Charles Goerens

Neies aus Europa vum Charel Goerens

D‘Finanzplanung an der EU erstreckt sech iwwert eng Period vu 7 Joer. De Conseil européen vum Juli 2020 huet decidéiert, 1.211 Milliarden Euro fir déi nei Period an de Budget z’investéieren. 79,5 Milliarden Euro dovunner fléissen an déi international Relatiounen. 

Dovunner geet den Haptundeel an d’Entwécklungszesummenaarbecht mat Drëttlänner. Wat an dëser 7-Joresperiod nei ass, ass de Fait, datt den europäeschen Entwécklungsfong elo an de Budget vun der Europäescher Unioun integréiert gëtt. Dat war bis elo net de Fall, well den europäeschen Entwécklungsfong war Co-Proprietéit vun den 28, respektiv 27 Memberstaaten, an ass vun der Kommissioun ofgewéckelt ginn.

D’EU-Parlament gesäit duerch d’Integratioun vum europäeschen Entwécklungsfong an den europäesche Budget also seng Rechter erweidert. Am Zesummespill mat de Memberstaaten – déi op hirer Säit 4 Mol méi e grousse Betrag an d’Entwécklungspolitik investéieren – ass d’Europäesch Unioun mat Ofstand dee gréissten Akteur an der internationaler Entwécklungszesummenaarbecht.

Als Rapporter vun dësem Projet, och Global Europe genannt, konnt ech zesumme mat menge Kollegen eng Majoritéit am Parlament fannen –  an och en Accord mam Conseil – fir dee gréissten Deel vun de finanzielle Mëttel am Kampf géint de Klimawandel anzesetzen. Doduerch dass mer elo een eenzegt Instrument hu par Rapport zu deenen 10, déi mer bis 2020 haten, erméigleche mer der Europäescher Unioun, vill méi global, méi komplett a méi rapid Decisioune kënnen ze huelen.

Mam selwechten Instrument kann een op e Sécherheetsproblem oder op eng Kris, respektiv e Konflikt an engem Land, reagéieren, an zur gläicher Zäit déi méi klassesch Kooperatioune starten, respektiv weiderentwéckelen. Mat der neier US-Administratioun Biden gëtt de Multilateralismus erëm reaktivéiert. Mat deem neien Instrument Global Europe kënne mer och mat anere groussen Akteuren an der Entwécklung nach méi Gewiicht an nach méi e groussen Impakt kréien.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Rechter vu schwangeren Independanteë verbesseren

Schwanger Salariéen, kënne virum Congé de maternité eng bezuelten Aarbechtsdispens ufroen, wann si z.B. aus gesondheetleche Grënn net schaffe kënnen. Independanteën hunn dës Méiglechkeet net, wat sech negativ op de Recalcul vun hirer Indemnitéit fir de Mammecongé auswierke kann.
D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Mandy Minella wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, ob eng remuneréiert Dispens oder een equivalente Mechanismus fir schwanger Independanteën agefouert wäert ginn.

weiderliesen...