Question
„Den däitsche Gesondheetsminister huet rezent Recommandatioune virgeluecht, fir Klinicken a Fleegeariichtungen besser op Hëtztwelle virzebereeden. Mat zouhuelendem Klimawandel wäert d’Hëtzt lues a lues zu engem bestännege Problem am Summer ginn. Dat verlaangt, datt een sech op dës Erausfuerderung virbereet, fir Patienten an eeler Leit sou gutt wéi méiglech ze schützen.
Virun deem Hannergrond wollte mir der Madamm Gesondheetsministesch follgend Froe stellen:
- Wéi gesäit de Moment d’Strategie vum Gesondheetsministère aus, fir d’Leit an de Klinicken an an de Fleegeariichtunge viru steigenden Temperaturen am Summer beschtméiglech ze protegéieren? Wat ass do déi konkret Virgoensweis?
- Ass den aktuelle „Plan Canicule“ nach „up to date“ oder gëtt dru geduecht fir en an noer Zukunft ze iwwerschaffen?“