„D’Buslinn 136, déi vu Konstem iwwer Lëpschent, Méchela an Ierpeldeng/Sauer bis op Ettelbréck fiert, ass moies fréi aktuell sou ausgelaascht, dass de Bus komplett iwwerfëllt ass. Et sief ze präziséieren, dass am Moment just e Mini-Bus mat enger Kapazitéit vu 15 Sëtzplazen op där Linn agesat gëtt.
An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:
- Wéi vill Usagere ginn op der Linn 136 den Dag gezielt a wéi sinn se pro Duerf, dat ugefuer gëtt, verdeelt?
- Ass et eventuell méiglech fir déi aktuell Kapazitéit vum (Mini-)Bus an de Moiesstonnen eropzesetzen?“