Nohaltegkeet: Fir eng liewenswäert Zukunft op eisem Planéit
D’DP wäert eise Wuelstand mat enger responsabeler Energie- a Klimapolitik laangfristeg ofsécheren an de Mënsch dobäi an de Mëttelpunkt stellen. Mir wäerten d’Energietransitioun mat massiven Investitiounen- a Subventiounsprogramme méi séier entwéckele wéi bis elo geplangt. Fir datt d’Mënschen an d’Betriber vun enger sécherer a bezuelbarer Energieversuergung profitéiere kënnen.
Den Ausbau vun den erneierbaren Energie wäert fir d’DP an de kommende Joren déi héchst Prioritéit hunn. Duerch massiv Investititioun a Wand- an a Sonnenenergie, an duerch eng Acceleratioun vun den Geneemegunsprozedure fir Energieprojete wäerte mir dofir suergen, datt Lëtzebuerg seng Emissioune falen, datt d’Land seng Klimaziler erreecht a seng Ofhängegkeet vu groussen Energieproduzente reduzéiert.
An dräi Tripartie-Ofkommes hannerenaner huet d’Regierung et mat de Sozialpartner färdeg bruecht, d’Biergerinnen an d’Bierger virun enger Präisexplosioun ze schützen, hir Kafkraaft z’erhalen an d’Kompetitivitéit vun den Entreprisen ze garantéieren. Dank deenen innovativen a couragéierte Léisungen, ewéi dem Energiedeckel, huet d’Regierung bis Enn 2024 fir Planungsécherheet gesuergt an d’Inflatioun mat op den niddregsten Niveau an der EU gedréckt.
Mir wëllen d’Leit mathuelen, an datt si vun de Virdeeler vun der Energietransitioun profitéieren. Duerch d‘Installatioun vu Photovoltaik-Anlagen op de Diecher vun de Gebaier gëtt net nëmme Stroum produzéiert, ma se mécht sech och fir d’Mënsche bezuelt. Klimaschutz bedeit an dësem Fall och eng Stäerkung vun der Kafkraaft.
Fir d’DP ass d’Bekämpfung vum Klimawandel eng éischte Prioritéit. Et geet ëm näischt manner, ewéi eise Kanner a Kandskanner e Planéit ze hannerloossen, op deem et sech och an Zukunft gutt liewe léist. Mir hunn d’Gesellschaft mam Klimarot aktiv um Ausschaffe vun engem nationalen Energie- a Klimaplang bedeelegt.
An de leschte Joren huet d’DP-geféiert Regierung wichteg Weiche gestallt an eng ganz Rei Mesuren ëmgesat, fir datt eist Land net nëmme säi Bäitrag zum Klimaschutz leescht, ma och eng international Virreiderroll iwwerhëlt.
Fir d’DP ass et awer onëmgänglech, fir déi Efforten nach eemol ze verstäerken an d’Dekarboniséierung z’acceleréieren, fir Paräisser Ofkommes ze respektéieren. Mir sinn eis sécher : Klimaschutz kann nëmmen e Succès sinn, wann d’Biergerinnen an d’Bierger mat agebonne ginn an d’Politik op d’Gesellschaft lauschtert, d’Mënschen ënnerstëtzt, Ureizer schaft an Alternativen ubitt.
Klimapolitik ass fir d’DP onzertrennbar mat Sozialpolitik verbonnen. Mir wäerten deemno dofir suergen, datt sech alleguerten d’Biergerinnen an d’Bierger un dëser nohalteger Transitioun bedeelegen a sech fir e klimafrëndleche Liewensstil decidéiere kënnen – onofhängeg vun hirer finanzieller Situatioun.
Eng héich Liewensqualitéit geet fir d’DP Hand an Hand mat engem staarken Ëmweltschutz, dem Erhalt vun der biologescher Villfalt an engem nohaltegen Ëmgang mat eisen natierleche Ressourcen. Fir datt d’Mënsche vun haut a vun den nächste Generatioune vun enger intakter Ëmwelt, vu propperem Waasser a vun enger gesonder Loft, respektiv vun héichwäertege Naturprodukter profitéiere kënnen, wäert d’DP den Erhalt an d’Restauréierung vun natierleche Liewesraim konsquent ënnerstëtzen.
D’Auswierkunge vun der Äerderwäermung sinn och zu Lëtzebuerg ëmmer méi staark ze spieren, sief et duerch Dréchenten an Hëtztperioden oder sief et a Form vu katastrophalen Iwwerschwemmungen, déi grouss Schied hannerloossen. Fir d’DP ass et dofir onëmgänglech, d’Resilienz vu Mënsch an Natur ze stäerken a Mesurë fir d’Upassungen un de Klimawandel entschlossen ëmzesetzen.
En vue vun der Menace vun eiser Ëmwelt duerch Klimawandel, Artestierwen, Landschaftszersiidlung a Budemversigelung, setzt d’DP sech weider fir e staarken Naturschutz an. An engems soll verhënnert ginn, datt laang Prozeduren, ze streng Oploen an eng komplizéiert Bürokratie de Fortschrëtt an anere Beräicher ausbremsen. Naturschutzpolitik dierf keng Verhënnerungspolitik ginn, déi d’Leit als Schikan an als Willkür empfannen.
D’DP setzt sech fir en Ëmweltschutz zesumme mat de Mënschen an, deen Akzeptanz verschaft, Planungssécherheet gëtt a fir séier, kloer, novollzéibar a gerecht Prozedure suergt.
D’DP wäert den integréierten, nationalen Energie- a Klimaplang an déi doranner enthale Mesurë konsquent ëmsetzen, fir sécherzestellen, datt Lëtzebuerg déi national Klimaziler erreecht. Beim Ausschaffe vum aktualiséierte PNEC huet d’DP sech zemol dofir agesat, dass déi nei Engagementer de Critèrë vun der Proportionalitéit entspriechen, d’Bierger net iwwerméisseg belaaschten, an dass si bei allen neie Belaaschtunge vun der Regierung geziilt ënnerstëtzt ginn.
D’DP wäert och an Zukunft dorobber uecht dinn, dass d’Biergerinnen an d’Bierger net virun onverhältnisméisseg grouss Käschte gestallt ginn, déi si net stäipe kënnen. Sou wäert d’DP virun allem op Support setzen a Verbueter just als lescht Mëttel asetzen. Weider wäert d’DP d’Leit bei allen zousätzleche Fraisen duerch finanziell Zouschëss a Subventiounen ënnerstëtzen.
