Le suivi des travaux au parc d’Echternach

Au parc d'Echternach, un panneau indique qu'une étude historique est menée par le ministère de la Culture et que tant qu'elle n'est pas terminée, aucun dégât des inondations de juillet 2022 ne pourra être réparé. Notre députée Carole Hartmann a demandé quelques détails dans une question parlementaire à la ministre de la Culture.

Den Iechternacher Park gouf bei de schroen Iwwerschwemmungen am Juli 2021 staark beschiedegt an ass bis haut an engem ganz schlechten Zoustand.

Bal 1 Joer nom Héichwaasser huet de Schäfferot vun der Stad Iechternach elo e Panneau am Park opstelle gelooss, wou drop steet: «Aufgrund einer historischen Studie des Kulturministeriums dürfen wir die durch das Hochwasser entstandenen Schäden derzeit nicht beheben» .

Well dës Matdeelung eppes anescht seet, wéi dat wat Dir op eng parlamentaresch Fro vum 21. Dezember 2021 geäntwert hutt, géif ech Iech biede folgend zousätzlech Froen ze beäntweren:

  1. Huet d’Gemeng Iechternach, no ärer Äntwert op déi uewe genannte parlamentaresch Fro, den Dossier vun de geplangten Aarbechte komplettéiert a vollstänneg um Kulturministère eragereecht? Si säitdeem nei Autorisatioune vum Kulturministère un d’Gemeng Iechternach erausgaangen? Wa jo, firwat konkret?
  2. Ass et nach ëmmer esou, dass Aarbechten un de Weeër an un der Beliichtung (am ganze Park a spezifesch fir d’Vëlospist), op den Tennis Terrainen an um Mini-Golf (déi alle béid och e neien Zonk brauchen) iwwer eng Autorisatioun vum Kulturministère kënne gemaach ginn? Sinn all di néideg Demandë fir des Aarbechte vun der Gemeng Iechternach un de Kulturministère eragereecht ginn? Sinn all d’Autorisatioune vum Kulturministère ausgestallt ginn?
  3. Wéi eng kleng Aarbechte kënnen ouni Autorisatioun vum Kulturministère gemaach ginn? Kënnen z.B. nei Poubelles-Bac’en an nei Bänke vun der Gemeng en Place gesat ginn? Oder këmmert sech de Staat ëm des kleng Aarbechten? Wien kënnt finanziell fir all d’Aarbechten, déi am Park geleescht ginn op?
  4. A wéi fern ass et richteg, dass d’Schied vum Héichwaasser wéinst der annoncéierter historescher an architektonescher Etüd net däerfe behuewe ginn? Wéi eng Schied a wéi eng Aarbechte sinn heivunner konkret betraff? Ass et notamment effektiv esou, dass keng nei Hecken, Planzen a Blumme kënne gesat ginn, och wann de Park doduerch weiderhin an engem ganz schlechten Zoustand bleift?
  5. Wann esou laang wéi déi historesch an architektonesch Etüd gemaach gëtt, verschidden Aarbechten net kënne gemaach ginn, wéi laang wäert dat de Fall sinn? Wéi laang soll déi historesch an architektonesch Etüd daueren? Ass de Kulturministère sech bewosst, dass déi vill Visiteuren an Touristen déi op Iechternach kommen den Iechternacher Park wärend all där Zäit an engem ganz schlechten Zoustand erëmfannen? Wat gedenkt de Kulturministère do dergéint ze maachen?
  6. Fir d’Tennis-Terrain’en nees a Betrib ze huelen, mussen och d’Elektresch- an d’Waasserleitunge kënne genotzt ginn. Kënnen d’Aarbechten diesbezüglech am Kader vun der Instandsetzung vun den Tennis-Terrain’en gemaach ginn oder brauchen dës eng speziell Autorisatioun? Sinn all des Autorisatioune vun der Gemeng Iechternach gefrot ginn? Huet de Kulturministère des Autorisatiounen och ginn?
  7. Ass d’Gemeng Iechternach mam Kulturministère a Verbindung getrueden, fir zesummen ze beschwätzen, wéi d’Instandsetzung vum Iechternacher Park soll weidergoen? Ginn et reegelméisseg Echangen tëscht der Gemeng Iechternach an dem Kulturministère zu dësem Sujet?
  8. Konnten d’Aarbechten um Daach vum Pavillon entretemps weidergefouert an ofgeschloss ginn, nodeems se hu misste wéinst den onerlaabten Aarbechten déi d’Gemeng gemaach hat, gestoppt ginn?
  9. Wien finanzéiert déi historesch an architektonesch Etüd am Iechternacher Park? Wat ass hire Käschtepunkt? Wien finanzéiert di konkret Ëmsetzung vun der Etüd? Wéini soll dës ëmgesat ginn?

