Communiqué
DP Miersch an CSV Miersch deele mat, dass si den Owend no fairen Verhandlungen en accord de principe fonnt hunn fir och déi kommend 6 Joer zesummen d’Geschécker vun der Gemeng Miersch ze leeden.
Béid Walprogrammer iwwerschneiden, respektiv ergänze sech a ville Beräicher, sou dass an de nächsten Deeg, op Basis vun den Diskussiounen, de Koalitiounsaccord finaliséiert ka ginn.
De Schäfferot wäert sech folgendermoossen zesummesetzen:
Buergermeeschter: Michel MALHERBE (DP)
1. Schäffen: Abby TOUSSAINT (CSV)
2. Schäffen: Henri KRIER (DP)
3. Schäffen: Michel REILAND (CSV) 2023-2025
3. Schäffen: Willy VULLERS (DP) 2025-2029
De finale Koalitiounsaccord muss nach duerch déi jeweileg Parteigremien validéiert ginn.
Matgedeelt zu Miersch, de 15. Juni 2023