Honnerte Leit aus der Gemeng Mamer an aus dem ganze Land hu gëschter mat der DP Gemeng Mamer an de Mee era gefeiert. Beim Mamer Schlass gouf et flott Ënnerhalung, e Sprangschlass fir d’Kanner a natierlech gutt Iessen a Gedrénks fir all Goût.
D’gutt Wieder war um Rendezvous, och wa mer am spéiden Nomëtteg mat enger zolitter Schauer hunn e bësse misse kämpfen.
Villmools Merci un all eis Gäscht, dass Dir de Wee bei eis fonnt hat! A schreift Iech schonn an Ären Agenda: Den 1. Mee 2024 verbréngen ech mat der DP Gemeng Mamer.
Merci och fir d’Ënnerstëtzung duerch d’Gemengeservicer an un all ons Frëndinnen a Frënn, déi eng Hand mat ugepaakt hunn, fir dëst schéint Fest méiglech ze maachen!