Réponse

Am Januar 2022 huet d‘Gemeng Iechternach den Dossier kompletéiert an eragereecht. Zousätzlech Froe sinn nach op der Plaz mat der Gemeng a mam Institut national pour le patrimoine architectural – INPA (anc. Service des sites et monuments nationaux) gekläert ginn. Am Februar  sinn d’Autorisatiounen eraus gaange fir de Waasseruschloss vun den Toiletten a vum Pavillon un d’Drénkwaassernetz unzebannen an och fir den Tennisterrain erëm an d’Rei ze setzen.

All gréisser Aarbechten am Parc mussen iwwert eng Autorisatioun vum Kulturminister approuvéiert ginn. Am Virfeld dovunner soll den INPA ageschalt ginn. Leider sinn am Parc vill grouss Aarbechte lassgetrëppelt ginn ouni déi Prozeduren ze respektéieren. Natierlech wier den INPA d’Urgence op d’Plaz komm, wann en da geruff gi wier. An der Teschenzäit gouf dat Néidegst autoriséiert a gemaach  fir déi déif Grief déi gezu goufen zou ze maachen. D’ Weeër goufen dann och mat engem validéiertem Aggregat iwwerzun. D’Sockele vun den Beliichtungen, déi och ouni Kontakt mam INPA an ouni meng Erlaabnis agesat goufen, konnten erhale bleiwen. Ech war dunn och d‘accord fir d’Beliichtungen, déi scho vun der Gemeng kaaft goufen, provisoresch drop z’installéiren, dat bis e Gesamtkonzept virläit, deen di historesch an architektonesch Etüd soll erginn.

De Mobilier vum Park muss mam INPA ofgeschwat a vu mer autoriséiert ginn. Dat Finanziellt gëtt geregelt tëscht der Gemeng Iechternach an der Administration de la Nature et des Forêts (ANF). 

All d‘Schied vum Héichwaasser dei d’Sécherheet vun de Leit betreffe konnte behuewen ginn. Wat elo nei ugeluecht a geplanzt gëtt, dat soll aus der Etüd déi leeft erausgoen. Do spille verschidde Krittäre mat, wei d’Volumetrie déi de Landschaftsarchitekt Henri Luja a sengem Konzept vun 1947 definéiert huet.

D’Etüd mat engem Masterplang wäert am Oktober presentéiert ginn an de Parc kéint am nächste Fréijoer nei beplanzt an ugeluecht ginn. Nieft dem normalen Ënnerhalt vun dem Bestoende kéint d’Gemeng déi Informatiounen un de Publikum weiderginn.

Et gëtt eng Autorisatioun aus dem Mäerz fir den Tennisterrain an d ‘Rei ze setzen.

Den INPA ass a Kontakt mat der Gemeng. D’Etüd mam Masterplang gëtt der Gemeng am Hierscht presentéiert.

D‘Aarbechten um Pavillon sinn amgaangen a wäerte bis Enn dëst Joer ofgeschloss sinn.

De Kulturministère finanzéiert déi historesch an architektonesch Etüd iwwert den INPA. De Käschtepunkt beleeft sech op 38.000 EUR. Duerno muss gekuckt ginn, tëscht der Gemeng, der ANF an dem INPA, wei d’Aarbechten am Park finanzéiert ginn.

Souhaitez-vous une traduction en français de cette question parlementaire ?

Partager :

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Plus de questions parlementaires

Un établissement public pour le don du sang ?

Les députés du DP Corinne Cahen et Gérard Schockmel ont posé des questions à la Ministre de la Santé sur l’établissement public annoncé pour le don du sang.
Les députés libéraux ont notamment demandé s’il ne serait pas plus judicieux de prendre en charge la totalité des frais de la Croix-Rouge pour le service de transfusion sanguine plutôt que de créer un établissement public ?
Et qu’adviendra-t-il de l’espace pour les dons de sang, prévu dans le nouveau siège de la Croix-Rouge à Howald, si la Croix-Rouge ne reprend pas le service de don du sang ?

lire plus...

La contribution financière de l’État pour le don du sang est-elle trop faible ?

Cette année, la Croix-Rouge est à nouveau déficitaire dans l’organisation du don du sang. Les députées du DP Corinne Cahen et Carole Hartmann ont demandé à la Ministre de la Santé si l’État ne devrait pas augmenter sa contribution financière, si le Luxembourg dispose toujours de réserves de sang suffisantes et si la Croix-Rouge devrait continuer à organiser seule le don de sang dans le pays.

lire plus...

Quel est le taux d’absentéisme ici au Luxembourg ?

Dans de nombreux pays européens, le taux d’absentéisme augmente. Les députés du DP André Bauler et Carole Hartmann ont demandé aux ministres compétents comment l’absentéisme a évolué au Luxembourg au cours des dix dernières années, quelles sont les explications de l’absentéisme et quelles sont les mesures prises actuellement pour y remédier.

lire plus...

Trop de mercure dans les conserves de thon ?

Les conserves de thon de toute l’Europe semblent être trop chargées en mercure. Le député du DP Gusty Graas a demandé aux ministres compétentes si les conserves au Luxembourg étaient également concernées et si les valeurs maximales de mercure dans le thon devaient être abaissées au niveau de l’UE.

lire plus...