D’DP Gemeng Mamer hat de 6. Februar 2025 op hir Generalversammlung am Mamer Schlass invitéiert. De President Sven Bindels an d’Sekretärin Jessica Klopp konnten nieft dem Deputéierte Gusty Graas, der Presidentin vum DP-Bezierk Süden, Daliah Scholl, dem JDL-Vizepresident Steven Milbert, eng ganz Rei liberal Frënn aus der Gemeng Mamer, mee och aus den Nopeschgemenge souwéi etlech Jonk Demokraten begréissen.
Asaz fir e Service de proximité
De Sven Bindels an d’Jessica Klopp, déi fir d’DP Gemeng Mamer am Gemengerot sëtzen, hunn detailléiert duergeluecht, wéi eng Impulser si konnten an de Gemengerot vun der Gemeng abréngen, déi säit Jore vun enger CSV/LSAP-Koalitioun gefouert gëtt. D’DP Gemeng Mamer huet sech, besonnesch am Interessi vun eisen eelere Matbierger, fir e Service de proximité staark gemaach, dee kleng Aarbechte fir si erleedegt.
Si huet och gedrängt, datt de System vum Super Senior schnell zu Mamer agefouert gëtt, bei deem erfuere Matbierger Schüler kënnen Nohëllefstonne ginn. D’Verkéierssécherheet ass der DP Gemeng Mamer e grousst Uleies. Sou ginn et endlech Berliner Kissen fir d’Verkéiersberouegung bei Café Kleng Gemeng an der Rue du Marché zu Mamer.
D’DP Gemeng Mamer ass dës weidere frou, dass den Dossier fir e Shared Space op der Areler Strooss op der Cap erëm opgemaach gouf an doriwwer, dass Mamer endlech eng Schwämm huet. Dëst war eng laangjäreg Fuerderung vun der DP Gemeng Mamer.
Ganz aktiv an de Kommissiounen
Mee net nëmmen am Gemengerot gëtt vill geschafft: D’Vertrieder vun der DP Gemeng Mamer si ganz aktiv an de berodende Gemengekommissiounen, wéi de bäigeurdnete Sekretär Claude Karger a sengem Rapport ënnerstrach huet. Si brénge lafend nei Iddien eran, fir d’Liewenskonditioune vun alle Matbierger an der Gemeng ze verbesseren an dozou bäizedroen, dass d’Gemeng d’Erausfuerderunge vun haut a vu muer ka meeschteren.
Nohalteg Finanzen, en attraktiivt Wirtschaftsëmfeld, e laangfristege Plang fir urbanistesch Projeten, Strategie fir Natur- a Klimaschutz, fir Energie- a Waassermanagement, fir en harmonescht Zesummeliewen an enger ëmmer méi internationaler Gemeng: fir dës an aner zentral Uleies setzt sech d’DP Gemeng Mamer mat Häerz a Séil an. Mir wëlle weiderhi konstruktiv a fair zesumme mat den anere Parteien u Léisunge schaffen.
D’finanziell Lag vun der DP Gemeng Mamer ass iwwerdeems exzellent, wéi den Tresorier Daniel Magar duergeluecht huet. Dat ass net zulescht der 1. Mee-Feier beim Mamer Schlass ze verdanken, dem traditionelle Rendezvous vun der DP Gemeng Mamer, dee wäit iwwer d’Gemengegrenzen ewech bekannt ass a natierlech och dëst Joer erëm stattfënnt.