D’DP ass sech doriwwer kloer, datt all Euro, deen net an d’Lutte géint de Klimawandel investéiert gëtt, an Zukunft wäert e Villfacht dovunner kaschten. D’DP wäert dofir massiv investéieren: An den Ausbau vun den erneierbaren Energien an an déi energeetesch Sanéierung vun de Gebaier, ma och an d’Moossnaame fir d’Upassung un d’Äerderwäermung. Fir déi historesch Erausfuerderung ze bewältegen, wäert d’DP – iwwer d’Emissioun vun nohaltegen Obligatiounen – weider Mëttel fir d’Energiewend mobiliséieren.
D’DP wäert och e Biergerfong schafen, den a Projeten am Beräich vun den erneierbaren Energien investéiert. Duerch d’Aspeisung vun dëser Energie an de Stroumreseau, erhalen d’Biergerinnen an d’Bierger, déi sech un deem Fong bedeelegen, eng garantéierte Mindest-Rendement.
D’DP wäert sécherstellen, dass et mam Enn vun de Mesurë vun der leschter Tripartite net zu enger stënterlecher Hausse vun den Energiepräisser kënnt. D’DP wäert déi wirtschaftlech Entwécklung genee am A behalen an eventuell weider Mesurë mat de Sozialpartner huelen, fir d’Kafkraaft vun de Bierger, d’Iwwerliewe vun den am schlëmmste betraffene Betriber ze garantéieren, an domadder Aarbechtsplazen ofzesécheren. Och laangfristeg wäert d’DP sech am Kader vun der energeetescher Transitioun dofir asetzen, datt zemol d’Stroumpräisser bezuelbar bleiwen.
D’DP wäert dofir suergen, datt déi energeetesch Versuergungssécherheet hei am Land zu all Ament garantéiert ass. Dofir wäerte mir d’Integratioun vum europäesche Stroummarché weider ënnerstëtzen, an Energiespäicher investéieren an d’Zesummenaarbecht mat eisen europäesche Partner verdéiwen.
Den Ausbau vun den erneierbaren Energië stellt fir d’DP an duebeler Hisiicht eng Prioritéit duer. Engersäits droe si zu engem gudden Deel zum Erreeche vun den nationale Klimaziler bäi, anerersäits gëtt esou d’Ofhängegkeet vun Energieimporter aus Drëttstaate reduzéiert. D’DP wäert den Ausbau vun den erneierbaren Energien an den nächste Jore maximal acceleréieren, Barrièren an Engpäss (Bottlenecks) identifizéieren an eliminéieren. Mir wëllen däitlech méi séier virukommen, wéi et am Energie- a Klimaplang virgesinn ass, an d’Potential fir déi national Stroumversuergung beschtméiglech ausschöpfen.
D’DP-geféiert Regierung huet am Laf vun den zwou leschte Legislaturperioden e ganzt Arsenal u staatleche Subsiden agefouert, fir d’Bierger bei der energeetescher Sanéierung vu Wunngebaier z’ënnerstëtzen. Z.B. bei der Fërderung vun Insolatioun, bei der Installatioun vu klimafrëndlechen Heizungen oder bei der Entsuergung vu Mazoutstanken.
D’DP wäert de Bilan vum Klimabonus-Programm maachen, d’Hëllefe verlängeren an eventuell do upassen, wou et noutwendeg ass. Mir suergen dofir, dass d’Klima-Agence genuch Ressourcen huet, fir hir Aufgabe bei der Klimaberodung optimal z’erfëllen. D’DP wäert weider reegelméisseg Informatiounsversammlunge maachen, fir d’Wunnengsproprietairen iwwer Fërderungen an iwwer Programmer z’informéieren.
Fir den Accès zu klimafrëndlechen, staatlechen Ënnerstëtzungen ze vereinfachen, a fir ze vermeiden, dass d’Leit duerch héich Investitiounen erféiert ginn an hir Wunnengen net energeetesch sanéieren oder net an den Ausbau vun erneierbaren Energien investéieren, wäert d’DP déi klimatesch Subventiounen aféieren, esou datt d’Bierger just nach hiren Deel bezuelen an net ewéi bis elo mussen iwwer Méint op hir Hëllef waarden. An deem Kontext stellt d’DP sécher, datt och déi betraffen Handwierksbetriber déi ëffentlech Subside séier kréien an net musse méi laang ewéi véier Wochen op déi staatlech Bedeelegung waarden.
Cf. Kapitel Wunnengsbau
D’Prozedur fir d’Autorisatioun vun nohaltegen Energieproduite soll däitlech reduzéiert ginn. Den Ausbau vun den eneierbaren Energien ass eng national Prioritéit an dierf net duerch komplizéiert Prozedure behënnert ginn. Et dauert haut z.B. an der Moyenne siiwe Joer vun der Planificatioun bis zur Realisatioun vun enger Wandmillen; d’DP wëll déi Zäitspann däitlech reduzéieren.
D’DP wëll op all Niveau de Prinzip vun der stillschweigenden Genehmigung aféieren, esoulaang dat méiglech ass; änlech ewéi bei den ugepasste Prozeduren op Gemengenniveau, déi eng stillschweigende Genehmigung fir PV-Anlage virgesinn, wann d’Gemeng net bannent dräi Méint op eng Demande geäntwert huet. Weider wëll d’DP verhënneren, datt bestëmmte Prozeduren a Studië mussen duebel oder dräifach duerchgeféiert ginn. Doriwwer eraus wäert d’DP préiwen, ob PV-Anlagen op private Wunngebaier vun enger obligatorescher Bau-Demande kënne liberéiert ginn.
Den Ausbau vun den erneierbaren Energien ass wärend ville Joren zu Lëtzebuerg nëmme ganz lues virukomm. D’DP wäert an Zukunft massiv Investitiounen an d’Entwécklung vun erneierbaren Energië stiechen. Dobäi ass d’Ëmstellung vu grouss-flächege Projeten an industriellem Mooss, déi effikasste Method, fir Produktiounskapazitéite séier auszebauen.
D’DP wäert d’Propos vum Premierminister séier ëmsetzen, fir op all neit Wunngebai eng Photovoltaik-Anlag opzeriichten. Fir datt alleguerten d’Biergerinnen an d’Bierger kënnen en Deel vun der energeetescher Transitioun ginn, wäert d’DP finanziell méi schwaache Stéit déi Anlage finanzéieren an d’Leit esou vun der nohalteger Stroumproduktioun profitéiere loossen.
