• Kategorien

  • Politiker

  • Politesch Themen

Ass déi finanziell Bedeelegung vum Staat fir d’Bluttspenden ze niddreg?
D’Croix-Rouge mécht mat der Organisatioun vum Bluttspenden dëst Joer nees een Defizit. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob de Staat seng finanziell Bedeelegung net erhéije sollt, ob Lëtzebuerg ëmmer iwwer genuch Bluttreserve verfüügt, an ob weiderhin d’Croix-Rouge eleng d’Bluttspenden am Land organiséiere soll.
weiderliesen...
Wat ass de Stand vum Absenteismus hei a Lëtzebuerg?
A villen europäesche Länner geet den Taux vum Absenteismus an d’Luucht. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot wéi den Absenteismus sech a Lëtzebuerg an de leschten 10 Joer entwéckelt huet, wat d’Erklärunge fir d’Absencë sinn a wat aktuell do dergéint ënnerholl gëtt.
weiderliesen...
Eenzege PET-Scan vum Land nees en panne ?
De PET-Scan zu Lëtzebuerg fält reegelméisseg en panne. Dat erschwéiert d'Kriibsdiagnos a stellt fir d'Patienten eng psychologesch Belaaschtung duer. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann wollt an deem Kader vun der Gesondheetsministesch wëssen, wéi oft de PET-Scan an de leschte Joren huet misse gefléckt ginn, wéini den 2. PET-Scan installéiert wäert ginn a wéi eng Méiglechkeeten et gi fir Patienten, déi...
weiderliesen...
Chômage complet fir Independanten
Independante kënnen ënner gewëssene Conditioune Chômage complet ufroen. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hu beim Aarbechtsminister nogefrot, wéi vill Independanten an de leschte Joren de Chômage complet ugefrot hunn, wéi vill Demande refuséiert goufen a wéi oft een Independant a Recours géint de Refus gaangen ass.
weiderliesen...
Wéi laang waarde Patienten op den Accord fir eng Zännprothees ?
Wann ee Patient eng Zännprothees brauch, muss den Zänndokter fir d’éischt een Devis un de Contrôle médical de la Sécurité sociale (CMSS) schécken. Ouni Accord vum CMSS kritt de Patient d’Zännprothees net rembourséiert. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hu bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi vill Devisen dëst Joer ageschéckt goufen, wéi laang d’Delaien zurzäit sinn an ob engem...
weiderliesen...
Kuerzaarbecht - Ze laang Delaien beim Remboursement vu virgestreckte Salairen?
Laut Handwierkskummer wieren d’Delaien fir de Remboursement vu Salairen, déi Entreprisen am Chômage partiel virstrecken, ze laang. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gilles Baum hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéi laang dës Delaien sinn, a wat ënnerholl wäert gi fir d’Situatioun ze verbesseren.
weiderliesen...
Rechter vu schwangeren Independanteë verbesseren
Schwanger Salariéen, kënne virum Congé de maternité eng bezuelten Aarbechtsdispens ufroen, wann si z.B. aus gesondheetleche Grënn net schaffe kënnen. Independanteën hunn dës Méiglechkeet net, wat sech negativ op de Recalcul vun hirer Indemnitéit fir de Mammecongé auswierke kann. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Mandy Minella wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, ob eng remuneréiert Dispens...
weiderliesen...
Wei huet sech de Bréifverkéier zu Lëtzebuerg entwéckelt?
Bei der däitscher Post ass de Bréifverkéier am éischte Quartal vun 2024 ëm 6,6% zréckgaang, wat sech haaptsächlech duerch de Prozess vun der Digitaliséierung erkläre léisst. D’DP Deputéiert André Bauler an Carole Hartmann hunn de Minister fir d’Ekonomie, Mëttelstand, Energie an Tourismus gefrot, wéi sech de Bréiverkéier, a méi genau d’Unzuel vun de Päck, am Land entwéckelt huet zanter 2020 an wéi vill...
weiderliesen...
Wéi vill Patiente leiden ënnert Schilddrüsekriibs ?
Ëmmer méi Jonker schéngen ënnert Schilddrüsekriibs ze leiden. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Zuelen sech an de leschten 10 Joer entwéckelt hunn a wéi eng Ënnerscheeder et jee no Alter a Geschlecht ginn.
weiderliesen...
Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?
Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.
weiderliesen...
Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?
D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.
weiderliesen...
Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?
Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d'Waardezäit fir d'Patienten ze verkierzen. D'DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d'Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d'Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d'Zuel vun de Behandlungen...
weiderliesen...
Firwat kann ee keng Léier als Salarié handicapé maachen ?
Jonker mat engem Handicap schéngen zu Lëtzebuerg keng Léier maachen a gläichzäiteg de Statut vum Salarié handicapé kënnen ze hunn. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot firwat dat net méiglech ass an ob virgesinn ass dës Situatioun ze behiewen?
weiderliesen...
Wier eng Sensibiliséierungscampagne géint Allergië sënnvoll ?
Ëmmer méi Leit entwéckelen Allergien, op Liewensmëttel, Pollen oder Milben. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi sech d’Zuel un Allergiker an de leschten zéng Joer entwéckelt huet, ob eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert sollt ginn, a wéini déi annoncéiert Pollen-App fir déi betraffe Leit disponibel wäert sinn.
weiderliesen...
Wéi oft goufen de Congé d’aidant an de Congé pour raisons de force majeure bis elo genotzt ?
Zwee nei Congéë kënnen zanter leschtem Joer ugefrot ginn, wann een sech ëm Famill këmmere muss. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Corinne Cahen wollte vum Aarbechtsminister ënnert anerem wësse wéi oft dës Congéë bis elo ugefrot goufen a wéi laang et dauert bis ee Patron déi virgesi finanziell Ënnerstëtzung vum Staat kritt.
weiderliesen...
Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin
Eisem Land feelt et un Aarbechtsdokteren. De Koalitiounsprogramm gesäit dowéinst eng Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Aarbechtsdokteren aktuell hei am Land schaffen, wéi d’Altersstruktur vum Beruffsstand ausgesäit a wéi d'Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin kéint ausgesinn?
weiderliesen...
Wäert Lëtzebuerg, wéi Däitschland och, de Cannabis legaliséieren?
An hirer parlamentarescher Fro un d’Justizministesch huet d’Deputéiert Carole Hartmann gefrot, ob d’Ministesch, op Basis vum däitsche Modell, eng Reform betreffend de Cannabis aleede wëll.
weiderliesen...
Wéi vill Plans sociaux gouf et an de leschte Joren ?
Betriber an ekonomesche Schwieregkeeten hunn zu Lëtzebuerg d’Méiglechkeet ee Plan de maintien dans l’emploi mat de Sozialpartner ze verhandelen an esou Entloossungen z’evitéieren. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hu bei den zoustännege Ministeren ënnert anerem nogefrot, wéi vill Plans de maintien dans l’emploi an de leschten zéng Joer verhandelt goufen an och wéi vill Plans sociaux...
weiderliesen...
Muss d’Prozedur bei der Ierfschaft a net direkter Linn ugepasst ginn?
Bei enger Ierfschaft déi netan direkter Linn ass, muss eng Ierfschaftserklärung gemaach ginn. Wann dës netbannent dem Delai eragereecht gouf, erfält eng Tax. Oft géif et zu sou Verspéidungekommen. Eis Deputéiert Carole Hartmann huet bei den zoustännege Ministèrenogefrot, ob d’Prozedur eventuell misst ajustéiert ginn.
weiderliesen...
Wéini kënnt d’Pollen-App ?
De Gesondheetsministère hat annoncéiert, datt ugangs 2020 eng gratis App sollt ugebuede ginn, déi de Bierger Informatiounen iwwert d’Pollenkonzentratioun an der Loft liwwert. No iwwer dräi Joer gëtt et déi App nach ëmmer net. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet dowéinst bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Aarbechten un dëser App dru sinn a wien mat hirer Entwécklung beoptragt ginn ass...
weiderliesen...
Ee PET-Scan fir d’Ettelbrécker Spidol ?
Lëtzebuerg soll een 2. PET-Scan kréien. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hunn d’Fro un d’Gesondheetsministesch geriicht, ob et net sënnvoll wier dësen Apparat am Ettelbrécker Spidol z’installéieren.
weiderliesen...
Wat gëtt géint de Medikamentemangel ënnerholl ?
Ëmmer nees feelt et a ganz Europa u wichtege Medikamenter. Zanter der Covid-19-Kris schéngt dës ëmmer méi heefeg ze Fall ze sinn. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesuren kuerzfristeg op nationalem an europäeschem Niveau ënnerholl ginn, fir géint de Medikamentemangel virzegoen.
weiderliesen...
