„Et ass eis zu Ouere komm, datt op verschiddene soziale Medien een Opruff gemaach gëtt fir d’nächst Woch un enger Covid-Demonstratioun virum Spidol Robert Schuman um Kierchbierg deelzehuelen.
Ofgesinn dovunner, datt dëst inakzeptabel vis-à-vis vun dem ganze Gesondheets- a Fleegepersonal ass, dat zanter bal zwee Joer un éischter Front am Kampf géint d‘Pandemie steet, wéilte mir an deem Kader dem Här Minister fir bannenzeg Sécherheet folgend Froe stellen:
- Huet den Här Minister scho vun dësem Opruff op de soziale Medien héieren?
- Gouf dës Manifestatioun schonn iwwer den offizielle Wee bei den zoustännegen Autoritéiten ugemellt?
- Wéi reagéiert de Här Minister vis-à-vis vum Opruff virun enger Klinik ze demonstréieren, besonnesch mam Wësse wéi d‘Manifestatiounen an de leschte Wochen ofgelaf sinn ?
- Ass den Här Minister och der Meenung, dass zu all Moment am Land d’Accèsen an d’Zoufaartsweeër zu de Klinicken, mee och zu anere wichtege Rettungsdéngschter an Unitéiten net duerch Manifestatiounen dierfe perturbéiert ginn?
- Wäert an deem Kader also séchergestallt ginn, datt den Accès zum Spidol fir d’Patienten an d’Rettungsdéngschter zu all Moment garantéiert bleift?“