D’DP wëll et méiglech maachen, datt Diech vu besteeënde Wunngebaier dem Staat zur Verfügung gestallt ginn, fir do PV-Anlagen z’installéieren an de Proprietaire esou un der nohalteger Stroumproduktion participéieren ze loosssen. D’Anlag gehéiert nom Amortissement dem Proprietaire vum Wunngebai. Eng besonnesch technesch Ënnerstëtzung soll et bei denkmol-geschützte Gebaier oder bei Gebaier a protegéierte Sektere ginn, fir datt och déi Gebaier kënne mat PV-Anlagen equipéiert ginn.
Fir d’DP soll op all nei Industriehal obligatoresch eng PV-Anlag installéiert ginn. Dofir gëtt net nëmmen d’Installatioun vu Solar-Panellen obligatoresch, ma all nei Hal muss esou konzipéiert ginn, datt eng PV-Anlag kann um Dach opgeriicht ginn.
Scho bebaute Fläche mat Photovoltaik z’iwwerdecken, ass fir d’DP déi sënnvollste Manéier fir den Ausbau vun erneierbaren Energien. Esou wäerte mir d’Iwwerdeckung vu Parkinge mat enger gewësser Fläch duerch PV-Anlagen obligatoresch maachen; bei alen a bei neie Parkingen. Dobäi soll der landschaftlecher an urbaner Aglidderung Rechnung gedroe ginn.
D’DP wäert och analyséieren, a wéiwäit grouss PV-Anlage kënne laanscht Autobunnen oder Zuchstrecken opgeriicht ginn. Och d’Iwwerdeckung vu verschiddenen Autobunnstracéë mat Photovoltaik soll iwwerpréift ginn.
D’DP wäert d’Installatioun vu grousse Solar-Parken op fräie Fläche fërderen. Ënnert der Konditioun, datt se mat der landwirtschaftlecher Exploitatioun kompatibel sinn, an der europäescher Landschaftskonventioun entspriechen.
Kleng Solaranlagen, déi kënne mam Stecker un de Stroumresau ugeschloss ginn, sinn zwar keeng Ersatz fir eng PV-Anlag um Dach, ma si kënnen awer e Plus duerstellen, wann normal Anlagen net kënnen installéiert ginn. D’DP wäert déi sougenannte Balcons-Kraaftwierker fërderen an hiren Asaz erliichteren.
D’DP wäert déi staatlech Fërderung esou ausriichten, datt besonnesch den Eegeverbrauch vun nohalteg produzéierter Energie gefërdert gëtt.
Den Zesummeschloss vun energeetesche Kooperativen ass besonnesch interessant fir Bierger, déi keng eege PV-Anlagen opriichten, an esou awer vun de Virdeeler vun der Energiewend profitéiere kënnen. Mir wëllen d’Biergerinnen an d’Bierger spezifesch iwwert déi Méiglechkeeten informéieren an den interesséierte Leit mat Rot an Dot zur Säit stoen.
Besonnesch am dicht bebauten, urbane Raum sinn d’Fernwärme-Netzer dacks déi besser Alternativ zu eenzelen, klasseschen Heizungen, well se vill méi bëlleg an effikass funktionéieren. Zemol am Gebrauch sinn d’Fernwärme-Reseauen eng gutt Alternativ fir klima-neutral ze hëtzen. Extra nohalteg ass et, wann d’Netz mat Rescht-Hëtzt aus der Industrie oder aus enger Kläranlag gespeist gëtt. D’DP wäert den Ausbau vu Fernwärme-Netzer an den individuellen Uschloss fërderen, an iwwerpréift d’Ariichtung vun enger nationaler Gesellschaft fir de Besëtz an d’Installatioun vu Fernwärme-Reseauen an Aklang mat dem Konkurrenzrecht ze bréngen.
D’Hëtzt aus der Industrie, aus Kläranlangen asw. kann net nëmme fir d’Fernwärme-Netzer profitéiert ginn, ma och fir d’Energieproduktioun. D’DP wëll dat Potenzial konsequent notzen – bei besteeënden a bei neie Projeten.
D’Geothermie ass eng zu Lëtzebuerg wéineg genotzte Méiglechkeet, fir Gebaier ze hëtzen; d’Potenzial ass awer grouss. D’DP wäert déi Technologie vun der Zukunft weider fërderen a kucken, wéi Barrièren, déi den Asaz vun der Geothermie behënneren, kënnen aus dem Wee geraumt ginn.
D’DP ass dovunner iwwerzeegt, datt de Carbon-Späicher Holz nëmmen ausnaamsweis soll als Brennstoff genotzt ginn. Och wann d’Verbrenne vun Holz méi nohalteg, wéi dee vun anere fossiile Brennstoffer, wäerte mir esou weider Kuelestoff a renge Stëpps fräisetzen, wat mer musse mat alle Mëttel verhënneren. Esou wäert d’DPHolzhackschnëtzelanlagen an Palletsheizunge just dann autoriséieren, wann et keng méi nohalteg a gläichwäerteg Alternative gëtt.
De Staat soll senger Virbildfunktioun beim Klimaschutz kloer gerecht ginn an e Beispill sinn. Esou huet d’Regierung beispillsweis op Initiativ vum Premier decidéiert, d’Emissioune vun alle staatleche Vollen ze kompenséieren.
D’DP steet dofir an, fir eng Photovoltaik-Anlag op alle staatleche Gebaier z’installéieren, wann dat méiglech ass. Och déi energeetesch Sanéierung vun de staatleche Gebaier soll acceleréiert ginn, fir d’Zil vun der Klimaneutralitéit vun de staatlechen Administratioune bis 2040 z’erreechen.
Déi ëmweltfrëndlechsten Energie ass déi, déi net gebraucht gëtt. D’DP wäert kucken, wéi eng Energiespuer-Mesurë vum leschte Wanter kënne permanent bäibehale ginn, fir de Stroum- an de Gasverbrauch an den ëffentleche Gebaier op Dauer ze reduzéieren. Weider wäert d’DP d’Energieffizienz vun den ëffentlechen Infrastrukture verbesseren, andeem z.B. systematesch LED-Luuchten agesat ginn.
