« An engem rezenten Zeitungsartikel huet den Här Minister dat enormt Potenzial fir Solarenergie ugeschwat, dat déi ronn 100 Hektar Parkfläch zu Lëtzebuerg géife bidden, wann een se am Stil vun engem « Carport » géif iwwerdecken a Photovoltaikanlagen drop installéieren.
Donieft huet den Här Minister och annoncéiert, dass eng PV-Anlag op de Killweieren zu Raemerech beim Belval soll installéiert ginn.
An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Energie folgend Froe stellen:
– Wéi gedenkt den Här Minister d’Potenzial vun de Parkflächen ze mobiliséieren ?
– Ginn et scho Pläng fir nei Subside fir d’Geschäfter z’incitéiere fir a) hir Parkfläch z’iwwerdecken a b) Photovoltaikanlagen drop z’installéieren ?
– Wa jo wéi géifen déi ausgesinn ? Fir wéini kéinten se agefouert ginn ?
– Ass virgesinn, änlech dem Solarkataster fir Diecher, och e Plang mam energeetesche Potenzial vu Parkflächen z’erstelle fir rauszefannen, wou et am sënnvollsten ass, Carport-PV-Anlagen opzeriichten ?
– Kann den Här Minister weider Informatioune ginn zum PV-Projet op de Killweieren zu Raemerech ? Fir wéini kann dermat gerechent ginn, dass déi Anlag a Betrib geholl ka ginn ?
– Ginn et nach weider Projete vu PV-Anlagen, déi op Waasserfläche sollen installéiert ginn ? »
Answer
In order to mobilize the great potential of PV facilities on parking lots, the government has so far mainly gone the way of tendering, where effectively three projects have already been awarded the contract. In addition, smaller carports are already eligible for the feed-in rates. As far as the solar cadastre is concerned, it is being analysed whether it would not be possible to not limit it only to buildings, but also to include other areas. Meanwhile, the potential for PV plants floating on artificial waters would be rather small in Luxembourg.