Wéi vill mol ass säit 2018 eng Résidence alternée decidéiert ginn?
Wann Elteren sech trennen oder scheede loossen, bleift oft d’Fro bei wiem d’Kand an Zukunft soll liewen. 2018 gouf d’Résidence alternée agefouert. Eis Deputéiert Carole Hartmann huet sech beim Justizministère ëmfrot, wéi vill Decisiounen an der Matière säitdeem geholl gi sinn, a wéi se ausgefall sinn.
weiderliesen...
Wou ass d’Etüd zum Plan d’Organisation du Travail drun?
D’Etüd zur Aarbechtszäitverkierzung bezitt sech op Resultater vun der Etüd iwwert den Plan d’Organisation du Travail – kuerz POT – deen am Dezember 2016 per Gesetz agefouert gouf. D’Resultater vun der POT-Etüd goufe bis haut awer net verëffentlecht. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet dowéinst beim Aarbechtsminister, deen dës Etüd an Optrag ginn huet, nogefrot, wéini d’Resultater presentéiert g...
weiderliesen...
Wéi vill Leit schaffen deelzäit ?
Deelzäitaarbecht gëtt ëmmer méi oft gefrot. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet beim Aarbechtsminister a beim Minister fir den ëffentlechen Déngscht nogefrot, wéi vill Kontrakter fir Deelzäitaarbecht an de leschten 10 Joer ënnerschriwwe goufen. Zousätzlech wollt d’Deputéiert vum Aarbechtsminister wëssen, ob d’Reegel vun der 40-Stonne-Limitt fir Deelzäit net gelackert sollt ginn, fir eng gréisser...
weiderliesen...
Firwat ass den Helleg-Geescht-Parking nach ëmmer net fir de Public op?
Den DP-Deputéierte Carole Hartmann a Claude Lamberty ass zu Ouere komm, dass nach ëmmer keng Ausschreiwung fir en Exploitant vum Helleg-Geescht-Parking ze fanne gemaach ginn ass. Dowéinst hu si beim zoustännege Minister nogefrot, ob dat sou ass a wat d'Grënn heifir sinn.
weiderliesen...
No bei dir.
An hirer Tribune Libre schwätzt eis Generalsekretärin Carole Hartmann dës Woch iwwert de Lancement vun der DP-Campagne fir d’Gemengewale vum 11. Juni 2023.
weiderliesen...
Bleift déi pediatresch Garde um Kierchbierg weider assuréiert ?
De Gesondheetsministère an d’Spidolsfederatioun hu rezent eng Conventioun ënnerschriwwen fir d’Garden an d’Astreinten vun den Dokteren an de Spideeler z’indemniséieren. Den DP-Deputéierten Gilles Baum a Carole Hartmann ass zu Ouere komm, datt fir d’Pediatrie um Kierchbierg just eng Garde vrigesinn ass. Fir d’pediatresch Chirurgie ass keng Garde geplangt ginn. Dowéinst wollte si vun der Gesondheetsministesch...
weiderliesen...
Wéi oft gouf géint d’Aarbechtsrecht verstouss ?
D’ITM krut an de leschte Joren nei Inspektere bäi, déi op de Chantieren an Aarbechtplazen Kontrollen duerchféieren. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu beim Aarbechtsminister ënnert anerem nogefrot, wéi oft géint d’Aarbechtsrecht verstouss gouf, wéi eng Secteuren betraff waren a wéi eng Sanktioune verhaange goufen.
weiderliesen...
Gouf et eng Ausschreiwung fir de Projet « Schlasskéier » zu Wooltz ?
Nach dëst Joer soll een Avant-Projet vum Projet « Schlasskéier » zu Wooltz presentéiert ginn. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann wollten an deem Kader vun den zoustännege Ministere wëssen, ob et eng Ausschreiwung fir de Projet gouf, wéi eng Entreprise zeréckbehale gouf a wéi héich d’Käschte viraussiichtlech ausfale wäerten.
weiderliesen...
Unerkennung vum "Notfallsanitäter" fir géint de Personalmangel am Gesondheetswiese virzegoen?
Virum Hannergrond vum Personalmangel an de Gesondheetsberuffer, hunn d'DP-Deputéiert Max Hahn a Carole Hartmann nogefrot, ob et net eng Iddi wier déi däitsch Qualifikatioun vum "Notfallsanitäter" zu Lëtzebuerg unzëerkennen, wouduerch méi Leit aus dem Grenzgebitt a Fro géife komme fir agestallt ze ginn. Donieft wollte si wësse wou d'Aarbechten um SAP3 dru wieren.
weiderliesen...
Häerzinfarkter bei Fraen verstäerkt thematiséieren?
D’Symptomer vun engem Häerzinfarkt kënne bei Fraen a Männer variéieren. Well déi weiblech Symptomer oft manner bekannt sinn, kann d’Diagnos bei Fraen méi laang daueren an esou d’Liewensgefor erhéijen. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministerinnen nogefrot, ob d’Bevëlkerung iwwert dëse Sujet net nach méi sollt sensibiliséiert ginn, an ob d’Éischt-Hëllef-Kueren op...
weiderliesen...
Wat wäert de Projet « Schlasskéier » zu Wolz ëmfaassen?
No bei der Clinique Saint Joseph zu Wolz gëtt de Projet „Schlasskéier“ realiséiert. D’DP-Deputéiert, André Bauler a Carole Hartmann, hu bei den zoustännege Ministeren ënnert anerem nogefrot, ob eng Maison médicale Deel vun dësem Projet wäert sinn, wéi vill Leit do spéider schaffe wäerten a wéi d’Kollaboratioun mat der Klinick wäert ausgesinn.
weiderliesen...
Wat geschitt mam Hangar am Ausgang vun Iechternach?
Am Ausgang vun Iechternach läit een Hangar vun der Administration des Ponts et Chaussées, deen am Ablack awer net am Gebrauch ze si schéngt. Potentiell kéint dës Fläch och fir aner Projete wéi beispillsweis Wunnraum genotzt ginn. Eis Deputéiert Carole Hartmann huet nogefrot, wat d’Pläng fir dës Plaz an Zukunft sinn.
weiderliesen...
Infrastrukturproblemer zu Iechternach?
DP-Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler hunn bei der Kulturministesch nogefrot wéi et mat den Infrastrukturproblemer vun der Abteistad ausgesäit. An dem Kontext, dréit nieft der Gemeng an de privaten Acteuren och de Staat eng speziell Responsabilitéit.
weiderliesen...
Si weider Accèse fir d’Cité Manertchen geplangt?
D’Wunngebitt ‚Cité Manertchen‘ soll iwwer e Projet vum Fonds du logement considerabel ausgebaut ginn. Den Ament besteet en Accès den iwwer d’Nationalstrooss CR 139 féiert. E Fousswee gëtt et net, net fir an d’Industrie-Zone, a net fir an d’Cité Manertchen. Och Vëlosweeër sinn ugeduecht. Eis Deputéiert Carole Hartmann huet sech beim Ministère no weideren Detailer renseignéiert.
weiderliesen...
Ginn zousätzlech Mesüre geholl fir déi vill Bronchiolittfäll ze meeschteren?
Déi héich Zuelen vu Bronchiolitt féieren zu enger Iwwerlaaschtung an de Pediatrien. A Frankräich ass op nationalem Niveau de „wäisse Plang“ ausgeruff ginn, ee sanitären Noutfall- a Kriseplang, dee bei enger Epidemie de Fonctionnement vun de Spideeler verbessere soll. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gilles Baum wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob och hei am Land zousätzlech Mesüre geholl...
weiderliesen...
Wou ass den Dossier vum neien IRM fir de Standuert Wolz drun?
Mëtt Mee dëst Joer war bekannt ginn, datt de Standuert Woltz vum Centre hospitalier du Nord een IRM soll kréien. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann, wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, wou dësen Dossier drun ass a wéi vill Patienten am Dag mat dësem IRM ënnersicht kéinte ginn.
weiderliesen...
AMMD verléisst de Conseil de gérance vun der Agence eSanté
D’Memberen vun der AMMD hunn de Conseil de gérance vun der Agence eSanté verlooss. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, wéi hir Reaktioun op dës Demissioun ass, wéi eng Auswierkungen dëst op de Fonctionnement vum Conseil de gérance wäert hunn an op den Dialog mat der AMMD gesicht wäert ginn.
weiderliesen...
Wéi verlafen d’Aarbechten un der Entlaaschtungsstrooss zu Iechternach?
D’Aarbechten un der Entlaaschtungsstrooss zu Iechternach sollten am Oktober 2022 ufänken. Eis Deputéiert Carole Hartmann huet sech ëmfrot, ob dës Aarbechte wéi geplangt verlafen, a wat den Impakt op de Stroosseverkéier an der Regioun wäert sinn.
weiderliesen...