Net nëmmen de Staat, och d’Gemengen hunn eng extra Virbildfunktioun beim Klimaschutz. D’DP wäert d’Gemenge supportéieren, fir ambitionéiert Klimaschutzmesuren op lokalem Plang ëmzesetzen. Deen an der leschter Legislaturperiod ageféierte Pacte Logement 2.0, ass e wichtegt Instrument an deem Kontext, dat muss kontinuéierlech ausgebaut a verbessert ginn. D’DP wëll d’Gemengen ënnerstëtzen, fir eng Strategie zu der kompletter Klimaneutralitéit – mat Stéchdatum – z’entwéckelen an ëmzesetzen.
D’DP wäert dofir suergen, datt den Ausbau vun der Wandkraaft am Dialog mat de Bierger geschitt, fir esou d’Akzeptanz vun deene Projeten z’erhéijen. D’Bierger sollen och d’Méiglechkeet kréien, fir Parte vun deenen Anlagen ze kafen an esou direkt dovunner ze profitéieren.
Änlech ewéi de bestoende Solar-Kadaster, wëll d’DP een ëffentlechen, nationale Wand-Atlas publizéieren, deen d’Potenzial vun der Wandenergie zu Lëtzebuerg kloer duerstelle soll.
Trotz den héijen Ambitiounen, sinn d’Produktiounskapazitéiten a Saachen erneierbar Energien um nationalen Territoire begrenzt. Lëtzebuerg wäert och an Zukunft net ganz energie-autark sinn, ma op eng déifgräifend energeetesch Zesummenaarbecht mat eisen europäesche Partner ugewise sinn. Esou ass et ënnert anerem essentiell fir eis Versuergungssécherheet, datt Lëtzebuerg sech u gemeinsame Projete bedeelegt – z.B. u groussen Offshore-Wandparken. Dofir huet d’DP-geféiert Regierung ënnert anerem dofir gesuergt, datt eis Land sech um Nordséi-Sommet bedeelegt huet – als eenzegt Land, dat net un der Nordséi läit. Zil vun dem Treffe wor et, fir d’Wandkraaft aus der Nordséi an Zukunft massiv auszebauen.
D’DP wäert weider a Projeten am Beräich vun den erneierbaren Energien am Ausland investéieren – an Offshore-Wandparken, a Photovoltaik-Anlagen a Südeuropa an an d‘Produktioun vu klima-neutralem Waasserstoff.
D’Demande no Waasserstoff wäert an Zukunft an alle Beräicher dramatesch an d’Luucht goen. Well d’Potenzial fir hei am Land Waasserstoff ze produzéiere begrenzt ass, wäert Lëtzebuerg sech finanziell u groussen internatinale Waasserstoffprojete bedeelegen, fir d’Versuergungssécherheet ze garantéieren. Dozou gehéiert och d’Ubannung un die europäesch Pipeline-Infrastruktur.
D’Elektrifikatioun vun ëmmer méi Beräicher an déi steigend Dezentraliséierung vun der Stroumversuergung stellen d’Stroum-Netzer viru gewëssen Erausfuerderungen. D’DP wäert dat Netz dofir konsequent zu engem perfomante Smart Grid ausbauen, dat den Ufuerderunge vun der energeetescher Transitioun gerecht gëtt. Esou soll verhënnert ginn, datt Projete wéinst enger ze schwaacher Netz-Leeschtung net kënnen ëmgesat ginn.
Donieft wäert d’DP verschidde Finanzéierungsmodeller analyséieren, fir ze verhënneren, datt d’Käschte vun den Netzer beim Endverbraucher explodéieren an d’Bierger esou iwwerproportional an zousätzlech belaascht ginn.
Wéinst der Variabilitéit vun den erneierbaren Energie, spille Stroumspäicher eng ëmmer méi wichteg Roll. D’DP wäert national Pilot-Projeten an d’Weeër leeden an d’Aféierung vun engem Subsid fir lokal Späicher (z.B. eng Powerwall a Wunngebaier oder an der Noperschaft, fir autonom produzéierte Stroum ze späichern) z’analyséieren.
Egal ob eng direkt Elektrifizéierung, Waasserstoff oder E-Fuelen: All Technologie huet fir d’DP hire spezifesche Wäert. Klima- an Energiepolitik soll technologie-neutral sinn, sech u wëssenschaftlechen Erkentnissen orientéieren an déi sënnvollsten Technologie fir eng bestëmmten Applikatioun fërderen.
D’DP ass kloer der Meenung, datt den Ausbau vun der Nuklear-Energie net d’Léisung fir d’Bewältegung vun der Klimakris a fir d’Erreeche vun de Klimaziler bis 2030 ass. D’DP ass dofir géint de Bau vu weideren Atomkraftwierker a géint d’Klassifikatioun vun Atomstroum als nohalteg. Am Interessi vun der nationaler Sécherheet, wëll d’DP sech och weider dofir asetzen, datt d’Zentral vu Cattenom direkt zougemaach gëtt. D’DP wëll mat der franséischer Regierung Projeten am Beräich vun den erneierbaren Energien ausbauen, déi fir Aarbechtsplazen an der Regioun suergen an eng Incitatioun fir den Ausstig aus der Atomenergie duerstellen.
Cf. Kapitel Finanzplaz
D’DP setzt sech fir eng gemeinsam Klimapolitik mat de Biergerinnen a Bierger an, déi d’Leit bei alle wichtegen Entscheedunge mat abënnt. An eisen Ae kann d’Bekämpfung vum Klimawandel nëmmen da glécken, wann d’Gesellschaft déi verschidde Mesuren och matdréit an hannert der Klimapolitik steet. Dofir huet d’DP an der leschter Legislaturperiod en eenzegaartegen, partizipative Projet mam Klima-Biergerrot (KBR) an d’Liewe geruff, fir der Gesellschaft eng Stëmm bei der Upassung vum integréierten, nationalen Energie- a Klimaplang ze ginn.
D’DP huet sech vun Ufank un dofir agesat, datt de Proposë vum KBR Rechnung gedroen a méiglechst vill dovunner an déi aktualiséiert Versioun vum Klimaplang integréiert gëtt. Et ass eis wichteg, de Bilan vun deem Projet ze zéien an d‘Organisatioun fir weider änlech Projeten ze verbesseren.
