gaangen e Projet auszeschaffen, fir déi aktuell Situatioun ze behiewen.
Déi respektiv geotechnesch Etüde goufen ofgeschloss an de Soumissiounsdossier gëtt momentan ausgeschafft.
Wéini ka mat den Aarbechten ugefaange ginn a wat wäerten dës kaschten?
D’ëffentlech Ausschreiwung fir dës Aarbechten ass fir 2023 virgesinn. D’Aarbechte wäerten da viraussiichtlech, ënnert der Konditioun datt all di néideg Autorisatioune virleien, 2024 ufänken.
D’Käschte vun dësen Aarbechte ginn op ronn 750.000 Euro geschat.