Gewalt am Stot – wéi kënne mir den Affer hëllefen?
Och zu Lëtzebuerg ass Gewalt am Stot e verbreete Problem. Iwwer 30% vun de Leit hei am Land hätte scho Gewalt materlieft. Campagnë sollen op de Sujet opmierksam maachen a Preventioun leeschten. Mee wou fannen Affer Hëllef ? Wat fir Mëttel stinn hinnen zur Verfügung? A wat gëtt gemaach fir d’Täter ofzehale Gewalt unzewenden? Eis Deputéiert Carole Hartmann huet bei den zoustännege Ministère nogefrot...
weiderliesen...
Wéi een Impakt huet d'Demissioun vu sechs Kardiologen aus dem Nordspidol?
Sechs Kardiologen aus dem Nordspidol wëllen demissionéieren. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gilles Baum hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéi een Impakt dës Demissiounen op d'Gesondheetsversuergung vun de Patiente wäert hunn an ob déi onbezuelte Garden eng Roll bei der Entscheedung vun den Doktere gespillt kéint hunn.
weiderliesen...
Gëtt manner Fleesch a Fësch an de Schoulkantinnen giess?
Ënnert de Jonken gëtt d’Nofro fir vegetarescht a vegaant Iessen ëmmer méi grouss. Dofir hu vereenzelt Lycéeën beim Pilotprojet „Veggie Monday“ matgemaach. D‘Deputéiert Carole Hartmann a Claude Lamberty hu sech beim Educatiounsminister iwwer d’Erfarungen an d’Konsequenzen vun dësem Projet informéiert.
weiderliesen...
Wat sinn d'Auswierkunge vun der Kerosensfuite zu Iechternacherbréck op d'Ëmwelt?
Wat sinn d'Auswierkunge vun der Kerosensfuite zu Iechternacherbréck op d'Ëmwelt, a besonnesch op d'Sauer? D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas hu bei der zoustänneger Ministesch nogefrot.
weiderliesen...
Wéi kann de Service um Patient an Zukunft bei Mammographie verbessert ginn?
D’Europäesch Kommissioun huet d’Recommandatioun eraus ginn, Mammographie fir Fraen am Alter tëschent 45 a 74 Joer ze maachen. Den Ament gëtt hei am Land den Depistage bei Fraen eréischt ab 50 Joer gemaach. Oft dauert et och vill ze laang, bis een e Rendezvous-vous fir e Kontroll ka kréien. Eis Deputéiert Carole Hartmann huet beim Gesondheetsministère nogefrot, ob dat sech an Zukunft wäert änneren.
weiderliesen...
Wéini kënnt eng eenheetlech digital Léisung am Lëtzebuerger Gesondheetswiesen?
Mat der GesondheetsApp huet den Digital Health Network a Kooperatioun mat der AMMD eng Applikatioun entwéckelt, déi dem Patient et géif erlaben, op digitalem Wee, all seng medezinesch Demarchen ze erleedegen. Trotz engem politeschen Accord, géif dës App awer nëmme bedéngt, an op limitéiert Aart a Weis benotzt ginn? Wisou kënnt des App net zum Asaz, a wéini kommen eenheetlech Léisungen an dësem Dossier?...
weiderliesen...
Retarde bei den Tuberkulos Tester fir ukrainesch Refugiéen
Mënschen déi aus der Ukrain geflücht sinn, an hei am Land wëlle schaffen oder an d’Schoul goen, mussen t’éischt e medezinesche Kontroll an en Tuberkulos Test maache fir hiren Dossier ze completéieren. Duerch Retarde bei de Rendez-vousen si vill vun dëse Leit den Ament awer blockéiert. Wéini duerfen dës Leit eng Aarbecht sichen, an duerfen dës Kanner net an d’Schoul? Eis Deputéiert Carole Hartmann huet...
weiderliesen...
Gläichstellung tëschent Fraen a Männer am Lëtzebuerger Sport
Iwwert déi lëscht Joerzéngten huet sech d'Gläichstellungspolitik zu Lëtzebuerg kontinuéierlech verbessert. Besonnesch de Sport ka bei dëser Thematik eng wichteg Roll spillen. DP-Deputéiert Carole Hartmann a Claude Lamberty hunn bei den zoustännege Ministeren nogefrot wéi et mat der Gläichstellung tëschent Fraen a Männer am Lëtzebuerger Sport aktuell ausgesäit.
weiderliesen...
Keen Accord tëschent der CNS an der FAPSYLUX – an elo?
Säit Joren gëtt probéiert en Accord ze fannen fir d’psychotherapeutesch Behandlung ze rembourséieren. Ëmmer erëm ginn d’Verhandlungen gestoppt well béid Parteien sech net eenegen. De Patient bleift op der Streck. Bis wéini soll eng Léisung fonnt ginn? Eis Deputéiert Carole Hartmann huet beim zoustännege Minister nogefrot.
weiderliesen...
Gëtt d’Impfung géint d’Gürtelrous an den nationalen Impfplang opgeholl?
Bei Persounen iwwer 50 besteet de gréisste Risiko un enger Gürtelrous z'erkranken. Vaccinen kënne bei der Behandlung a bei der Preventioun hëllefen. D'DP-Deputéiert Gilles Baum, Carole Hartmann a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, op de Vaccin Shingrix, dee géint Gürtelrous agesat gëtt, an den nationalen Impfplang kann opgeholl ginn.
weiderliesen...
Wéi vill Männer leiden zu Lëtzebuerg ënner Broschtkriibs?
Och Männer kënnen u Broschtkriibs erkranken. D'DP-Deputéiert Gilles Baum, Carole Hartmann a Gusty Graas wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, wéi vill Männer zu Lëtzebuerg betraff sinn an ob Mammographien bei Männer duerchgefouert ginn.
weiderliesen...
Wéi oft gi Kandidaturen fir eng Staatskonzessioun fir eng Apdikt refuséiert?
Fir d'Staatskonzessioun fir eng Apdikt ze kréien, musse bei der Kandidatur gewësse Krittären erfëllt sinn. D'Deputéiert vun der Demokratescher Partei, Gilles Baum, Carole Hartmann a Gusty Graas, hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot wéi vill Kandidaturen refuséiert goufen a wéi oft géint ee Refus erfollegräich geklot gouf.
weiderliesen...
Vermësste Persounen zu Lëtzebuerg
Ab und zu kënnt d’Noriicht, dass eng Persoun, oft och Mannerjäreger vermësst gëtt. An der lescht hat een d’Gefill, dass dëse Chiffer an d’Luucht gaangen ass. Wéi vill Leit goufen iwwer déi lescht Jore vermësst? Wéi schnell ginn dës Leit erëm fonnt? Wéini gëtt en AMBER Alert lancéiert? Kann den ëffentlechen Transport hëllefe vermësste Persounen erëmzefannen? Eis Deputéiert Claude Lamberty a Carole Hartmann...
weiderliesen...
Erhéichten Hautkriibs Risiko – wéi kënne mer eis an Zukunft schützen?
D’Sonn erreecht d’Äerduewerfläch ëmmer méi staark an ëmmer méi laang. Mam Klimawandel kënnt en erhéichte Risiko vun Hautkriibs. D’Mënschen si méi oft dobaussen, och Leit déi vum Beruff aus bausse schaffe sinn ëmmer méi exposéiert. Wéi soll een an Zukunft mat dëser Gefor ëmgoen. Eis Deputéiert Claude Lamberty a Carole Hartmann hunn nogefrot.
weiderliesen...
Engagement vun den DP-Gemengepolitiker: Energie spuere fir manner Ofhängegkeet a méi Klimaschutz
D’DP steet fir eng ambitiéis an nohalteg Klima- an Energiepolitik, och an eise Gemengen. Déi aktuell Energie-Kris huet d'DP-Gemengepolitiker nach eng Kéier doranner bestäerkt, fir hir lokal Efforten am Sënn vun engem nohaltegen a verantwortungsvollen Energieverbrauch auszebauen...
weiderliesen...
Consommatioun a Verdeelung vum Gas am Kontext vum Ukrainkrich
Wéi vill Gas hunn di eenzel Kategorie vu Verbraucher zu Lëtzebuerg iwwert di lescht Jore verbraucht? A wéi gedenkt den Här Energieminister de Gas am Fall vun engem Enkpass ze verdeelen? Eis Deputéiert Carole Hartmann a Max Hahn hunn déi Froen un den Energieminister gestallt.
weiderliesen...
Hunn d’Retarden bei der Präisfixéierung een Impakt op den Accès vun de Patienten zu neie Medikamenter?