D’Lutte géint d’Klimakris betrëfft eis alleguerten. All Bierger soll en Deel vun der energeetescher Transitioun ginn a säi Bäitrag leeschten. D’DP wëll dofir méi e staarkt Bewosstsi fir déi Erausfuerderung schafen, virun däer d’Mënscheet steet, an d’Leit dozou beweegen, sech bewosst fir klimafrëndlech Alternativen z’entscheeden: Dat soll duerch reegelméisseg Sensibiliséierungs-Campagnë geschéien. Esou gesäit z.B. déi ënnert der Responsabilitéit vum DP-Minister fir Kommunikatioun a Medien ausgeschafften nei Konventioun mam Radio 100,7 explizit eng ausféierlech Couverture iwwert de Klimawandel als ëffentlechen Optrag vir.
Doriwwer eraus sollen d’Ëmweltbildung an d’Bildung fir eng nohalteg Entwécklung (BNE) e feste Bestanddeel vum Léierplang an de Grondschoulen an am Secondaire ginn. Déi Bildungsusätz sollen d’Kanner esou fréi ewéi méiglech an duerch eng entspriechend Wëssensvermëttlung zu engem responsabelen Ëmgang mat der Ëmwelt a mat den natierleche Ressourcen ureegen.
D’DP wäert de ganzen ëffentleche Persounen-Noverkéier bis 2030 klimaneutral gestalten an dofir suergen, datt all Bierger kann op eng emissiounsfräi Mobilitéit ëmklammen. Konkret wäert d’DP d’Subside beim Kaf vun engem Elektroauto weiderlaafe loossen, eventuell erhéijen a méi staark sozial strukturéieren. Fir Leit, déi sech trotz staatlecher Hëllef keen Elektroauto leeschte kënnen, wäert e soziale Leasing agefouert ginn.
D’DP wäert de Reseau vun den ëffentleche Luedstatioune konsquent ausbauen, privat Luedstatioune weider fërderen, an d‘Installatioun a Wunngebidder erliichteren, andeems d’Proprietairen dat an Zukunft net ouni gudde Gronn refuséiere kënnen.
Cf. Kapitel Steierpolitik
Den Tanktourismus representéiert e groussen Deel vun de Lëtzebuerger CO2-Emissiounen. Fir déi national Klimaziler z’erreechen, musse mir Schrack fir Schrack aus dem Tanktourismus erausklammen. D’DP wäert an engems Weeër sichen, fir déi verluere Recetten aus dem Tanktourismus ze kompenséieren.
Am Kader vun der Aféierung vun der CO2-Steier hat d’DP-geféiert Regierung e Steierkredit fir Salariéen, Pensionären a Selbststänneger agefouert, déi di zousätzlech Belaaschtung – besonnesch vu sozial benodeelegte Stéit – ganz ausgläicht. D’DP wäert och an Zukunft dofir suergen, datt d’Recetten aus dem Tanktourismus zeréck un d’Biergerinnen an d’Bierger ginn. Sief et direkt iwwer sozial Leeschtungen oder indirekt duerch staatlech Zouschëss fir nohalteg Projeten, ewéi z.B. fir déi energeetesch Sanéierung. All kommend Erhéijung vun der CO2-Steier wäert deemno eng Ënnerstëtzung fir akommesschwaach Stéit mat sech bréngen.
A verschiddene Wirtschaftsberäicher ass d’Opfänken, d’Späicheren an de Gebrauch vu Kuelestoff déi méi sënnvoll Alternativ zu enger kompletter Dekarboniséierung. D’DP wëll deemno Projeten am Beräich CCSU fërderen, wa se de strenge Critèren entspriechen; z.B. duerch eng däitlech besser Käschteneffizienz am Verglach zu soss Prozesser.
D’DP wäert eng ëmfaassend Analys vun de méiglechen Auswierkunge vum Klimawandel op eis Gesellschaft an alle Beräicher maachen an d’Strategie zur Upassung un de Klimawandel aktualiséieren. Dobäi wäert d’DP net nëmme konkret Mesuren ausschaffen, ma och déi néideg finanziell Mëttel mobiliséieren, fir déi Moossnaame méiglechst séier ëmzesetzen. Dobäi muss d’Resilienz vun eiser Gesellschaft a vun eiser Ëmwelt gestäerkt ginn; e.a. duerch d’Upassung vun den natierlechen a mënschleche Liewensraim, duerch de Schutz vu kriteschen Infrastrukturen an duerch d’Stäerkung vun der ëffentlecher Gesondheet.
Dobäi soll de Szenario vum worst case vun enger ongebremster Äerderwäermung a Betruecht gezunn, an deementspriechend Virbereedunge getraff ginn.
Déi beschte Protektioun géint Iwwerschwemmungen ass et, fir dem Waasser genuch Plaz ze ginn, fir sech bei staarkem Reen do auszebreeeden, wou et am mannste Schued mécht, also baussent den Uertschaften. D’DP wäert dofir suergen, datt alleguerten d’Waasserleef uechter d’Land méiglechst renaturéiert ginn. Schon entaméiert Projete solle séier ëmgesat ginn.
An deem Kontext wäert d’DP och dofir suergen, datt Wierer ouni praktesche Notzen, ënnert Berücksichtegung vum Denkmalschutz, zeréckgebaut ginn.
D’Repercussioune vun der Klimakris sinn haut am globale Süden am meeschten ze spieren. De Klimawandel bedreet a groussen Deeler vun der Welt d’Liewesgrondlage vun de Mënschen an zwéngt si dozou, hir Heemecht ze verloossen. D’DP wäert déi international Zesummenaarbecht mat de Lëtzebuerger Partnerlänner verdéiwen a si bei der Energiewend a bei der Upassung un de Klimawandel ënnerstëtzen. Fir d’DP ass et wichteg, de Mënsche e würdegt Liewen an hire Länner ze garantéieren an hir Resilienz en vue vun de wuessenden Ëmweltrisiken ze stäerken.
Cf. Kapitel Finanzplaz
D’DP setzt sech fir e staarke legal Kader an, deen déi natierlech Ëmwelt an engem héije Mooss garantéiert. Allerdéngs bremse laangwiereg op opwenneg Prozeduren den Ament e séiert Virukommen an anere genee esou wichtege Beräicher, wéi dem Ausbau vun den erneierbaren Energien oder dem Schafe vun zousätzlechem Wunnraum. Donieft huet d’Interpretatioun vum Naturschutzgesetz déi lescht Jore fir vill Verdross bei esou munnechem Bierger gesuergt.
