« Et ass mer zu Ouere komm, dass am Laf vun der Pandemie CFL Cargo op mannst ee gréissere Client verluer hätt, dee säi Wuerentransport nees zréck op d’Strooss verluecht hätt, well dëst méi käschtegënschteg wier, an dass dowéinst souguer Personal vun CFL Cargo reaffektéiert hätt misse ginn.
An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen:
- Kann den Här Minister dës Informatioune confirméieren ? Wa jo, kann den Här Minister Prezisiounen dozou ginn ?
- Wéi vill Mataarbechter sinn innerhalb vum CFL Grupp reaffektéiert ginn ?
- Huet de Wuerentransport iwwer d’Schinn an der Pandemie un Attraktivitéit par Rapport zum Camion verluer ? Wat wieren d’Grënn dofir ? Wat gedenkt d’Regierung z’ënnerhuele fir dësen Trend eventuell ze bremsen ? »