Den DP-Deputéierten Gusty Graas, Carole Hartmann a Gilles Baum ass zu Ouere komm, datt am Ministère fir Sozialversécherung d’Prozedur fir d’Präisfixéierung vun neie Medikamenter geännert huet. Doduerch kann et zu Retarde kommen, bis een neit Medikament fir d’Patienten erhältlech gëtt. Firwat gouf d’Prozedur geännert a wéi oft gouf den Delai vun 90 Deeg fir eng Präisfixéierung iwwerschratt?
weiderliesen...
Keng Remuneratioun fir divers Trainer a Physiotherapeuten aus de Centres de Formation vun de Sportverbänn?
Rezent konnt een noliesen dass divers Leit déi an de centres de formation vun der Lëtzebuerger Sportswelt engagéiert sinn iwwert Méint ewech keng Sue fir hir geleeschte Prestatioune kritt hunn. DP-Deputéiert Claude Lamberty a Carole Hartmann hunn beim Sportminister nogefrot wat et mat der Interpretatioun vum concernéierten arrêté gouvernemental, dee säit méi wéi 20 Joer aktiv ass, op sech huet.  
weiderliesen...
Wéi geet et mat verschiddene Chantieren am Mëllerdall virun?
Zënter Méint ginn et am Mëllerdall zwee Chantieren, déi net schénge virunzegoen. D'DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hunn nogefrot, wou dës Chantieren dru sinn a wéini se solle fäerdeg ginn.
weiderliesen...
Wat gëtt gemaach, fir dass Dokteren aus Drëttstaaten méi séier zu Lëtzebuerg kënne schaffen?
Dokteren aus Drëttstaate musse fir d'éischt hir Diplomer an engem anere Memberstaat unerkenne loosssen, ieren se zu Lëtzebuerg dierfe schaffen. Well dat awer an der Praxis Schwieregkeete mat sech bréngt, besonnesch am Fall vun ukrainesche Flüchtlingen, huet d'DP-Deputéiert Carole Hartmann nogefrot, wéi déi Prozedur vereinfacht soll ginn.
weiderliesen...
Ewech vun engem spidolszentréierte Gesondheetssystem
D’Fermeture vun der Ettelbrécker Maternité huet eis däitlech virun Ae gefouert, datt de Mangel un Doktere schonn haut eescht Konsequenze fir d’Bierger huet.
weiderliesen...
Nationalkongress 2022
Um éischten Nationalkongress en présentiel nom Ufank vun der Covid-Pandemie huet eis Partei eng nei Féierung gewielt.
weiderliesen...
Ee Joer nom Héichwaasser vum 14. a 15. Juli 2021: Wou stinn eis Gemengen?
Ee Joer nom Héichwaasser vum 14. a 15. Juli huet DP-Deputéiert Carole Hartmann ënnert anerem bei der Inneministesch nogefrot, wéi héich am Ganzen d'Schied um Gemengenniveau waren a wéi vill Gelder schonn un déi jeeweileg Gemengen ausbezuelt gi sinn.
weiderliesen...
Wéi huet sech d’Schwaarzaarbecht an de leschte Joren entwéckelt ?
Mat den ëmmer méi héije Präisser klëmmt de Risk vun der Schwaarzaarbecht, wat onweigerlech Konsequenzen op d’Steierrecetten hätt. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann wollte vun den zoustännege Ministere ënnert Anerem wëssen, ob de Statec Aschätzungen iwwert d’Evolutioun vun der Schwaarzaarbecht an dem Verloscht vu Steierrecetten huet, a wéi vill Kontrollen d’ITM an de leschte Joren duerchgefouert...
weiderliesen...
De Kampf fir d’Rechter vun de Frae muss weider goen
An hirer Tribune Libre schwätzt eis Ost-Deputéiert Carole Hartmann iwwer d’Urteel vum ieweschte Geriichtshaff vun den USA, fir d’Recht op Ofdreiwung an Amerika z’annuléieren. Fir eis Generalsekretärin ass dat eng schlecht Nouvelle fir d’Selbstbestëmmung vun der Fra iwwert hire Kierper. An eng Warnung, datt d’Frae musse weider fir hir Rechter kämpfen.
weiderliesen...
Wéi oft ginn déi verschidde speziell Congéen hei am Land genotzt?
Zu Lëtzebuerg hunn d’Salariéen ee Recht op eng ganz Panoplie u Congéen. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Max Hahn wollte vum Aarbechtsminister wëssen, fir wéi vill Deeg dës verschidde Congéen am Duerchschnëtt an de leschte fënnef Joer gefrot goufen an ob Fraen a Männer d’Congéen ënnerschiddlech ufroen.
weiderliesen...
Suivi vun den Aarbechten am Iechternacher Park
Am Iechternacher Park steet op engem Panneau et géif eng historesch Studie vum Kulturministère gemaach ginn, a bis déi fäerdeg ass, kéinte keng Schied vum Héichwaasser am Juli 2022 behuewe ginn. Eis Deputéiert Carole Hartmann huet an enger parlamentarescher Fro un d'Kulturministesch eng Rei Detailer gefrot.
weiderliesen...
Wou ass de « Remboursement accéléré » drun ?
Am Oktober 2021 gouf vum deemolege Minister fir Sozialversécherung ee « Remboursement accéléré » fir medezinesch Rechnungen ugekënnegt. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet nogefrot, wéi vill Dokteren dëse méi séieren Remboursement ubidden, wéi laang d’Delaien fir dës Remboursementer sinn a wat ënnerholl gëtt, fir datt nach méi Dokteren de « Remboursement accéléré » ëmsetzen.
weiderliesen...
Soll de Bankomat bei der Post zu Iechternach zougemaach ginn?
Der DP-Deputéierter Carole Hartmann ass zu Ouere komm, dass virgesi wier de Post-Bankomat zu Iechternach zouzemaachen. An deem Kader wollt si vum zoustännege Minister wëssen, ob dat sou wier an ob ieren och de Büro soll zougemaach ginn.
weiderliesen...
Sollt den Asaz vu medezineschem Cannabis erweidert ginn?
Zanter 2018 ass den Asaz vu medezineschem Cannabis zu Lëtzebuerg erlaabt an hëlleft ënnert anerem Patienten mat chronescher Péng. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Carole Hartmann hunn déi zoustänneg Ministere gefrot, ob medezinesche Cannabis och bei der Behandlung vu weidere Krankheeten agesat sollt ginn, an ob an Zukunft och an Apdikten ausserhalb vum Spidol medezinesche Cannabis verkaaft kéint ginn.
weiderliesen...
Wéi grouss ass de Problem vun de « Puffs » zu Lëtzebuerg ?
A Frankräich ginn d’« Puffs », elektronesch Zigaretten fir ewechzegeheien, bei Jonken ëmmer méi beléift. De franséische Gesondheetsministère ass beonrouegt, well esou eng nei Generatioun vu Fëmmerten entstoe kéint. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Claude Lamberty wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob d’« Puffs » och zu Lëtzebuerg ee Problem sinn an ob et sënnvoll wier d’Bevëlkerung iwwer...
weiderliesen...
Fir eng Zesummenaarbecht tëschent de « Sites supplémentaires » an de Spideeler
An hirer Tribune Libre schwätzt eis Ost-Deputéiert Carole Hartmann iwwert d’Noutwennegkeet vun enger dezentraler, moderner a liberaler Gesondheetsversuergung zu Lëtzebuerg.
weiderliesen...
Wéi kann d’Attraktivitéit vum Centre hospitalier du Nord nach verbessert ginn ?
De ChdN assuréiert op sengen zwee Sitte Wolz an Ettelbréck d’Gesondheetsversuergung fir de Norden an deelweis fir den Oste vum Land. Wat wäert an Zukunft ënnerholl ginn, fir datt déi zwee Sitten och an Zukunft attraktiv bleiwen? D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot, ob eng Kollaboratioun mat der Universitéit Lëtzebuerg geplangt ass,...
weiderliesen...
Wéini gëtt de Conseil supérieur de la santé et sécurité au travail nees aberuff ?
Den CSSST, deen der Direction de la Santé ënnersteet, ass zanter 2018 net méi zesummekomm. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, firwat keng Reunioune méi stattfonnt hunn, an ob d’Ministesch an nächster Zäit eng Reunioun aberuffe wäert?
weiderliesen...
Sollten d’Hiewanen an Zukunft net eng méi wichteg Roll bei der Gebuertsbegleedung spillen?
No der Fermeture vun der Maternité um Site Ettelbréck vum Centre Hospitalier du Nord, wäert d’DP-Deputéiert Carole Hartmann eng erweiderdert parlamentarescher Fro an der Chamber un d’Gesondheetsministesch riichten. Wéi steet d’Ministesch zu der Fërderung vun Hausgebuerten, der Installatioun vun engem Gebuertshaus, wéi se an Däitschland scho laang üblech sinn, oder och d’Schafen vun enger Hiewanenambulanz....
weiderliesen...