D’DP steet fir en ambitionéierten, awer verhältnisméissegen an novollzéibaren Ëmweltschutz, zesumme mat de Biergerinnen a Bierger. Ouni déi Akzeptanz vun der Populatioun kann de Schutz vun eise Liewensraim a vun eiser Arteviilfalt net glécken. D’DP wäert déi verschidde Gesetztexter genee préiwen, si wäert d’Prozedure méi schlank a méi effikass maachen, den double emploi evitéieren an iwwerflësseg Oploen ofschafen. Fir eis soll et an Zukunft keng gro Zonen oder keen Interpretatiounsspillraum bei der Ëmweltlegislatioun ginn, deen eng potentiell willkürlech Ausleeung vun Texter begënschtegt. Dofir solle kloer, transparent a fir jiddereen novollzéibar Critèrë gëllen, wéi eng Aarbechten ënnert wéi enge Konditioune kënne wou duerchgeféiert ginn.
Esou wäert d’DP dofir suergen, datt Mesurë fir eng energeetesch Sanéierung a fir d’Installatioun vu PV-Anlagen op Gebaier an enger Gréngzon, kënnen ouni Autorisatioun vum zoustännege Ministère duerchgeféiert ginn. Och méi kleng Aarbechten, déi keng Vergréisserung vun der Wunnfläch mat sech zéien, sollen ouni groussen administrativen Opwand méiglech sinn. Ausserdeem wäert d’DP d’Konzept vun der Natur op Zäit ëmsetzen, dat Landbesëtzer vun der Kompenséierungsflicht fir op Bauland entstane Biotopen entbënnt. Och d’Critèrë fir de Bau oder d’Vergréisserung vu landwirtschaftleche Gebaier an der Gréngzon solle vereinfacht ginn a méiglechst pragmatesch an novollzéibar sinn.
D’Kompenséierungsmoossnaame fir d’Zerstéierung vun natierlechem Liewensraum dierfen dem Naturschutzgesetz no net just op de staatlechen Terrains-Fongen duerchgefouert ginn. D’DP wäert d’Effikassitéit vum System bewäerten; esouwuel wat d’Effizienz betrëfft, ma och wat de bürokrateschen Opwand fir déi betraffen Acteuren ugeet.
Donieft wäert d’DP Kompensatiounsmesuren och op privatem Buedem ënner gewësse Konditiounen erlaben, wann den ökologesche Notze vun de Moossnaame garantéiert ass.
Schliisslech wëll d’DP klore Critèrë schafen, déi et erlaben, datt d’Ëmsetzung vun ëmweltfrëndleche Mesuren am Kader vun engem neie Projet, mat an d’Berechnung vun den Ökopunkte fléissen.
Am Sënn vun enger méi staarker Upassung un de Klimawandel a fir e bessert Wuelbefanne vun de Biergerinnen a Bierger, wäert d’DP fir méi Natur an eisen Uertschaften a Stied suergen. Esou wäerte mir bei allen ëffentleche Gebaier a Plaze op eng adapétiert Beplanzung uecht dinn – sief dat op den Diech, un de Fassaden oder um Buedem. Weider wëll d’DP an Zukunft bei all de staatleche Bauprojeten d’Buedemversigelung op e Minimum reduzéieren a kucken, ob scho bebaute Flächen a staatlecher Hand kënnen entsigelt ginn.
D’DP wäert awer och dofir suergen, datt Gemengen ënnerstëtzt ginn, déi Gréngflächen a Beem an hir Uertschaften a Quartiere bréngen a fir weider Mesurë fir d’Stäerkung vun der Biodiversitéit – wéi z.B. d’Fërderung vu Gemeinschaftsgäert an urban farming – suergen. Dofir wäert d’DP e Bilan vum wärend der leschter Legislaturperiod mat de Gemenge geschaffenen Naturpakt zéien, an eventuell upassen. Esou wäerte mir z.B. Mesuren zur Entsigelung vu Flächen oder zum Réckbau vu Schottergäert ënnerstëtzen.
Wärend Kompensatiounsmesurë just eng Reaktioun op eng viregt Zerstéierung vun der Natur duerstellen, wäert d’DP proaktiv Moossnaamen ausschaffen an ëmsetzen, déi eis Ökosystemer stäerken an renaturéieren. Dozu zielen z.B. d’Ausschaffen an d’Ëmsetze vun enger aktiver Opforstungs-Strategie, déi ökologesch wäertvoll Liewensraim duerstellen (Streuobstwiesen oder Renaturéierung resp. Reaktivéierung vu Liewensraim als natierleche Kuelestoffspäicher; besonnesch Fiichtgebidder a Moueren).
D’DP wäert iwwerdeems Kooperatiounen am Ausland ofschléissen a Projeten ënnerstëtzen, déi och d’Renaturéierung an d’Retabléierung vun Ökosystemer als Zil hunn.
D’DP wäert déi ablacklech Efforte fir den Erhalt vun eise Bëscher an d’Upassung un de Klimawandel, zesumme mat de Bësch-Proprietairen a mat den Ëmweltorganisatiounen, intensivéieren, fir sécher ze goen, datt eis Bëscher och an Zukunft hir wichteg Funktioun als Liewensraum, als Kulestoffspäicher an als Erhuelungsgebidd erfëlle kënnen.
D’DP wäert déi an dëser Legislaturperiod entaméiert Reform vum Gesetz iwwer eis Bëscher ofschléissen. Zil ass et, fir e wierksame Schutz vum Bësch ze garantéieren a fir eng nohalteg, wirtschaftlech Notzung, am Respekt mat de Eegentumsrechter vun de Privatbësch-Besëtzer, sécherzestellen.
D’DP wäert sech och fir déi lokal Verwäertung vum lokalen Holz asetzen, amplaz Holz vu wäit ewech z’importéieren.
Verschidden Ökosystemer spillen eng essentiell Roll fir eis Ëmwelt; dovunner profitéieren och d’Mënschen. Esou späicheren eis Moueren a Fiichtgebidder z.B. vill Carbon. Fir privat Bëschbesëtzer gëtt et schonn Ënnerstëtzung fir d’Fërderung vun engem nohaltege Bësch-Management. D’DP wäert en änleche Programm schafen, dee Privat-Proprietairen dozou encouragéiert, z.B. Mersurë fir d’Stäerkung vun der Biodiversitéit oder fir organesche Kuelestoff op hirem Grond a Buedem ze bannen: Ënnert der Konditioun, datt eng Mindest-Fläch an eng Mindest-Zäit fir d’Realisatioun berécksiichtegt ginn.
