Guy Arendt

Professionell Journalisten am Fokus

3 Froen un den Guy Arendt

Lëtzebuerg huet eng aussergewéinlech a besonnesch dynamesch Medielandschaft. Dat hu mir gréisstendeels enger mediefrëndlecher Regierungspolitik ze verdanken, déi 1976 ënnert dem Premier Gaston Thorn déi éischt Pressehëllef agefouert huet. Am audiovisuelle Beräich gëtt et déi finanziell Hëllef zanter 1991. An der Chamber gëtt deemnächst en neit Medien-Gesetz gestëmmt.

Guy, du bass President vun der Mediekommissioun vun der Chamber. Firwat ass dëse Gesetzprojet esou wichteg fir d’Lëtzebuerger Medien?

GA: Déi fréier Aide war op de Pabeier, also op d’Printmedie limitéiert, du koum den audiovisuelle Beräich derbäi, an elo tendéiere mir ëmmer méi zum Paperless, well mir eis Zeitungen an aner Medien ëmmer méi online liesen oder lauschteren. Doriwwer eraus, ass et eis Flicht, fir de Pluralismus a fir d’Onofhängegkeet vun de Medien ze suergen. Mir befannen eis hei an engem Paradigmewiessel. De Kär vum Projet ass et nämlech, fir de Fokus op de professionelle Journalismus ze leeën an net méi op d’Zort vum Media an op d‘Säitenzuel vum Print.

D.h. d’gëtt méi Wäert op d’Qualifikatioun vum Journalist geluecht? Firwat eréischt elo?

GA: Genee. Konkret geet et ëm eng Valorisatioun vun de Journalisten a vun hirer Aarbecht. Dat solle professionell Journaliste sinn, déi objektiven a gudde Journalismus maachen. Fir den Iwwergang war 2017 e Reglement vun der Regierung gemaach ginn, fir d’Entwécklung vun der Online-Press z‘ënnerstëtzen. Elo ass et awer definitiv Zäit, datt mir eis der Tendenz vum Paperless upassen a virun allem de Journalist an de Virdergrond stellen.

Wéi gesäis du d’Medien haut, a besonnesch an Zäite vum Covid-19?

GA: Déi jonk Leit liesen a kucken d’Medie quasi nëmmen nach online. Dofir mussen d’Onlinemedien déi néideg Ënnerstëtzung kréien, fir qualitativ héichwäertege Journalismus ze maachen. Am Online muss vill méi op Fake News opgepasst ginn. Gläichzäiteg musse mir dofir suergen, datt genuch Choix beim Inhalt an awer och bei de Sproochen do ass. Dat ass e ganz wichtege Bestanddeel vun all Demokratie, an dozou gehéiert natierlech och gutt recherchéierten, kritesche Journalismus.

D’Press spillt ëmmer eng wichteg Roll an der Gesellschaft, ob a Krisenzäiten oder net. Ech mengen awer, datt d’Medie grad elo nach méi eng grouss Responsabilitéit hunn. Dofir ass et esou wichteg, datt d’Leit all wichteg Informatiounen aus sécherer Quell noliesen, lauschteren a kucke kënnen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Rechter vu schwangeren Independanteë verbesseren

Schwanger Salariéen, kënne virum Congé de maternité eng bezuelten Aarbechtsdispens ufroen, wann si z.B. aus gesondheetleche Grënn net schaffe kënnen. Independanteën hunn dës Méiglechkeet net, wat sech negativ op de Recalcul vun hirer Indemnitéit fir de Mammecongé auswierke kann.
D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Mandy Minella wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, ob eng remuneréiert Dispens oder een equivalente Mechanismus fir schwanger Independanteën agefouert wäert ginn.

weiderliesen...