Wéi geet et mam P&R zu Waasserbëlleg bei der Gare virun?
Et ass den DP-Deputéierte Carole Hartmann a Max Hahn zu Ouere komm, dass de Projet vum neie P&R zu Waasserbëlleg bei der Gare vun den CFL wéinst der Präisexplosioun ë.a. vum Material virleefeg gestoppt gi wier, an nei geplangt soll ginn. Aus deem Grond hu si beim zoustännege Minister weider Detailler gefrot.
weiderliesen...
Wéini kritt d’Radiologie am Extrahospitalier Tariffer an der Nomenclature?
Bis haut gëtt et fir d‘Radiologie am Extrahospitalier keng Tariffer an der Nomenclature. Dat bedeit, datt z.B. een IRM just komplett vun der Krankekeess iwwerholl gëtt, wann en am Spidol gemaach gëtt. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gilles Baum hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéini de Sujet an der Nomenclatureskommissioun nees thematiséiert gëtt an ob si net der Meenung sinn, datt eng...
weiderliesen...
Wat gëtt zu Lëtzebuerg géint d'Endometriose ënnerholl?
A Frankräich gouf dëse Mount eng national Strategie fir d’Bekämpfung vun der Endometriose annoncéiert. Eng Krankheet, déi weltwäit 180 Millioune Frae betrëfft. D’DP-Deputéiert Gusty Graas a Carole Hartmann wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, wéi vill Fraen hei am Land un dëser Krankheet leiden a wat géint d’Endometriose ënnerholl gëtt.
weiderliesen...
Wéi vill Leit hunn zu Lëtzebuerg hire Numm geännert ?
Duerch d‘Gesetz vum Dezember 2020 ass et mëttlerweil méi einfach säi Numm oder Nonumm ze änneren. Wéi vill Leit hunn 2021 hire Numm geännert a wat si generell d’Motiver vun den Demanden. Eis Deputéiert Max Hahn a Carole Hartmann hu nogefrot.
weiderliesen...
Funktionell an zäitgeméiss Sportinfrastrukturen
Fir eng erfollegräich Ausféierung vum Sport schafe funktionell an zäitgeméiss Infrastrukturen d'Basis. An dem Kontext, hunn DP Deputéierte Claude Lamberty a Carole Hartmann beim Sportminister nogefrot wéi et mam Ausbau an Developpement vu Sportsinfrastrukturen uechtert Land ausgesäit.
weiderliesen...
Firwat gëtt et e Formulaire vun der Patiente Vertriedung zu den Impf-Niewewierkungen?
Um Site vun der Patiente Vertriedung asbl ass, säit dem 26. Januar 2022, e Formulaire ze fannen, deen et de Leit erlaabt Impf-Niewewierkungen ze deklaréieren. D'Deputéiert Gusty Graas a Carole Hartmann froe sech, firwat et dee Formulaire gëtt, an ob dee konform zur Legislatioun ass.
weiderliesen...
Wou sinn d’Aarbechten un engem Entschiedegungsfong fir „aléa thérapeutique“ drun?
Am Koalitiounsaccord gouf festgehalen, datt een Entschiedegungsfong fir „aléa thérapeutique“ agefouert soll ginn. Wann Accidenter bei Behandlungen geschéien, mee kee Feeler beim Gesondheetsdéngschtleeschter virläit, soll dëse Fong d’Patienten entschiedegen. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wou d’Aarbechten dru sinn an ob dëse Fong nach an dëser...
weiderliesen...
Wéi héich ass d'Bedeelegung um Fréierkennungsprogramm "Bilan 30"?
De Service audiophonologique offréiert eng Fréierkennung vu Sproochendefiziter bei Kanner am Alter vun 30 Méint. D’DP-Deputéiert Max Hahn, Claude Lamberty a Carole Hartmann hunn der Gesondheetsministesch Froen zu der Bedeelegung gestallt, wéi och zu den aktuelle Problemer ee Rendez-vous ze kréien.
weiderliesen...
Wéi vill Subside fir den Héichwaasserschutz si schonn ausbezuelt ginn?
Nom Héichwaasser vum leschte Juli hu vill Leit a Gemengen decidéiert, an Héichwaasserschutzmoossnamen z'investéieren, déi och vum Waasserfong finanziell ënnerstëtzt ginn. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Carole Hartmann hunn ënnert anerem nogefrot, wéi vill Demandë scho rakomm sinn a wéi vill dovu schonn traitéiert goufen.
weiderliesen...
Pediatrie zu Lëtzebuerg
Wann d’Kand krank, mee de Kannerdokter grad net disponibel ass, da kënnen d’Elteren mat hirem Kand an d’Kannerklinik, an d’Clinique Bohler oder an d’ambulant Pediatrie vum Nordspidol fueren. Nieft laange Waardezäiten, musse virun allem Elteren aus dem Norden an Oste vum Land dofir oft laang Trajeten op sech huelen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann wollten dowéinst vun der Gesondheetsministesch...
weiderliesen...
Wat ënnerhëlt d'Ministesch géint déi laang Delaien bei den Ordonnancë fir e PCR-Test oder fir sech z'isoléieren?
Well et aktuell zu gréissere Retarde beim Auststelle vun den Ordonnancë fir den Isolement, fir d’Quarantainen a fir PCR-Tester kënnt, hunn d'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas nogefrot, wat d'Grënn dofir sinn a wéi d'Situatioun verbessert soll ginn.
weiderliesen...
Indemnitéit fir Dokteren an der Spezialisatioun
Mam Gesetz vum 31. Juli 2020 goufen d’Indemnitéiten fir Dokteren ugepasst, déi amgaang sinn hir Spezialisatioun ze maachen. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler wollte vun der Gesondheetsministesch ënnert Anerem wëssen, ob Dokteren, déi sech an der Spezialisatioun befannen schon dës adaptéiert Indemnitéit kréien, a wann net, ob ee retroaktiven Remboursement vun der Differenz virgesinn ass....
weiderliesen...
Reaktioun vum Minister op den Opruff fir d'Covid-Demonstratioun virum Spidol Robert Schuman um Kierchbierg?
An hirer drénglecher parlamentarescher Fro wëllen d'DP Deputéiert Claude LAMBERTY a Carole HARTMANN wësse, wéi den zoustännege Minister op den Opruff fir virum Spidol Robert-Schuman ze demonstréiere reagéiert, besonnesch mam Wësse wéi d'Manifestatiounen an de leschte Wochen ofgelaf sinn.
weiderliesen...
Firwat krute verschidde schwanger Fraen hir Boosterimpfung refuséiert ?
Trotz Invitatioun fir d'Boosterimpfung, krute verschidde schwanger Fraen am Impfzentrum d'Impfung refuséiert. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Claude Lamberty hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, firwat dat esou ass a wat ënnerholl gëtt fir dëse Fraen den Zougang zu hirer Boosterimpfung z'erméiglechen.
weiderliesen...
Héichwaasserschied am Iechternacher Park: firwat leien d'Aarbechten nach ëmmer op Äis ?
D'Héichwaasserschied am Iechternacher Park goufen bis haut nach ëmmer net gefléckt. D‘Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler hunn d’Kulturministesch an deem Kader no de Grënn fir dësen Retard a no der viraussiichtlecher Reprise vun den Aarbechten gefrot.
weiderliesen...
Sinn nei P&R am Réimecher Kanton geplangt?
Aus dem Minister senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro geet ervir, dass keng zousätzlech P&R am Réimecher Kanton geplangt wieren. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet doropshin nogehaakt, wat d'Grënn dofir sinn.
weiderliesen...
Wéi steet et ëm de Site vun der fréierer "Petite Marquise"?
Am leschten Iechternacher Gemengerot an och an engem rezente Presseartikel war d’Kritik um Kulturministère vu Säite vum Buergermeeschter a sengem éischte Schäffe grouss. An deem Kader huet eis Deputéiert Carole Hartmann e puer Froen un d’Kulturministesch gestalt.
weiderliesen...
Wéini kënnt déi geplangten Entlaaschtungsstrooss zu Iechternach?
D'Aarbechten um éischten Deel vum Iechternacher Bypass kéinte laut Ministère Enn 2021 ufänken. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet dowéinst nogefrot, wou de Projet drun ass a wéini d'Aarbechten tatsächlech ufänke sollen.
weiderliesen...