Den aktive Schutz vun eisem Buedem ass eng absolut Prioritéit vum Naturschutz. D’DP wäert net nëmme verhënneren, datt sech den Zoustand vun eisem Buedem verschlechtert, ma och kontaminéierte Buedem sanéieren. Doriwwer eraus musse mir d’Buedem-Erosioun stoppen, wat och e wichteg Bäitrag zum Klima- a Katastropheschutz duerstellt. Dofir wäert d’DP en adäquate gesetzleche Kader fir de Buedemschutz schafen, an deem och déi illegal Verknaschtung vum ëffentleche Raum (Littering) soll mat héijen Amendë bestrooft ginn.
D’DP wäert den Ausbau vun engem flächendeckende Reseau vu biologesche Statioune fërderen an déi scho bestoend ausbauen, fir um Enn d’ganz Land ofzedecken. Zesumme mat de concernéierten Acteuren (Awunner, Baueren, Gemengen, Gemengesyndikater, Natur- a Forstverwaltung an Naturschutz-Organisatiounen) solle konkret Mesurë fir de Schutz vun der Natur ausgeschafft an ëmgesat ginn.
D’Gesetz iwwert de Remembrement muss der Realitéit ugepasst ginn. D’DP wäert dofir en neit Gesetz déponéieren, fir de Remembrement mat de betraffene Kreesser ze moderniséieren. Dat neit Gesetz soll d’Produktivitéit vun der Land-, der Waasser- an der Forst-Wirtschaft an och vum Wäibau verbesseren. Dobäi soll déi nohalteg Notzung vum Buedem Prioritéit hunn.
Cf. Kapital Landwirtschaft
De Klimawandel, déi laang Dréchenten an onreegelméissege Reen beaflossen ëmmer méi den Niveau vun eisem Grondwaasser. Fir datt et net zu Konflikter ëm d’Waasser kënnt, ass et essentiell, datt mir intelligent an nohalteg mat dëser liewensnoutwendeger Ressource ëmginn. Dozou gehéiert eng aktiv Sensibiliséierungspolitik, d’Fërderung vu Spuermesuren an d’Mobiliséierung vu bis elo ongenotzte Waassersourcen.
D’DP-geféiert Regierung huet déi lescht zwou Legislaturperioden eng Hellewull un neien Drénkwaasser-Schutzzonen ausgewisen, esou datt ronn 90 Prozent vun de Quellen hei am Land protegéiert sinn. D’DP wäert dofir suergen, dat och déi aner 10 Prozent an engem gemeisamen Effort geschützt ginn. Weider sollen d’Mesuren an deene Schutzzonen evaluéiert, an op hir Nohaltegkeet hin iwwerpréift ginn.
D’DP wäert d’Reewaasser vill méi staark wéi bis elo als Alternativ zum Drénkwaasser fir Planzen a Santiäranlagen notzen. Mir wäerten d’Notze vu Reewaasser bei allen neie Wunngebaier obligatoresch maachen an och déi deementspriechend Subsiden upassen. Mir wëllen och analyséieren, wéi wäit de Gebrauch vu Growaasser kann an Zukunft verbessert ginn.
Mat der Entwécklung vum Geméis- an Uebst-Ubau wäert d’Waasser-Consommatioun och an der Landwirtschaft weider an d’Luucht goen. Dofir wäert d’DP Subside beim Opriichte vun Zettären aféieren, wann déi an der Landwirtschaft genotzt ginn. Am Kader vum Waasserdësch – un deeem Vertrieder aus der Regierung an aus der Landwirtschaft sëtzen – wäert d’DP weider no Léisunge sichen, fir ë.a. en nationale Bewässerungsplang fir d’Landwirtschaft auszeschaffen.
Schliisslech wäert d’DP Projete fir grouss (ënnerierdesch) Waassersammel-Becken ënnerstëtzen, an déi d’Waasser bei staarkem Reen offléisse kann an esou Iwwerschwemmunge kënne verhënnert ginn. Déi Reservoirë kënnen dann och an Dréche-Periode fir d’Bewässerung profitéiert ginn.
D’DP wäert dofir suergen, datt d’Veruersaacher vu Waasserverschmotzung (duerch Chantieren, illegal Offallentsuergung oder duerch Betriber) méi staark responsabiliséiert ginn. Konkret wäert d’DP d’Kompetenze vun den Agente vum Waasserwirtschaftsamt erweideren, esou datt si kënnen Avertisssementer schreiwen. Weider wäert d’DP d’Waasserwirschaftsamt personell opstocken, d’Stroofe bei Waasserverschmotzungen erhéijen an eng digital Plattform mat enger Report-it-Funktioun schafen, wou d’Leit kënne Verschmotzungen direkt mat enger Foto mellen.
E flächendeckend Netz vu modernste Kläranlagen ass onbedéngt noutwendeg, fir en optimale Gewässerschutz ze garantéieren. D’DP wäert d’Ofwaassersyndikater ënnerstëtzen, fir d’Kläranlagen am Land auszebauen, fir dem Zouwues vun der Populatioun Rechnung ze droen, a fir déi Anlage mat enger véierter Klärstuf z’equipéieren, déi Mikroschuedstoffer (Mikroplastik, Medikamenter oder Planzeschutzmëttel) erausfiltert. Dofir wäert d’DP de Support fir de Bau an d’Moderniséierung vu Kläranlagen upassen an déi staatlech Bedeelegung erhéijen.
Zanter dem franséischen Importstopp fir Klärschlamm ass eng national Léisung vun der Entsuergung onëmgänglech ginn. D’DP ënnerstëtzt de Plang, fir eng national Verbrennungsanlag mat Phosphor-Recyclage opzeriichten a wäert sech dofir asetzen, datt dat séier geschitt.
D’DP wäert, zesumme mat de betraffenen Akteuren, d’Fëschereigesetz am Fong moderniséieren. Besonnesch d’Opdeelung, d’Verdeelung an d’Verwaltung vun de Fëschereilouse soll der heiteger Zäit ugepasst ginn.
An den Ae vun der DP kënnt der Juegd eng zentral Bedeitung beim Naturschutz zou; allgemeng, a méi spezifesch bei der Reguléierung vun de Wëldbestänn a bei der Präventioun vu Wëldschued. D’DP wëll dofir d’Zesummenaarbecht mat de Jeeër stäerken a si am Kader vun Aarbechtsgruppe bei alle wichtege Froe mat abannen.
