Europa Charles Goerens Header

Näischt ass an der Rei!

De gefaarte Rietsruck bei den Europawalen ass zwar reell, awer net an der Lag, d’Aarbechten am Europäesche Parlament ze blockéieren. 

Et wier deemno alles an der Rei? Näischt ass an der Rei! 

Well et geet net duer, fir eng méiglech arithmetesch Majoritéit am Europäesche Parlament ze hunn. Déi muss sech bewären. Wat nach ze beweise bleift, well d’Europäescht Parlament net eleng Gesetzer ka maachen. Duerfir gëtt och de Conseil gebraucht, dat heescht di aner legislativ Branche; deemno eis Memberstaaten. 

A grad do leit de Problem. Di rietsextrem Formatiounen hunn am Frankräich bal 40% vun de Stëmme kritt. Esou gesinn hunn d’Europäer e Sonndeg mam Feier gespillt. Sollten di Rietsextrem Enn Juni am Frankräich en änleche Score bei de Legislativwale maache  wéi bei den Europawalen, bedeit dat net nëmmen e politeschen Ëmschwong a Frankräich, mat net viraussobare Konsequenze fir eise franséischen Noper, mee ënner Ëmstänn och eng ganz nei politesch Direktioun an Europa.

Mir kënnen eis deemno op gréisser Spannungen an der europäescher Konstruktioun astellen. 

Eis Haltung ass kloer. An enger Welt, déi ëmmer méi séier dréint, muss d’Europäesch Unioun sech beweegen. Wirtschaftlech gëtt de Gruef mat China engersäits a mat Amerika anersäits all Dag méi grouss. Hei muss de Bannemaart besser funktionéieren.

Aussepolitesch ass d’Europäesch Unioun momentan mol kee Schied vun deem wat se kënnt a misst sinn, wann se endlech de Veto géing ofschafen. Mat e bëssen tëschestaatlechem Gepiddels geet et iwwregens net duer.

Militäresch musse mer méi séier, wéi mer dat bis elo gemengt haten, an der Lag sinn, eis selwer ze verteidegen. An dat kascht. De Klima gëtt ëmmer méi eng grouss Bedrohung fir eise Planéit. An dat kascht och. An net nëmme Geld. 

Europa kënnt säit der Finanzkris vun 2008 net méi aus dem Krisemodus eraus. D’Finanzkris, d’Kris vum Euro, d’Coronakris hu mer zimmlech gutt, wann och mat Schwieregkeeten, hannerun eis kritt. Den Ukrainkrich hu mer nach net hannerun eis. D’Friddensdividend ass awer leider opgebraucht. 

D’Demokratesch Partei ass an der leschter Walcampagne resolut agetruede fir méi Europa, do wou d’Memberstaaten ëmmer manner zu Léisunge fäeg sinn.

De Präis, dee mer dofir bereet sinn ze bezuelen, ass héich, ass ganz héich. 

Näischt maachen, d‘europäesch Integratioun verschleefen, d‘europäesch Integratioun verschlofen, hir Funktiounsweis onverännert loossen, huet och e Präis. An deen ass vill méi héich, deen ass net méi mat Euroen ze bezuelen. Dee bezuele mer mat eiser Eegestännegkeet, mat eiser Existenz. Awer net mat eis. Dir huet eis, also d’Demokratesch Partei, den 9. Juni massiv ënnerstëtzt. Dofir soe mir iech Merci. Fir eis ass dat e Pakt, en Engagement, fir virun an Europa a mat Europa, dat ze stäerken, wat eis schützt.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Beheënnertekaart fir ganz Europa

An der Tribune Libre um Radio schwätzt d’Jana Degrott iwwer d’Aféierung vun enger europawäiter Behënnertekaart. Fir d’Europakandidatin an DP-Conseillère vu Steesel ass et héich Zäit, datt d’EU de Leit mat enger Behënnerung déi nämmlecht Rechter an all de 27 Memberstaaten accordéiert.

weiderliesen...

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...