Konkret Informatiounen zur finanzieller Ënnerstëtzung fir déi betraffe Gemengen am Kader vum Héichwaasser Mëtt Juli
Nom Héichwaasser Mëtt Juli gouf vun der Regierung eng finanziell Ënnerstëtzung vun 100 Millioune fir betraffe Stéit, Geschäfter a Gemengen zur Verfügung gestallt. D'DP Deputéiert Carole Hartmann huet an dem Kontext d'Inneministesch no konkreten Informatiounen zur finanzieller Ënnerstëtzung fir déi betraffe Gemenge gefrot.
weiderliesen...
Wäert d'Personal am Jugendschutz opgestockt ginn?
Ëmmer méi dacks héiert ee vu Kandsmëssbrauch an Affäre vu Maltraitance vu Kanner a Jugendlechen. Och Lëtzebuerg ass keng Insel an d’Zuelen hunn d’Tendenz zouzehuelen. An deem Kader hunn eis Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann e puer Froen un déi zoustänneg Ministere gestallt.
weiderliesen...
Wéi ee Bilan zitt den Aarbechtsminister iwwert d’Formatiounen déi am Kader vum Chômage partiel ugebuede goufen ?
Fir Entloossunge wärend dem duerch d’Covid-19 Pandemie verursaachten ekonomeschen Abroch ze verhënneren huet d’lëtzebuergesch Regierung de Chômage partiel agefouert. Des weideren huet de Ministère fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft Bonge fir Formatiounen ugebueden. D’Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann froen den Aarbechtsminister no sengem Bilan iwwert des Formati...
weiderliesen...
Firwat ass d'Strooss tëscht Bäerdref an der Vugelsmillen nach ëmmer gespaart?
Bäi den Iwwerschwemmunge vum Juli 2021 ass d'Strooss tëscht Bäerdref an der Vugelsmillen staark beschiedegt ginn. D’Deputéiert Carole Hartmann freet beim Mobilitéits- an Transportminister wéi d’Reparaturaarbechte viru ginn.
weiderliesen...
Wéi gesäit et mat der Gültegkeet vun der Covid-19-Impfung aus?
Verschidde Länner limitéieren d'Gültegkeet vun der Covid-19-Impfung fir d'Arees. Fir Persounen, déi Ufank des Joers geimpft goufen, leeft d'Gültegkeet vun der Impfung deemno geschwënn aus. D'DP-Deputéiert Claude Lamberty a Carole Hartmann hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob och Lëtzebuerg esou eng Limitt virgesäit a wat op EU-Niveau kann ënnerholl ginn.
weiderliesen...
RGTR-Reform : Wat ënnerhëlt de Ministère fir dass d’Buslinnen 110 an 111 rëm méi attraktiv ginn?
Déi nei Buslinnen 110 an 111, sou wéi se am Kader vun der RGTR-Reform festgehale goufen, si fir vill Leit net méi intressant genuch fir den Auto stoen ze loossen, dat héiert een ëmmer nees aus der Regioun. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet dowéinst beim zoustännege Minister nogefrot, wat geplangt ass, fir dës Linne rëm méi attraktiv ze maachen.
weiderliesen...
Wéi séier kann de Betriber, déi ënnert den Iwwerschwemmunge gelidden hunn, gehollef ginn?
Vill Geschäfter, Hoteller, Restauranten, Caféen a Campingen, déi scho staark ënnert dem Confinement gelidden hunn, hunn elo enorme Schued duerch d’Iwwerschwemmungen erlidden. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet beim Mëttelstandsminister Lex Delles nogefrot, ob dës Entreprisen Avance kéinten ausbezuelt kréien a wéi séier si mat enger Hëllef kënne rechnen.
weiderliesen...
Manner Héichwaasserrisiko duerch zousätzlech Retentiounsmoossnamen laanscht d'Flëss?
Kéint duerch d'Installatioun vu Polder, déi d'Waassermasse bei Héichwaasser opfänken, den Iwwerschwemmungsrisiko bei Flëss reduzéiert ginn? D'DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hunn nogefrot.
weiderliesen...
Risiko vun enger 4. Infektiounswell vu Covid-19
D'Delta-Variant vu Covid-19 verbreet sech ëmmer méi an Europa. Domadder kënnt d'Suerg op, datt am Hierscht eng 4. Infektiounswell op eis duerkomme kéint. D'DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi si de Risiko vun enger 4. Well hei am Land aschätzt an ob scho Preparatioune lafen fir sech op dëse Fall virzebereeden.
weiderliesen...
Obligatoresch Defibrillatoren an ëffentleche Gebaier?
Defibrillatoren an éischt Hëllef Geste kënne Liewe retten, dat huet de rezente Fall vum dänesche Fussballspiller Christian Eriksen op en Neits gewisen. Well et a sou Situatiounen drop ukënnt, dass net nëmmen de Public genuch sensibiliséiert ass an déi richteg Geste kennt, mee et och genuch Defibrillatoren am ëffentleche Raum gëtt, hunn d'DP-Deputéiert Carole Hartmann, Claude Lamberty a Max Hahn bei...
weiderliesen...
Diskriminatioun vun Homosexuellen bei der Bluttspend
Aktuell dierfen homosexuell Männer 12 Méint kee Geschlechtsverkéier, wann si zu Lëtzebuerg Blutt spende wëllen. An anere Länner, wéi z.B. Groussbritannien, gëtt de Prinzip vum individuelle Risiko beim Sexualverhalen ugewannt, woumat et net zu enger Diskriminatioun vun Homosexuelle kënnt. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gilles Baum wollte vun der zoustänneger Ministesch wëssen, ob d'Diskriminatioun...
weiderliesen...
Kombinatioun vu verschiddene Vaccinen géint de Covid-19
Eng rezent Etüd vun der Universitéit vum Saarland deit dorobber hin, datt eng Kombinatioun vum AstraZeneca a vum Biontech/Pfizer Impfstoff zu enger héijer Immuniséierung féiert. D'DP-Deputéiert Claude Lamberty a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch ënnert Anerem nogefrot, ob esou eng Kombinatioun, no Bestätegung vun der Resultater, och ze Lëtzebuerg consideréiert géif ginn?
weiderliesen...
Méi Caniculen duerch de Klimawandel: Wat ass den Impakt zu Lëtzebuerg?
Opgrond vum Klimawandel wäerten Hëtztwellen ëmmer méi heefeg ginn. Domadder klëmmt och de Risiko vun Dehydratiounen an Hëtztdoudegen, virun allem bei eeleren a kranke Leit. D'DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hunn der Gesondheetsministesch zu dësem Sujet e puer Froe gestallt, ënnert Anerem zu wéi villen Hëtztdoudeger an Dehydratiounen et hei am Land an de leschte Joren komm ass.
weiderliesen...
Ëmwelt a Gesondheet ginn Hand an Hand
Eis Ëmwelt huet en direkten Afloss op eis Gesondheet – an dat a villerlee Hisiicht. Dat huet d’Covid-Pandemie däitlech gewisen. D’DP wëll dofir de Stellewäert vun der Ëmweltmedezin a vun der Gesondheetspolitik stäerken.
weiderliesen...
Keng Autorisatioun fir eng Skulptur zu Iechternach?
Zu Iechternach soll um Péngschtdënschdeg zu Éiere vun der Sprangpressessioun eng Skulptur aus Bronze ageweit ginn. Well de Site vis-à-vis vun der Basilika mat zum Monument national gehéiert a geschützt ass, muss den zoustännege Ministère seng Autorisatioun fir dës Skulptur ginn. An deem Kontext hunn eis Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler eng dringend parlamentaresch Ufro gestalt.
weiderliesen...
‚Stealthing‘ – muss d‘Definitioun vun der Vergewaltegung am Strofrecht nei ugepasst ginn?
Wann de Partner beim Geschlechtsverkéier d’Kondom ausdeet, ouni der Partnerin eppes dovun ze soen, da schwätzt ee vu ‚stealthing‘. Dëst ass net nëmmen e grousse Vertrauensbroch, mee kann och gesondheetlech Konsequenze fir béid Partner mat sech bréngen. Wéi gëtt dëse Phänomen hei zu Lëtzebuerg gehandhaabt? Wat ass an esou engem Fall am Strofgesetz virgesinn? Muss d’Strofgesetz adaptéiert ginn fir dës...
weiderliesen...
Wéi vill Leit hu bis ewell hire Numm gewiesselt?
Am Dezember ass dat neit Gesetz gestëmmt ginn dat de Prozess sollt vereinfachen fir de Numm oder Virnumm ze änneren. Wéi vill Leit hunn dës Méiglechkeet bis ewell genotzt, wéi laang dauert de Prozess a sinn all Demanden och erfollegräich. Eis Deputéiert Carole Hartmann huet beim Ministère de la Justice nogefrot.
weiderliesen...
