„Ech sinn an der DP, well ech d’Wäerter vun Demokratie, vun Europa, vu Chancëgläichheet a vu Fräiheet wëll verdeedegen.”
„Ech si bei der DP, well et eng sozial-liberal Partei ass an dat sinn och déi Valeuren, déi fir mech am wichtegste sinn. Et ass eng Partei, déi souwuel fir d’Fräiheet vum Eenzelen asteet ma och ëmmer d’Gesellschaft am Bléck huet. Dat ass mir perséinlech immens wichteg.”
„Ech si Member bei der DP, well déi Partei un d’Fräiheet an un d’Selbstbestëmmung vun de Mënsche gleeft.”
„Ech sinn zanter 8 Joer an der DP an d’Partei ass en Deel vu mengem Liewe ginn. Vill flott Momenter, positiv Echangen an en aktiivt Engagement. All zesumme schafe mir keng Problemer, ma mir sichen no Léisungen. Mir wuessen zesummen an huele kengem eppes ewech.”
„Ech war nach ëmmer un der Politik interesséiert, a wëll mech fir eis Gesellschaft engagéieren. Déi Jonk sinn eis Zukunft an ech wëll mech dofir asetzen, hinnen d’Politik méi nozebréngen. Dat alles kann ech am beschten an der DP.”
„Als jonke Mënsch fillen ech mech am beschten duerch d’DP vertrueden: Mat hirer liberaler a fortschrëttlecher Politik gëtt se déi richteg Äntwerten op d’Froe vun Haut. Virun allem scheit d’DP sech och net, d’Erausfuerderunge vu muer unzegoen.”
« Apporter un changement équilibré dans le respect et la compréhension d‘une société complexe et en mouvement, tels sont mes valeurs, ma vision et mon engagement en tant que démocrate au sein du DP. »
„Firwat ech mech engagéieren? Et ass ganz einfach: Ech wëll menger Meenung fräie Laf loossen. Ech wëll dohin, wou aktiv Entscheedunge getraff ginn: an d’Politik. Als Student erliewen ech dagdeeglech Problematiken, déi eis
Generatioun direkt betreffen. Dofir ass et méi wichteg wéi jee, de jonke Leit nozelauschteren an hinne Mutt ze maachen. D’Gefill vermëttelen, eescht geholl a respektéiert ze ginn, ass fir d’DP eng primordial Selbstverständlechkeet.”
„Ech hu mech schonn ëmmer fir d’Politik interesséiert. Dobäi ass et mir wichteg, fir net nëmmen Ännerungen ze fuerderen, ma och fir mech fir d’Realisatioun vu Changementer anzesetzen. A mengem Fall betrëfft dat méi d’Zukunft vun de jonke Leit. Dofir ass d’DP mat hirer weltoppener a liberaler Manéier genee de richtege Choix.”
„D’DP ass fir mech déi Partei, déi duerch hier liberal Wäerter, d’Fräiheete vun all Eenzele garantéiert, an duerch hiren oppene Geescht jidderengem d‘Méiglechkeet gëtt, sech optimal a mat Verantwortung entfalen ze kënnen.”
„Als Industriellen an Entreprener stinn ech hannert de Wäerter vun der DP, fir déi richteg Saachen ze maachen a fir déi richteg Decisiounen ze huelen a richteg ëmzesetzen. Ech ënnerstëtzen eng liberal, flexibel, zilorientéiert, pragmatesch an ausgeglache Politik. Esou eng Politik fërdert nei Méiglechkeeten, vun deene mir da profitéiere kënnen – also eben DP-Wäerter.”
„D’DP bitt mir déi Plattform, an där ech meng Iddien erëmfannen. D‘DP ass op fir vill Themen, ewéi d’Jugend an d‘Familljepolitik, d’Gesondheetspolitik oder d’Sozialofsécherung, déi mir als Mamm vun 2 Kanner speziell um Häerz läit. Wichteg ass mir awer och d’Ethik vun der DP an hiren Asaz fir d’Ëmwelt. D’DP ass genee déi richteg Partei fir mech. Dat huet si och wärend der Covid-Pandemie gewisen, wou d’Gesondheet vun de Bierger ëmmer am Mëttelpunkt stoung.”
„D’DP steet fir Teamwork an Zesummenhalt duerch Inclusioun, kloer Waërter, Diversität, Energie, Oppenheet an Empathie. Mir sinn eng grouss Famill a wëllen – an erreechen – Resultater!”
„Eis Partei steet fir mech fir eng fortschrëttlech an innovativ Politik, déi liberal an europäesch Grondwäerter héich hält. Individuell Fräiheeten an déi dozou gehéierend Verantwortunge si menger Meenung no déi bescht Garantie, fir datt de Bierger sech fräi entfale kann.”
