Mathis Ast

Mathis Ast – Neie Wormer Buergermeeschter

De 36 Joer ale Mathis Ast ass neie Buergermeeschter vu Wormer. Bei sengen éischte Walen 2011 gëtt hien direkt Drëttgewielte vu senger Ekipp. 2017 gëtt hien Zweetgewielten a seng Ekipp kritt eng kloer Majoritéit. Hien eenegt sech du mam Max Hengel op e Splitting vum Buergermeeschter.

Firwat hutt Dir iech politesch engagéiert a firwat bei der DP?

MA: Ech war schonn a menger Jugend u Politik interesséiert a Member a verschiddene Jugendkommissiounen. Ech kennen d’Deputéiert Carole Hartmann a Gilles Baum ganz laang an deelen hier politesch Usiichten. Wéi de Jean Beining mech dunn 2011 gefrot huet, fir mat senger Ekipp an d’Walen ze goen, hunn ech direkt „Jo“ gesot a mech och bei der DP engagéiert.

Wat sinn Är politesch Prioritéiten als neie Buergermeeschter?

MA: D‘Gemeng muss der Awunnerzuel ugepasst ginn; mir brauche méi Plaz fir d’Verwaltung a méi e grousse Parking. Weider brauche mir en neit Gebai fir de Service technique an e Pompjeesbau um Wormer Bierg.

D’Entwécklung vu Wormer läit mir besonnesch um Häerz. An der Gemeng ass vill gebaut ginn. Elo sinn nach Sozialwunnenge geplangt an een urbanistesche Concours mat Workshoppe fir d’Bierger.

Zu Éinen gëtt eng Adventure-Spillplaz mat engem Kiosk an engem Gite touristique gebaut. An den Ofschloss vun der Vëlospist tëscht Schengen a Waasserbëlleg wäert eng Plus-value fir den Tourismus a fir d’Bierger sinn.

Wat gefält Iech am beschten u Wormer a generell un der Musel?

MA: Ech schaffen an der Stad a wunnen op der schéiner Musel. Doheem ass all Dag fir mech ewéi an der Vakanz: wonnerschéi Wéngerten, flott Traditiounen, wéi eis Wäifester mat ganz gudde Wënzerbetriber, an eng  Gastronomie, déi vill ze bidden huet.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Rechter vu schwangeren Independanteë verbesseren

Schwanger Salariéen, kënne virum Congé de maternité eng bezuelten Aarbechtsdispens ufroen, wann si z.B. aus gesondheetleche Grënn net schaffe kënnen. Independanteën hunn dës Méiglechkeet net, wat sech negativ op de Recalcul vun hirer Indemnitéit fir de Mammecongé auswierke kann.
D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Mandy Minella wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, ob eng remuneréiert Dispens oder een equivalente Mechanismus fir schwanger Independanteën agefouert wäert ginn.

weiderliesen...