Question
An der Baach op der Vëlospiste tëscht Biissen a Colmer-Bierg gouf e Samschdeg, 10. Februar 2024 eng schaumaarteg Pollutioun entdeckt, déi vum Rouscht erof an d’Atert leeft.
An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit follgend Froe stellen:
- Konnt d’Waasserwirtschaftsamt erausfanne wat den Ursprong vun dëser Verschmotzung ass?
- Si Schied un der Flora a Fauna entstanen?“