„D’DP as fir mech eng Partei, déi fir jiddereen an eiser
Gesellschaft do ass. Sie steet fir Fräiheet, Gläichberechtegung, Toleranz a Solidaritéit. An de leschte Joren huet si och gewisen, datt si d’Problemer vum Land upakt an no Léisunge sicht.”
„D’Politik huet eng essentiell Missioun an onser Gesellschaft. Wat zemools an dësen Zäiten ervirstécht. Sou wéi de Mënsch als Individuum op seng Gesondheet oppasse soll, soll d’Politik ons Gesellschaft fleegen. Et ass keng einfach Aufgab, fir fir eng ausgeglachen an zefridde Gesellschaft ze suergen. Fir mech geet dat just mat enger toleranter, liberaler an
nohalteger Approche, dofir ass fir mech d’DP deen
eenzeg richtege Choix.”
„D’DP ass fir mech déi eenzeg Alternativ fir eng fortschrëttlech a gerecht Politik - fir elo an an der Zukunft. Schonn an der Vergaangenheet huet d’DP gewisen, datt si Problemer upaakt a couragéiert léise kann.”
„Ech si Member bei der DP, well si fir mech déi Politik lieft, déi eis Leit a Land brauchen. Sozial, liberal an europäesch Wäerter sollen och weider gestäerkt ginn. Dofir engagéieren ech mech fir eng Zukunft, an där Fräiheet, Toleranz a Gläichberechtegung grouss geschriwwe ginn.”
„D’COVID-Kris, de Klimawandel an d’Erausfuerderunge vun den nächste Jore wäerten eng aktiv Bedeelegung vu jidderengem vun eis froen. Eis Partei steet fir e gesonden Equiliber tëscht den onwidderruffleche Fräiheeten an der néideger Verantwortung géintiwwer eis selwer an eise Matmënschen.”
„Déi individuell Fräiheeten, gekoppelt mat der Eegeverantwortung vu jidder eenzelem, am Respekt vun de mënschlechen, fundamentale Wäerter, ewéi Toleranz, Solidaritéit, Gläichbehandlung a Mënschewierd waren a sinn nach ëmmer de Grond, firwat dass ech mech an der DP immens wuelfillen.”
„Ech war nach ëmmer politesch interesséiert, a liberal agestallt. Ech si Member vun der DP ginn, well mir Gläichberechtegung, Toleranz, Fräiheet a Solidaritéit vill bedeiten. Dës Wäerter vertrieden ech och zanter de leschte Gemengewalen am Gemengerot vu menger Heemechtsgemeng Luerenzweiler.”
„D’DP huet déi lescht Méint bewisen, datt een a Krisenzäiten op si ziele kann. D’DP ass fir mech ewéi eng grouss Famill, déi zesummenhält. Et ass eng Partei fir jiddereen, an där een sech wëllkomm spiert a Politik mat gestallte kann!”
„D’DP ass ewéi eng grouss Famill, an där ech vill Frënn fir d’Liewe fonnt hunn. Et kann ee sech politesch austauschen, Erfarunge sammelen a fir d’Liewe léieren. Zesumme gi mir duerch déck an dënn.”
„D’DP bedeit fir mech eng progressiv Gesellschaftspolitik, mat där d’Land no vir kënnt an net am 20. Joerhonnert hänke bleift.”
„Als jonk, engagéiert Demokratin fannen ech, dass d’DP déi néideg innovativ, liberal a sozial Wäerter vertrëtt a lieft, déi mir brauchen, fir déi fortschrëttlech Zukunft vun eisem Land optimal ze gestalten. An dobäi wëll ech aktiv matmaachen.”
„Eng fräi Entfalung vum fräie Mënsch an enger fräier Gesellschaft, ass genee meng Liewensastellung. Well ech der Menung sinn, datt d’DP mat Ofstand di eenzeg Partei ass, déi esou denkt wéi ech an och meng Iwwerzeegungen deelt, hunn ech iwwert d’JDL, wou ech aktiv war, 1978 eng Kaart bei der DP geholl. Et deet mer net leed.”
„Ech si Member an der DP ginn, well ech mech aktiv wëll engagéieren an d’DP fir mech déi richteg Wäerter vermëttelt: Fräiheet, Toleranz, Verantwortung & Innovatioun.”
„Mat enger liberaler Astellung, verbonne mat sozialen Engagementer, kënnt fir mech nëmmen d’DP a Fro. Mir huet nach ëmmer ganz vill dru geleeën, selwer eppes ze beweegen, selwer ze gestalten. Dat fannen ech an der DP, genau sou wéi aner Leit, déi gewëllt sinn, sech fir d'Zukunft vun de Leit hei am Land an an Europa anzesetzen.”
„Ech sinn an der liberaler Partei, well ech d’Fräiheet vun all Eenzele schätzen, fir säi Liewen esou ze gestalten, wéi en et fir richteg hält.”