Question
„D‘Aarbechtsmedezin spillt eng wichteg Roll an der Präventioun vu beruffsbedéngte Krankheeten. Am Koalitiounsprogramm gëtt präziséiert, datt an Zukunft d’Missioune vum Aarbechtsmedeziner méi kloer definéiert musse ginn, grad virum Hannergrond vun enger Penurie un Dokteren an deem Beräich.
An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Gesondheet a Sozialversécherung follgend Froe stellen:
1. Wéi vill Aarbechtsmedeziner schaffen zur Zäit hei am Land? Wéi vill vun hinnen hunn d‘Lëtzebuerger Nationalitéit? Wéi gesäit d’Altersstruktur vun dësem Beruffsstand aus? 2. Wéi vill Aarbechtsmedeziner ginn déi nächst Jore gesicht fir d‘Ofgäng an d‘Pensioun ze kompenséieren a fir dem wuessenden Aarbechtsmaart gerecht ze ginn? Ass mat enger weiderer Verstäerkung vun der Penurie un Aarbechtsmedeziner ze rechnen? 3. Wéi kéint, graff ëmrass, eng Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin a punkto Struktur a Fonctionnement ausgesinn?“