Pollutioun an der Baach tëscht Biissem a Colmer-Bierg

An der Baach op der Vëlospiste tëscht Biissen a Colmer-Bierg gouf am Februar eng schaumaarteg Pollutioun entdeckt, déi vum Rouscht erof an d'Atert leeft. Den DP Deputéierten Gusty Graas huet de Minister fir Emwelt, Klima an Biodiversitéit gefrot ob d’Waasserwirtschaftsamt den Ursprong vun der Verschmotzung erausfanne konnt an ob Schied un der Flora a Fauna entstane sinn. 

Fro

An der Baach op der Vëlospiste tëscht Biissen a Colmer-Bierg gouf e Samschdeg, 10. Februar 2024 eng schaumaarteg Pollutioun entdeckt, déi vum Rouscht erof an d’Atert leeft.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit follgend Froe stellen:

  1. Konnt d’Waasserwirtschaftsamt erausfanne wat den Ursprong vun dëser Verschmotzung ass?
  2. Si Schied un der Flora a Fauna entstanen?

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi eng Doktere sinn an Zukunft u Bord vun de Gefierer vum SAMU?

Zu Lëtzebuerg fuere bis haut ëmmer Anästhesisten, zesumme mat Infirmiers en anesthésie-réanimation, mam SAMU. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann ass awer elo zu Ouere komm, datt an Zukunft och Generalisten oder Urgentisten mam SAMU fuere kéinten. Déi liberal Deputéiert hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, firwat bis haut nëmmen Anästhesiste beim SAMU u Bord waren, ob d’Infirmiers en anesthésie-réanimatioun och zesumme mat aneren Dokteren eng Noutfallekipp bilde kënnen an ob d’Qualitéit vun de Soine garantéiert bleift, onofhängeg vun der Spezialiséierung vum Dokter.

weiderliesen...

Wéi vill Jonker koume wéinst Alkoholkonsum an d’Spidol?

An Däitschland hunn, leschten Zuelen no, manner Jonker wéinst Alkohol missen an d’Spidol. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Jonker an de leschte Joren opgrond vun Alkoholkonsum hu missen hospitaliséiert ginn, op wéi engen Deeg am Joer besonnesch vill alkoholiséiert Leit an d’Spidol kommen an ob den Nationalen Aktiounsplang géint Alkoholmëssbrauch wäert erneiert ginn.

weiderliesen...