Marc Hansen

Neie Gehälter-Accord

Den neie Gehälter-Accord mat der CGFP erlaabt et der Regierung an Zukunft, fir de Fokus am ëffentlechen Déngscht op d’Aarbechtskonditioune vun de Beamten ze leeën. Wärend der Pandemie konnt d’Land op e staarken ëffentlechen Déngscht
zeréckgräifen, deen d’Land – zesumme mam Privatsecteur – um Lafe gehalen huet.

Och wann et pandemie-bedéngt net zu enger struktureller finanzieller Erhéijung komm ass, suergt den Accord ënnert anerem dofir dass den Teletravail kloer wäert reglementéiert ginn oder dass déi ënnescht Karriären harmoniséiert gi fir se der haiteger Zäit unzepassen. Donieft gouf festgehalen, dass déi aktuell Rechter vun de Beamte garantéiert bleiwen.

A Krisenzäiten ass déi sozial Rou a Sécherheet am ëffentleche Secteur wichteg. Fir de Ressortminister Marc Hansen ass dat mat dësem Accord séchergestallt. D’Land kann esou weider op ee staarken ëffentlechen Déngscht zielen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Rechter vu schwangeren Independanteë verbesseren

Schwanger Salariéen, kënne virum Congé de maternité eng bezuelten Aarbechtsdispens ufroen, wann si z.B. aus gesondheetleche Grënn net schaffe kënnen. Independanteën hunn dës Méiglechkeet net, wat sech negativ op de Recalcul vun hirer Indemnitéit fir de Mammecongé auswierke kann.
D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Mandy Minella wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, ob eng remuneréiert Dispens oder een equivalente Mechanismus fir schwanger Independanteën agefouert wäert ginn.

weiderliesen...