„An der Press goufe mer rezent gewuer, datt zu Maarnech en neien Zenter vun der Kategorie III vum CGDIS entstoe wäert. Dëse soll nieft d’Nationale 7, net wäit ewech vum neie Rond-point gebaut ginn. Och d’Bauverwaltung vu Clierf soll een neien Terrain am Kanton sichen fir hir divers Aktivitéiten z’organiséieren.
An deem Kontext wollt ech folgend Froen un der Här Bauteminister stellen:
- Ass och virgesinn fir den neie Site vun der Bauverwaltung nieft dem geplangte CGDIS zu Maarnech opzemaachen?
- Gouf dofir schonn en Terrain kaaft?
- Gëtt et eventuell en Avant-projet fir dëse staatlechen Zerwiss?“
Réponse
Am Kader vun der Sich no engem Terrain fir d‘Stroossebauverwaltung vu Klierf, ass och de Site vun Maarnech a Betruecht gezunn ginn. Allerdéngs ass d’Fläch net grouss genuch fir och do een Neibau vun der Stroossebauverwaltung kënnen ze realiséieren.
Et gëtt zu dësem Zäitpunkt nach keen Avant-projet vun engem neie Bau fir d’Stroossebauverwaltung am Raum Klierf, well nach no engem gëeegenten Terrain gesicht gëtt.