Net genuch Bauschuttdeponien – an elo ?

D’Problematik vum Manktem u Bauschuttdeponien zu Lëtzebuerg ass zënter laangem bekannt. D’Konsequenze si laang Weeër fir d’Camioen, eng vergréissert Belaaschtung fir d’Ëmwelt, a méi Käschte fir d’Endclienten. Gëtt et Pläng fir d’Zukunft a wéi wëll een der Situatioun Meeschter ginn. Eisen Deputéierte Max Hahn huet beim zoustännege Ministère nogefrot.

„D’Problematik vum Manktem u Bauschuttdeponien zu Lëtzebuerg ass zënter laangem bekannt. Déi aktuell begrenzt. Kapassitéite féieren dozou, dass d’Camionen laang Weeër musse fueren fir de Buedem ofzetippen. Dëst bedeit sengersäits eng onnéideg Belaaschtung fir d’Ëmwelt, Käschten déi fir d’Entreprisen, an domat och fir d’Endclienten, an d’Luucht ginn an och méi laang Délaien bei de Chantieren.

Verstäerkt Äerdaushub probéieren z’evitéieren, ass sécher eng Méiglechkeet d’Problematik e bëssen z’entspanen, allerdéngs féiert kee Wee derlaanscht, zousätzlech Bauschuttdeponien auszeweisen. An deem Kader wollt ech der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Wéi vill nei Site fir Bauschuttdeponien sinn aktuell an der Planung? Wou wieren déi Siten a bis wéini kéinten se opgoen?
  • Wat sinn eventuell Schwieregkeete fir bei der Definitioun vun neie Bauschuttdeponië virunzekommen? Aus wéi enge Grënn war et bis elo net méiglech der Situatioun Meeschter ze ginn?
  • Wéi eng Tëscheléisung proposéiert de Ministère dem Secteur fir déi aktuell Situatioun ze verbesseren, bis dass zousätzlech Bauschuttdeponien kënnen opgoen?“

Äntwert

Fir d’Äntwert op dës Froen vum éirewäerten Députéierten verweisen ech op d’Äntwerten op d’parlamentaresch Froen n°6889 an n°6902 vun der éierewäerten Députéierten Martine Hansen. Zousätzlech sief gesot, dass de Ministère keen Afloss op d’Zäitschinn huet, wat d’Areeche vun den néidegen Dokumenter a Geneemegungsdossieren ugeet.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi eng Doktere sinn an Zukunft u Bord vun de Gefierer vum SAMU?

Zu Lëtzebuerg fuere bis haut ëmmer Anästhesisten, zesumme mat Infirmiers en anesthésie-réanimation, mam SAMU. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann ass awer elo zu Ouere komm, datt an Zukunft och Generalisten oder Urgentisten mam SAMU fuere kéinten. Déi liberal Deputéiert hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, firwat bis haut nëmmen Anästhesiste beim SAMU u Bord waren, ob d’Infirmiers en anesthésie-réanimatioun och zesumme mat aneren Dokteren eng Noutfallekipp bilde kënnen an ob d’Qualitéit vun de Soine garantéiert bleift, onofhängeg vun der Spezialiséierung vum Dokter.

weiderliesen...

Wéi vill Jonker koume wéinst Alkoholkonsum an d’Spidol?

An Däitschland hunn, leschten Zuelen no, manner Jonker wéinst Alkohol missen an d’Spidol. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Jonker an de leschte Joren opgrond vun Alkoholkonsum hu missen hospitaliséiert ginn, op wéi engen Deeg am Joer besonnesch vill alkoholiséiert Leit an d’Spidol kommen an ob den Nationalen Aktiounsplang géint Alkoholmëssbrauch wäert erneiert ginn.

weiderliesen...