Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin

Eisem Land feelt et un Aarbechtsdokteren. De Koalitiounsprogramm gesäit dowéinst eng Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Aarbechtsdokteren aktuell hei am Land schaffen, wéi d’Altersstruktur vum Beruffsstand ausgesäit a wéi d'Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin kéint ausgesinn?

Fro

D‘Aarbechtsmedezin spillt eng wichteg Roll an der Präventioun vu beruffsbedéngte Krankheeten. Am Koalitiounsprogramm gëtt präziséiert, datt an Zukunft d’Missioune vum Aarbechtsmedeziner méi kloer definéiert musse ginn, grad virum Hannergrond vun enger Penurie un Dokteren an deem Beräich.

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Gesondheet a Sozialversécherung follgend Froe stellen:

1. Wéi vill Aarbechtsmedeziner schaffen zur Zäit hei am Land? Wéi vill vun hinnen hunn d‘Lëtzebuerger Nationalitéit? Wéi gesäit d’Altersstruktur vun dësem Beruffsstand aus? 

2. Wéi vill Aarbechtsmedeziner ginn déi nächst Jore gesicht fir d‘Ofgäng an d‘Pensioun ze kompenséieren a fir dem wuessenden Aarbechtsmaart gerecht ze ginn? Ass mat enger weiderer Verstäerkung vun der Penurie un Aarbechtsmedeziner ze rechnen?

3. Wéi kéint, graff ëmrass, eng Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin a punkto Struktur a Fonctionnement ausgesinn?

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Rechter vu schwangeren Independanteë verbesseren

Schwanger Salariéen, kënne virum Congé de maternité eng bezuelten Aarbechtsdispens ufroen, wann si z.B. aus gesondheetleche Grënn net schaffe kënnen. Independanteën hunn dës Méiglechkeet net, wat sech negativ op de Recalcul vun hirer Indemnitéit fir de Mammecongé auswierke kann.
D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Mandy Minella wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, ob eng remuneréiert Dispens oder een equivalente Mechanismus fir schwanger Independanteën agefouert wäert ginn.

weiderliesen...

Kënnt eng Apdikt op Bettenduerf ?

2023 hat déi deemoleg Gesondheetsministesch d’Schafe vun enger Apdikt zu Bettenduerf nach ofgeleent. Well d’Populatioun an der Regioun ronderëm Bettenduerf awer weider wiisst huet den DP-Deputéierten André Bauler bei der neier Gesondheetsministesch nogefrot, ob si d’Decisioun vun hirer Virgängerin iwwerdenke géif. Ass d’Gesondheetsministesch eventuell scho vun der Gemeng Bettenduerf kontaktéiert ginn a kéinten nach weider Gemengen eng nei Apdikt kréien?

weiderliesen...

Aféierung vun engem Depistage fir Hautkriibs ?

Zanter 2008 gëtt et an Däitschland een Depistage fir Hautkriibs fir all Assuré ab 35 Joer. Doduercher gi vill Fäll vun Hautkriibs méi fréi entdeckt.
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, wéi d’Zuele vun Hautkriibs sech hei am Land zanter 2013 entwéckelt hunn, ob esou een Depistage och zu Lëtzebuerg sënnvoll wier a firwat just d’Zuele fir schwaarzen Hautkriibs erhuewe ginn.

weiderliesen...