Question
E Sonndegmoien, den 11. Februar 2024, gouf zu Schëffleng eng Verschmotzung vun der Uelzecht festgestallt. Fir d’Kontaminatioun ze stoppen, huet de CGDIS am Quartier Brill e Barrage installéiert.
An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit follgend Froe stellen:
- Huet d’Waasserwirtschaftsamt scho kënne méi erausfannen iwwert den Ursprong vun där Pollutioun?
- Em wat vir enger Verschmotzung handelt et sech genee a wéini wäert de Problem geléist sinn?
- Si Schied un der Flora a Fauna entstan?
- Gëtt et e potenzielle Lien mat der Verschmotzung vun der Uelzecht bei der Schëfflenger Kläranlag vum 13. Januar 2024