B.R. 2022 a Budget 2023: Stellungnahm vun der DP Fraktioun:
Claude Wagner, Patrick Frieden a Claire Sertznig

Am Numm vun der DP-Fraktioun wëllen mir allen Mataarbechter Merci soen fir den Budget mat allen Rapporten.
Och mir wëllen allen Parteien hei um Dësch Merci soen fir den gudden an fairen Ëmgang och wann en politesch déi eng oder aner Kéier enger anerer Meenung ass.

Zum Budget
Een 1. Feststellung:
An enger nächster Legislaturperiod bleift nët vill Spillraum fir grouss Projeten.

–    Upassung Taxen (Waasser, gestion des déchets, weil d‘Pertën ëmmer klammen, wéi iwriëns och bäi der Piscine oder der Musiksschoul): Am Budget fir 23 ginn keng Taxen ugepasst, esou wei et nom Prinzip “pollueur-payeur” virgesinn ass!  Sécher ass et zu dësen Zäiten an och 6 Méint virun de Wahlen, nët sexy Taxen unzepassen. Is Fro: Ginn Taxen dann direkt no den Walen erhéicht?

Mir sen der Meenung, datt ee soll d’Taxen, wéi an den Direktive virgesin, nom Verursacherprinzip festseetzen. Allerdéngs dann och e Mechanismus op d’Bee seetzen, datt deenen, déi dodorech a finanziell Schwieregkeete geroden, och vun der Gemeen gehollef krin.

Extraordinär 2022:

–    Extraordinär 2022: Vergläicht een d’dépenses extraordinaires vum budget initial mam Budget rectifié 2022 mateneen, da sinn an dësem Joer just 62% vun den Projeten realiséiert ginn. Dat entsprëcht ronn 9,3 Mio, déi an desem Exercice net ausgi gi sen, wuel awer op 2023 reportéiert gin. Dann ass et och ganz normal, datt een keen Emprunts brauch ze zeien. Den Buergemeester huet an senger Ried gesot dat wär ënnert anerem “duerch déi efficace Aarbecht fir Subsiden ze kréien”:ass dat nët ganz normal déi Aarbecht, déi ee vum Schäfferot muss verlangen?

–    Et ass och einfach, Geld op en Kont à terme ze setzen, a wann dann op der anerer Säit den Kont Courant am negativen ass, dann setzt een am Endeffekt Scholden op en Kont à terme, wat letztlech méi Zënse kost wéi et der abréngt. Dat as just Sand an d’Aë gestreet.

–    Dépense ordinaire: ginn vum rectifié 2022 op de budget 2023 em 14% an d ‘Luucht! Dat gesäit net no Spuermossnahmen aus! Mat verschiddene Punkten betreffend Personal sinn mir dermat d ‘Accord, aner Personal politesch Diskussiounen hunn mir well en Puer mol am Gemengerot am Laf vum Joer gesot.

–    D’Zënslast geet vun 2022 op 2023 em 900.000€ an d’Luut. An do as nach nëmmen en Deel Annuitéiten vum neien Emprunt berücksichtegt!

–    Ech bleiwe bei de Frais Financiers: Mir hunn dat bal an allen Budget Diskussiounen ugeschwat an gefrot: wat ass wann Zënsen emol an Luucht ginn? Säit Joeren seet den den Buergemeester dat wäert esoubal nach nët kommen.. an elo ass et awer geschidd! an wéi geet et weider? Am Verglach freessen Zënsen déi Gelder déi mir bei der Dotatioun en plus kréien.

–    Projeten fir 2023: Mat deen meeschten Projeten sinn mir mat an verstanen an droen mir och mat zemol den Haaptprojet  den Centre culturel an deen eng Rei vun eisen Ideeën an diversen Sitzungen agefloss sinn Aner Projeeën missten op Grond vun der ugespanter finanzieller Situatioun no hanne geréckelt gin: Renovatioun am Haus 3, Place du Marché oder d’Gare routière, fir just déi ze nennen. Bei der Piscine bedauere mir, datt net scho lang een sériös Etude gemach gin as, wéi een dee Site richteg kinnt “en valeur” seetzen! Elo hu mir nees Handlungszwang fir d’Piscine iwerhapt kënnen opzeman.

– De Boni ordinaire schrumpft op grad emol nach 1,8 Mio an dësen ass Säit Joeren Réckleefeg, geschwënn wäerten mir guer keen Boni méi hunn. Dann hu mir keen Iwerschoss méi fir ze investéieren, an esou vill Scholden ugeheeft, datt mir irgendwann keen weider méi kënne machen. Do muss een den Bauch wéi kréien! Fir Zukunft kommen awer nach eng Rei Projeten op iis duer.      

  • Schoul 
  • Maison Relais
  • Bei der Schwemm hätt een sech, wéi scho gesot, schonn éischter Gedanken maache missen.
  • Wéi ass et mat der 3er Phase vum Moart?

Héich Investitiounen tätegen, wann d ‘Zënse niddereg sënn, ass sécher goud a richteg, wann se a Projete fléissen, déi prioritär néideg sënn. Awer och just an déi.

Wéi schonn vum Buergemeester gesot sinn mir och emol op der selwechter Wellelängt, awer selten bei den Zuelen a bäi den Prioritéiten

D’Gemeeneréit, Membren vun der DP Maacher:
Claude Wagner, Patrick Frieden, Claire Sertznig

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp