Anne Glesener

Matarbechter am Portrait

D’Anne Glesener ass parlamentaresch Matarbechterin an der DP-Fraktioun

Anne, wat huet dech am meeschten iwwerrascht, wéis du an d‘DP-Fraktioun schaffe komm bass? 

Wann een aus dem déifroude Minett kënnt, da verbënnt een d’DP oft mat knallhaarden, kapitalisteschen Ideologien. Erstaunlecherweis huet sech dat Virurteel net bestätegt. 

Wanns du eng politesch Iddi direkt kéints ëmsetzen, wat fir eng wier dat? 

En obligatoreschen Éischt-Hëllefskuer an der Schoul, well ech et extrem wichteg fannen, datt jiddereen déi Grondkenntnisser léiert.

Wat war bis elo däin houfregste Moment an der Fraktioun?

Déi éischt Ried an der Chamber ze héieren, un där ech matgeschriwwen hunn.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Rechter vu schwangeren Independanteë verbesseren

Schwanger Salariéen, kënne virum Congé de maternité eng bezuelten Aarbechtsdispens ufroen, wann si z.B. aus gesondheetleche Grënn net schaffe kënnen. Independanteën hunn dës Méiglechkeet net, wat sech negativ op de Recalcul vun hirer Indemnitéit fir de Mammecongé auswierke kann.
D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Mandy Minella wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, ob eng remuneréiert Dispens oder een equivalente Mechanismus fir schwanger Independanteën agefouert wäert ginn.

weiderliesen...