„Mir si gewuer ginn, datt déi sou genannt “Asiatesch Horniss” d’Beievëlker an der Westpfalz zanter enger Rei Joren zerstéiert an hiren Hunneg opfrësst. Dat féiert dozou, datt den Ökosystem an dëser Géigend gestéiert gëtt an datt just ronn een Drëttel vun de Beievëlker iwwerliewe kéint. Dozou kënnt, datt eng Rëtsch Beievëlker a Rheinland-Pfalz krank sinn, well de Wanter zimmlech mëll war a well se vun der “Varroamilbe” befall sinn.
An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau follgend Froe stellen:
1. Wéi vill Beievëlker sinn an de leschte fënnef Joer der “Varroamilbe” zum Affer gefall?
2. Ass déi “Asiatesch Horniss” mëttlerweil och zu Lëtzebuerg aktiv?
3. Mat wat fir enge Mëttel kann et gelénge fir d’Beievëlker virun dësem aggressivem Insekt ze schützen?
4. Wéi gesäit an dësem Kontext d’Zesummenaarbecht tëscht de Beienziichter an dem Ministère aus?“