Aféierung vun engem drëtte Geschlecht
Rezent Diskussiounen hunn d’Thematik iwwer Geschlechter an hir Bedeitung an enger Societéit nei relancéiert. Och d’Gesetzestexter sollen an Zukunft méi inklusiv sinn, a sech enger Gesellschaft am Wandel upassen. Am Koalitiounsakkord 2018-2023 ass virgesinn, en drëtt Geschlecht, also eng drëtt Optioun am État civil ze envisagéieren. Wéi wäit sinn d’Aarbechten op dësem Projet a wat ass hei genee virgesinn?...
weiderliesen...
Krankeschäiner wärend der Covid-Pandemie
D'CNS huet 2020 iwwer 1,1 Millioune Krankeschäiner erfaasst, wat eng däitlech Hausse vis-à-vis vun 2019 representéiert. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann wollt vum Minister fir d'sozial Sécherheet ënnert Anerem wëssen, wéi eng Secteuren am Meeschte betraff waren, wéi laang d'Krankeschäiner duerchschnëttlech gedauert hunn a wéi oft se verlängert goufen.
weiderliesen...
Verlängerung vum Chômage partiel am Bausecteur
Opgrond vum Mangel u Rostoffer an anere Materialien, huet d'Regierung decidéiert fir de Chômage partiel am Bausecteur bis Juni ze verlängeren. An dësem Kontext hunn d'DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann bei den zoustännege Ministeren ënnert Anerem nogefrot wéi vill Entreprisen hei betraff sinn a wéi eng Konditiounen erfëllt musse sinn fir de Chômage partiel kënnen unzefroen.
weiderliesen...
Wat geschitt wann den Droit de garde net respektéiert oder d’Kand vum Partner entfouert gëtt?
Am Fall vun enger Scheedung soll e gedeelten Droit de Garde oft e Kompromëss an et soll kloer gereegelt sinn, wien d’Kanner wéini a fir wéi laang bei sech hunn. Net ëmmer gëtt sech allerdéngs un dat wat ausgemaach ass gehalen. Ëmmer méi oft héiert een och vu Fäll wou en Elterendeel d’Kanner méi laang bei sech behält oder och se net méi bei den Ex-Partner zeréckgoe léisst. Mat Zäite ginn d’Kanner esouguer...
weiderliesen...
Sinn d'Organtransplantatioune wéinst der Pandemie zréckgaangen?
Wéinst der Covidkris hu vill aner medezinesch Agrëff an Traitementer missen ofgesot oder verréckelt ginn. Dat trëfft och op Organtransplantatiounen zou, am besonneschen d'Transplantatioun vun Nieren. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der Gesondheetsministesch ënnert Anerem nogefrot, wéi vill Nierentransplantatiounen hei am Land wärend der Pandemie hu missen deprogramméiert ginn, wéi vill Patienten...
weiderliesen...
Depressiounen no der Gebuert
D’Gebuert vun engem Kand ass ee vun deenen schéinste Momenter fir all Elteren. A vereenzelte Fäll kënnt et allerdéngs fir, dass d’Mamm oder de Papp eng „post-natal Depressioun“ entwéckelt an alles anescht ewéi Gléck a Freed verspiert. An deem Kader wollt d’DP-Deputéiert Carole Hartmann vun der Gesondheetsministesch wëssen, wéi déi betraffe Persounen zu Lëtzebuerg kënnen gehollef kréien.
weiderliesen...
Wéi ass d'Situatioun vun de Geschlechtskrankheeten zu Lëtzebuerg?
Geschlechtskrankheeten sinn nach ëmmer eng reell Gefor fir eis Gesondheet. Antibiotikaresistenzen droen zousätzlech dozou bäi, datt verschidde Krankheeten nees méi geféierlech ginn. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Claude Lamberty hunn dowéinst bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéivill Fäll vu Geschlechtskrankheeten zu Lëtzebuerg optrieden a wéi eng Mesuren ergraff ginn fir hir Verbreedung...
weiderliesen...
Wéi staark hunn d'Riewen zu Lëtzebuerg ënner dem rezente Frascht gelidden?
Nodeems a ganz Frankräich de Frascht de Riewe schlëmm zougesat huet, hunn d'DP-Deputéiert André Bauler, Gilles Baum a Carole Hartmann beim zoustännege Minister nogefrot, wéi d'Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit.
weiderliesen...
Wéi steet et ëm d’Kapazitéiten vun der Offallentsuergung?
Mam Wuesstem vun eiser Populatioun klëmmt och d’Quantitéit un Offall deen vun de Gemengenautoritéiten entsuergt muss ginn. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gilles Baum hu bei der Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung ë.a. nogefrot, ob eventuell geplangt gëtt fir d’Kapazitéiten vun der Verbrennungsanlag zu Leideleng an der Décharge Muertendall ze erhéijen.
weiderliesen...
Operatiounen un Intersex Kanner – an Zukunft och zu Lëtzebuerg verbueden?
Operatiounen u Kanner déi ‚intersex‘ sinn, si keng Seelenheet. Oft gëtt Intersexualitéit als e medezinesche Problem ugesinn, den et ze behiewe gëllt. Onofhängeg dovun, dass dës Kanner gesond sinn, gëtt hinnen heimat e Choix geholl den si zu engem spéideren Zäitpunkt hätte missen dierfe selwer treffen. An Däitschland soll lo e Gesetz des Praxis verbidden an intersex Kanner an hirer Autodetermination...
weiderliesen...
Ass e spezielle Congé bei Feelgebuerten virgesinn?
Eng Feelgebuert ass fir all Elteren e schreckleche Moment. En Enn vun engem neie Liewen, nach éier et ugefaangen huet. A Neiséiland gouf e Gesetz gestëmmt dat den Elteren an dëse Fall soll extra Congésdeeg accordéieren. Si sollen an dëser Situatioun Zäit kréien hire Verloscht ze betraueren. D’Deputéiert Carole Hartmann a Max Hahn hu nogefrot, ob och bei eis esou speziell Congésdeeg wäerten agefouert...
weiderliesen...
Asaz vu Schnelltester an de Spideeler
Obwuel Spideeler streng Hygiènesmesuren anhalen, kann et virkommen, datt sech Patienten am Spidol mat Covid-19 ustiechen. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler hunn d'Gesondheetsministesch no Statistiken gefrot a wéi oft Schnelltester am Spidol an den Asaz kommen fir d'Patienten ze schützen.
weiderliesen...
Wéi kënne mir besonnesch déi Jonk virun ‚Hate speech‘ am Netz schützen?
De Phenomen vum Hate Speech verbreet sech ëmmer méi an der Gesellschaft. Net nëmmen, mee besonnesch Kanner a Jugendlecher gesinn sech dëse Commentaire mat all hire Konsequenzen ausgesat. Wéi huet sech dëse Problem iwwert d’Joren entwéckelt, wat ka gemaach ginn fir dem entgéintzewierken a wéi kënne besonnesch déi Jonk sech virun Hate Speech am Netz schützen a sech dogéint wieren. D’Deputéiert Carole...
weiderliesen...
Wéi vill Kontrolle goufen et am Horeca-Secteur wärend der Krise ?
D’ITM huet wärend der Krise och Kontrollen am Horeca-Beräich gemaach. Natierlech sinn dës Kontrolle wichteg, mä verschidde Betriber mussen elo a kuerzer Zäit gréisser Aarbechte maachen. Si fäerten, datt se wéinst der Pandemie dëst net an der imposéierter Zäit hikréien a bei verschiddener feelen och d’Liquiditéiten. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Guy Arendt froe beim zoustännege Minister no, wéi...
weiderliesen...
Am Spotlight : Carole Hartmann
No de leschte Chamberwalen huet d’Presidentin vun der DP-Osten de Sprong an d’Chamber gepackt a gehéiert zanterhier zu de jéngsten Deputéierten um Krautmaart. Mir hunn eis mat der Affekotin iwwert hir politesch Prioritéiten, hir Suergen ëm d’Betriber an iwwert déi lokal Erausfuerderunge vun der Iechternacher Gemeng ënnerhalen.
weiderliesen...
Hiewanen ouni Invitatioun fir d'Covid-19-Impfung
Et ass eis zu Ouere komm, datt verschidde liberal Hiewanen nach keng Invitatioun krute fir sech géint de Covid-19 impfen ze loossen. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob dëse Problem bekannt ass, an ob och aner Gesondheetsberuffer betraff sinn.
weiderliesen...
Deene Schwächsten ënner d'Äerm gräifen
D’Corona-Pandemie mat hire méi oder manner strenge Lockdownen, huet eis Wirtschaft ausgebremst an erschwéiert d'Reprise vun hiren Aktivitéiten. D’Regierung huet dofir eng ganz Rei finanziell Aiden a Mesuren decidéiert, fir der wirtschaftlecher Onsécherheet entgéint ze wierken a fir Aarbechtsplazen ofzesécheren.
weiderliesen...