Esou wäert d’DP mat de Jeeër gemeinsam Léisunge sichen, fir déi duerch mëll Wanteren an duerch eng Fudder-Offer iwwer d’ganz Joer explodéierend Wëldbestänn besser an de Grëff ze kréien. D’DP wäert dofir analyséieren, a wéi wäit d‘Juegd mat Nachtsicht-Brëller a mat enger méi grousser Juegdzäit kéinten de Bestand verklengeren hëllefen.
Vill Leit wëssen net, wat se musse bei engem Verkéiersaccident mat Wëld maachen. Haut muss an esou engem Fall d’Police geruff ginn, wat déi awer onnéideg belaascht. D’DP wëll eng Hotline ariichten, déi vun der Natur- a Forstverwaltung an Zesummenaarbecht mat de Jeeër geréiert gëtt, an déi sech ëm déi Saache bekëmmert.
Amplaz wäertvoll Ressourcen z’entsuergen, wëll d’DP déi esou laang ewéi méiglech am Kreeslaf behalen an nei verwäerten. D’DP setzt dobäi op eng kloer Offall-Hierarchie: reduce, reuse, recycle – Offallvermeidung, Reutilisatioun a Recycling; d’Entsuergung soll déi leschten Optioun sinn.
Mat der Strategie Null Offall Lëtzebuerg a mam neie Gesetzpak iwwer d’Offallwirtschaft huet d’DP-geféiert Regierung an der leschter Legislaturperiod scho wichteg Akzenter an deem Beräich gesat. Esou ginn Einwegbecheren, -telleren a -geschier bei ëffentleche Fester an an der Gastronomie alleguer duerch re-utilisabel Alternativen ersat. De Verpackungoffall gëtt reduzéiert an d’Produzente vun Einweg-Verpackungen a -Produkter gi méi responsabiliséiert.
D’DP wäert d’Ëmsetze vun dëse Gesetztexter genee am A behalen, d’Effikassitéit ënnersichen an de gesetzleche Kader upassen, fir um Enn e Material-Kreeslaf unzestriewen. D’DP wëll mëttelfristeg all Einweg verhënneren an dofir suergen, datt nëmmen nach recycléierbar Produkter op de Maart kommen (esou wäit méiglech). Dofir wëlle mir op EU-Niveau de System fir consignéiert Verpackungen ausbauen. Esou sollen nach virun 2030 alleguerten d’Konschtstoffverpackungen esou gestalt sinn, datt si kënne recycelt ginn. Weider wëll d’DP d’Aféierung vun engem Verbuet fir Betriber op de Leescht huelen, deen et verbidd, fir net verkaafte Wuer ze zerstéieren.
Doriwwer eraus solle staatlech Fërderprogrammer fir betrieblech Investitiounen am Beräich vun der Kreeslafwirtschaft gestäerkt ginn. D’DP wäert och de Prinzip vun der Kreeslafwirtschaft bei ëffentleche Soumissioune festschreiwen, fir z.B. eng zirkulär Bauweis ze fërderen. D’DP wäert besonnesch op d’Begleetprogrammer fir mëttelstännesch Betriber uecht dinn, fir datt si och an dëse Marchéë kënne Fouss faassen.
D’DP wäert sech op EU-Niveau fir e Verbuet vun der geplangter Obsoleszenz ausschwätzen, mat deem d’Liewensdauer vun engem Produit express ageschränkt gëtt. Mir wëllen och, datt d’Produkter vun Ufank un esou konzipéiert sinn, datt se kënne reparéiert a recycléiert ginn.
D’DP setzt sech fir eng Online-Offallberodung fir d’Biergerinnen an d’Bierger an. Déi Berodung soll iwwer d’Méiglechkeete vun der Offall-Vermeidung, de Recyclage vu Wäertstoffer, d’Nouwendegkeet vum richtegen Sortéieren an déi uerdnungsméiss Offallentsuergung informéieren. D’Online-Offallberodung soll déi vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung entwéckelt App Mäin Offall ofléisen, déi net an all de Gemenge funktionéiert, an d’Populatioun beim Recyclage ënnerstëtzen.
Cf. Kapitel Konsumenteschutz
D’DP wäert d’Virbildfunktioun vum Staat a Saachen Nohaltegkeet méi staark behäerzegen ewéi bis elo an déi staatlech Verwaltungen zum Exempel an deem Beräich maachen. Esou sollen déi ëffentlech Gebaier an Zukunft ganz no de Prinzippie vun der Kreeslafgesellschaft geplangt ginn, esou datt si als Materialreserve funktionéiere kënnen an d’Baustoffer méi spéit kënne recycléiert ginn.
Dobäi sollen dat nohaltegt Material d’Präferenz kréien. Weider sollen d’Installatioun vu Reewaasseranlagen, Photovoltaik-Anlagen an d’Mesurë fir d’Begréngung vu Fassaden oder Diech zum Standard ginn.
Ëffentlech Ausschreiwunge sinn eng wichteg Méiglechkeet fir de Staat, fir Akzenter a Saachen Nohaltegkeet ze setzen. D’DP wäert bei ëffentlechen Ausschreiwunge beschtméiglech ëmweltschounend, klimafrëndlech a kreeslafwirtschaftlech Critèrë berücksichtegen. Dofir gëtt och e Cahier des charges als Modell fir ëffentlech Träger an Ariichtungen ausgeschafft.
Permanente Kaméidi, ë.a. duerch Stroossen-, Fliiger- oder Zuch-Kaméidi ass eng grouss Belaaschtung fir d’Wuelbefannen an d’Gesondheet vun de Mënschen. An de leschte Joren ass den Traffic op eise Stroossen, op der Schinn an um Flughafen ëmmer méi grouss ginn; an domadder och de Kaméidi. D’DP wäert déi aktuell Grenzwäerter an Aktiounspläng iwwerpréiwen a besonnesch de Schutz géint de Kaméidi a Wunngebidder stäerken.
De Manktem u Bauschuttdeponien uechter d’Land ass zanter Joren e grousse Problem fir de Bau. Camione mussen deels ganz wäit fueren, fir de Schutt ofzelueden. Dat kascht Zäit a generéiert zousätzleche Stroossentraffic. Dofir sollen zousätzlech Deponië geschafe ginn. D’DP wäert sech och dofir asetzen, datt an der Constructioun esou wéineg ewéi méiglech Buedem ausgegruewe gëtt.