Op wéi enge Plazen ass geplangt d’Sauer ze botzen?

Well aktuell zu Steenem e Säitenaarm vun der Sauer gebotzt gëtt, an et och op anere Plazen ubruecht wier, sou Aarbechten duerchzeféieren, huet den DP-Deputéierten André Bauler nogefrot, op wéi engen anere Plaze geplangt ass d'Sauer ze botzen.

Zu Steenem gëtt de Moment de Säitenaarm vun der Ënnersauer gebotzt. Och zu Méchela an der Gemeng Buerschent gëtt et en änleche Problem. Nom éischten Héichwaasser virun e puer Joer waren d’Sauer an hir Uwänner an dëser Géigend gebotzt ginn, souguer eng Wiss gouf bei dëser Geleeënheet ausgebaggert. Um Wilspull (bei Méchela) gouf och e Säitenaarm ugeluecht an alles ass gebotzt ginn. Vun deenen Aarbechte gesäit een haut net méi vill, well sech no de rezenten Iwwerschwemmunge rëm villes ugesammelt huet, virun allem Gestengs a Sand. Zemools elo nom Summer, wou net vill Waasser an der Uewersauer war, huet sech d’Vegetatioun op dëser Plaz nees entwéckelt.

An deem Kader wollt ech der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Ass geplangt fir änlech Aarbechten zu Méchela, besonnesch um Wilspull, duerchzeféieren?
  • A wat fir enge Gemenge vum Land sollen an Zukunft nach där Aarbechten duerchgefouert ginn?
  • Wat fir eng spezifesch Autorisatioune sinn an deem Zesummenhang all Kéier erfuerdert?
  • Sinn och sou Aarbechten zu Angelduerf „am Al“ virgesinn (Gemeng Ierpeldeng-Sauer)?

Äntwert vun der Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung op d’parlamentaresch Fro n°7142 vum 9. November 2022 vum éierewäerten Deputéierten Här André Bauler iwwert den “Déblaiement de la Sûre”

1. Ass geplangt fir änlech Aarbechten zu Méchela, besonnesch um Wilspull, duerchzeféieren?

Nee, fir den Ament si keng Aarbechten an dësem Kontext zu Méchela geplangt. D’Situatioun vun der Vegetatioun gëtt am A behalen an et gouf d’lescht Joer een Entretien vun der Vegetatioun ënnerhalb vum Wilspull duerchgefouert.

2. A wat fir enge Gemenge vum Land sollen an Zukunft nach där Aarbechten duerchgefouert ginn?

D’Waasserverwaltung (AGE) surveilléiert eng ganz Rei vu kritesche Plazen an de Gewässer, wou sech ëmmer rëm, mat der Zäit oder no engem Héichwaasser Sedimenter usammelen oder sech d’Vegetatioun verbreet.

Dës kritesch Plaze ginn haaptsächlech an oder direkt ënnerhalb vun Uertschafte mat engem potentiellen Héichwaasserrisiko am urbane Raum identifizéiert. Dozou gehéieren och Enkpäss wéi Brécken a kanaliséiert Sektioune vu Gewässer. D’Vegetatioun gëtt op dëse kritesche Plaze reegelméisseg zeréck geschnidden. Bei den Oflagerunge vu Sedimenter gëtt ëmmer de Besoin vun der nächster Interventioun evaluéiert. Dës Aarbechte ginn néideg, fir ee méiglechst fräien Offloss vun engem Héichwaasser ze garantéieren, sou datt et op dëse Plazen net zu enger Verschäerfung vum Héichwaasserrisiko kënnt. Aktuell leeft eng Etüd zu Dikrech, wou virgesinn ass, fir op der Héicht vum Camping Oflagerungen op der Wiss ofzeterrasséieren. Weider Aarbechte vun där Zort si kuerzfristeg net virgesinn.

3. Wat fir eng spezifesch Autorisatioune sinn an deem Zesummenhang all Kéier erfuerdert?

Wat d’Ëmweltlegislatioun ugeet, si fir dës Aarbechten eng Naturschutzgeneemegung an eng Waassergeneemengung erfuerderlech. Soubal op de Grenzgewässer mat Däitschland Aarbechten am Kondominium-Beräich gemaach ginn, sinn och Autorisatioune vun den däitschen Autoritéiten néideg.

4. Sinn och sou Aarbechten zu Angelduerf „am Al“ virgesinn (Gemeng Ierpeldeng-Sauer)?“

Zu Angelduerf “am Al” goufen 2017 Aarbechten an Ofstëmmung mat der Naturverwaltung ëmgesat fir dëse Site a senger Funktioun als Retentiounsraum ze erhalen. Aktuell sinn hei keng weider Aarbechten virgesinn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Dréchent zu Lëtzebuerg

Am Mäerz huet et am Verglach zu de Jore virdrun extrem wéineg gereent sou dat d’Biedem aktuell relativ dréche sinn. Eis Deputéiert André Bauler a Luc Emering hunn nogefrot wéi d’Ministesch d’Lag hei zu Lëtzebuerg aschätzt an op verschidde Kulture Gefor lafe laangfristeg geschiedegt ze ginn.

weiderliesen...

Wéi ass d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ?

Gesond an equilibréiert Iessen dréit noweislech zu engem besseren Heelungsprozess bäi a reduzéiert de Risiko vu Komplikatiounen. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hunn an deem Kontext bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot wéi gutt d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ass, ob virun allem regional Produite verschafft ginn an ob virop bei méi vulnerabele Patienten opgepasst gëtt, datt si genuch iessen.

weiderliesen...

Méi Rechtssécherheet um Aarbechtsgeriicht ?

Wann ee Personalvertrieder, opgrond vu schwéierem Feelverhale suspendéiert gouf, kann een Employeur ufroen den Aarbechtskontrakt geriichtlech opléisen ze loossen, z.B. iwwert eng Demande reconventionnelle. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann gouf awer zougedroen, datt de President vum Aarbechtsgeriicht sech ëmmer nees weigere géifen dës Demanden unzehuelen. Dëst féiert zu Problemer bei der Ausübung vum Aarbechtsgesetz an zu rechtlechen a finanzielle Schwieregkeete fir den Employeur. D’DP-Deputéiert wollten dowéinst vum Aarbechtsminister wëssen, wéi hien den zoustännegen Artikel am Aarbechtsrecht interpretéiert, ob d’Weigerung vum President vum Aarbechtsgeriicht demandes reconventionnelles unzehuelen gesetzeskonform ass an ob eventuell fir méi Rechtssécherheet gesuergt misst ginn.

weiderliesen...