Impfzentrum zu Ettelbréck
Den DP-Deputéierten André Bauler a Carole Hartmann ass zougedroe ginn, datt fir eeler Leit aus der Nordspëtzt, mat enger Invitatioun fir d'Covid-19-Impfung, am Impfzentrum zu Ettelbréck deelweis keng Zäitplagë méi fräi waren. Si kruten um Telefon gesot si missten ee Rendez-vous zu Munneref huelen. D'Deputéiert hu sech bei der Gesondheetsministesch renseignéiert, ob et sech dobäi ëm Eenzelfäll handelt...
weiderliesen...
Zousätzleche Lärmschutz laanscht d'Autobunnen?
Am Aktiounsplang géint de Kaméidi bei grousse Verkéiersachsen ass a priori näischt virgesi fir de Lärmschutz laanscht d'A1 ze verstäerken. Der DP-Deputéiert Carole Hartmann ass awer zu Ouere komm, dass awer vill Leit, déi an der Géigend wunnen, sech weider Mesure géife wënschen. Dowéinst huet d'Carole Hartmann bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob net awer weider Mesure méiglech wieren.
weiderliesen...
Wéi wäit sinn d'Aarbechte vum neie Wäimusée zu Éinen?
Den 26. September 2018 gouf de Grondstee fir den Ëmbau vum Wäimusée zu Éinen geluecht. Zanterhier ass awer net vill geschitt. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann freet bei den zoustännege Ministeren no wou de Schantjen drun ass a wéini den neie Musée wäert opgoen.
weiderliesen...
Ab wéini kënnen Hausdokteren géint de Covid-19 impfen?
Nieft den Impfzenteren soll an Zukunft och an de Praxissen vun Hausdokteren géint de Covid-19 geimpft kënne ginn. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler hu bei der Gesondheetsministesch ënnert Anerem nogefrot, ab wéini dëst méiglech wäert sinn an ob jiddereen sech vu sengem Hausdokter wäert kënnen impfe loossen.
weiderliesen...
D'Interessië vun de schaffende Leit gehéieren erëm an de Mëttelpunkt
D'DP ass dovunner iwwerzeegt, datt all Salarié selwer weess, wéi en am beschte schaffe kann. Esouwuel d'Salariéen ewéi och d'Patrone wënsche sech méi Flexibilitéit - fir eng besser Work-Life-Balance oder fir d‘Aarbecht besser un dat wirtschaftlecht Ëmfeld upassen.
weiderliesen...
Fërderung vu Lëtzebuerger Produiten duerch staatlech Firmen?
Et ass den DP-Deputéierte Gilles Baum a Carole Hartmann zougedroe ginn, dass d'Luxair franséische Schampes op hire Flich zerwéiere géif. Déi zwee Ost-Deputéiert hunn dowéinst bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob et net sënnvoll wier Lëtzebuerger Cremant a Wäiner iwwer Firmen, wou de Staat Haaptaktionär ass, ze fërderen?
weiderliesen...
Nosokomial Infektiounen zu Lëtzebuerg
Och an de Spideeler kann et virkommen, datt Patiente sech eng Infektioun zouzéien. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch ënnert Anerem no aktuellen Zuele gefrot a wéivill spezialiséiert Personal an dësem Beräich zu Lëtzebuerg schafft.
weiderliesen...
Impfstrategie: Wäerte verschidde Beruffsgruppen prioritär geimpft ginn?
An der Phase 1 vun der Impfstrategie gouf d'Personal aus dem Gesondheetssecteur oder déi, déi a Spideeler oder Altersheemer schaffen, prioritär geimpft. An der 2. Phas vun der Impfcampagne gi Persounen ab 75 Joer, souwuel gesond wéi och vulnerabel Persounen, ofsteigend nom Alter geimpft. D'DP Deputéiert Carole Hartmann a Claude Lamberty froen bei den zoustännege Ministere no, ob och aner Beruffsgruppen,...
weiderliesen...
Remboursement vu chirurgeschen Agrëff bei engem Lipödem ab dem 1. Stadium
Zu Lëtzebuerg gi chirurgesch Agrëff bei engem Lipödem ab dem 3. Stadium vun der Krankekeess rembourséiert. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet beim zoustännege Minister nogefrot, firwat net schonn ab dem 1. Stadium esou Agrëff rembourséiert ginn.
weiderliesen...
Wéi vill Prozent vun de Residenten huele reegelméisseg um "Large scale Testing" deel?
D'Regierung huet rezent matgedeelt, datt eng drëtt Phase vum Large-Scale-Testing Mëtt Mäerz ulafe wäert. D'DP Deputéiert Carole Hartmann wollt an deem Kontext ë.a wëssen, wéi vill Prozent vun de Residente reegelméisseg um "Large schale Testing" deelhuelen.
weiderliesen...
Impfung géint Pneumocoquen
An enger Konventioun tëschent dem Staat an der Krankekeess (CNS) vun 2018 ass festgeluecht, datt Persounen iwwer 85 Joer de Vaccin géint d'Pneumocoquen net integral rembourséiert kréien. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet beim zoustännege Minister nogefrot, firwat dës Alterslimitt festgeluecht gouf.
weiderliesen...
Zwou nei Maisons médicales fir de Norden an den Osten
De Süden an den Zentrum vum Land kréien 2 nei Maisons médicales. De Gesondheetsministère léisst awer och ënnersichen, wou nei Maisons médicales am Norden an am Oste vum Land opgebaut kéinte ginn. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéieng Kantoner als Standuert consideréiert ginn.
weiderliesen...
De Staat léist eis Betriber net am Ree stoen
De Mëttelstandsminister Lex Delles 3 zousätzlech Hëllefen an d’Liewe geruff, déi besonnesch deene Secteuren hëllefen, déi am schwéierste vun der Corona-Kris betraff sinn: Horeca, Tourismus, Kultur an Evenementiel.
weiderliesen...
Firwat dauert et sou laang bis dass d'Leit d'Primm fir e Vëlo oder Elektro-Auto ausbezuelt kréien?
Den DP-Deputéierte Carole Hartmann a Max Hahn ass zu Ouere komm, dass et ënner Ëmstänn ganz laang dauert bis dass d'Leit d'Primm "Clever Fueren" och tatsächlech ausbezuelt kréien. Si hunn dowéinst bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, firwat dat sou ass a wat kann ënnerholl ginn, fir dës Delaien ze reduzéieren.
weiderliesen...
Kéinten CBD-Produiten an der EU verbuede ginn?
D'Europäesch Kommissioun huet dëse November annoncéiert, datt de Cannabidiol (CBD) als Betäubungsmëttel agestuft kéint ginn. Als Konsequenz wiere Produiten mat natierlechem CBD an der EU domadder verbueden. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas hunn der Gesondheetsministesch dozou e puer Froe gestallt.
weiderliesen...
Ee neie séieren PCR-Test fir Lëtzebuerg?
Ee Start-up aus dem Beräich vun der medezinescher Technologie huet ee neie séieren PCR-Test entwéckelt. Dësen Test kann a Klinicken an a Praxissen agesat ginn. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob dësen Test och zu Lëtzebuerg disponibel wäert sinn.
weiderliesen...
Besteet aktuell eng juristesch Onsécherheet bei verschidden Entloossungen?
D'Gesetz vum 20. Juni 2020 huet d'Period vu 26 Wochen Kënnegungsschutz bei Aarbechtsonfähegkeet wärend der Zäit vum État de crise ausgesat an den Dispositif modifizéiert. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet beim Aarbechtsminister elo nogefrot, ob eng juristesch Onsécherheet fir d'Patronen bei Entloossungen, no Oflaf vun de 26 Wochen, entstan ass.
weiderliesen...
Wéi steet et ëm den Iechternacher Bypass?
Schonn zënter op mannst 2013 ass e Bypass zu Iechternach virgesinn, fir den Duerchgangsverkéier ëmzeleeden. Laut Koalitiounsaccord hätten d'Aarbechten virun Enn 2020 sollten ufänken. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet beim zoustännege Minister nogefrot, wéi de Stand der Dinge an deem Dossier ass a wéini d'Aarbechte sollen ulafen. Donieft wollt hatt och wëssen, wéi wäit en anere Projet fir d'Verkéierssituatioun...
weiderliesen...
Wéieng finanziell Hëllefen fir de Sportsecteur?
Trotz de neie sanitäre Mesuren, déi Enn Oktober agefouert goufen, kann am Sportsecteur kee Chômage partiel ugefrot ginn. D'DP-Deputéiert Claude Lamberty a Carole Hartmann hunn an dësem Kontext beim Aarbechts- a beim Sportminister nogefrot, ob aner finanziell Hëllefen fir de Sportsecteur virgesi sinn.