Matarbechter am Portrait

Wat huet iech am meeschten iwwerrascht, nodeems dir ugefaangen hues bei der DP ze schaffen?

David: De breetgefächerten Optrëtt op de verschiddenen digitale Plattformen. D’DP versicht sech ëmmer erëm nei ze erfannen, mat neie  Rubricken iwwer spannend Themen.

Sébastien: Dat aktiivt Zesummeschaffe mat de Fraktiounsmataarbechter a Mandatairen. Ech hat mir d’Hierarchie méi streng virgestallt.

Wann dir eng politesch Iddi direkt kéint ëmsetzen, wat fir eng wier dat?

David: D’Blockchain hei zu Lëtzebuerg notzen, fir d’Digitaliséierung weider ze entwéckelen.

Sébastien: E massive Budget fir d’Kultur, fir den islännesche Modell op Lëtzebuerg z’iwwerdroen.

Wéi géif dir iech selwer an dräi Wierder beschreiwen?

David: Kreativ, organiséiert a Multi-tasking-fäeg.

Sébastien: Kreativ, chaotesch a Mono-tasking-limitéiert. Mir sinn e gutt Team.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News