„Déi eelste Klack vu Lëtzebuerg, datéiert aus dem Joer 1440, ass vun Uewerdonwen an 2016 fir d’lescht gelaut ginn. Klacke gehéieren ouni Zweiwel zum kulturelle Patrimoine vu Lëtzebuerg. Queesch duerch Europa an duerch eist Land gëtt et net nëmme Kiercheklacken. A ville Länner laude Klacken haut nach am Fall vu Gefor, vu Stuerm, vun engem Brand, fir national a weltwäit Trauer auszedrécken oder einfach nëmme fir d’Auerzäit unzekënnegen.
An Däitschland ass d’Gloriosa (1497), déi an engem vun den Tierm vum Doum zu Erfurt hänkt, déi gréisste mëttelalterlech Klack op der Welt, déi fräi schwéngt an déi vun hirem Klang hir zu deene schéinsten an Europa gehéiert.
D’Laude vun de Klacken zu verschiddenen Dageszäiten, awer och am Ufank an eventuell och um Enn vun de reliéisen Déngschter oder einfach als Péis gehéiert zum gewinnte Klangraum vun eisen Uertschaften, besonnesch am ländleche Raum.
A Frankräich gëtt et eng Initiativ, déi ënner anerem drop rausleeft fir d’Laude vun de Kiercheklacken als immaterielle Patrimoine klasséieren ze loossen an en op d’Lëscht vun der Unesco setzen ze loossen. Sou wäit muss ee vläicht net direkt goen, ma et wier awer gutt, wann ee mol fir d’éischt en nationale Klassement kéint virgesinn.
An deem Kontext wollt ech der Madamm Kulturministesch folgend Froe stellen:
- Gëtt et e geneeë Regëster an deem all historesch relevant Klacke vum Land repertoriéiert a beschriwwe sinn?
- Wéi vill Klacken si mëttlerweil als Deel vun eisem kulturelle Patrimoine geschützt? Wéi vill sollen der nach geschützt ginn – zemol wa Kierchen desakraliséiert ginn?
- Gräift de Kulturministere op de Rot vun Experten aus dem Ausland zréck fir historesch Klacken zu Lëtzebuerg schützen ze loossen?
- Huet d’Madamm Ministesch wëlles d’Laude vun de Kiercheklacken op nationalem Plang als immaterielle Patrimoine vu Lëtzebuerg schützen ze loossen?“
Réponse
Le député André Bauler a été informé par la ministre de la Culture que les cloches au Luxembourg sont automatiquement protégées avec le bâtiment. Actuellement, les cloches de 216 églises et chapelles sont protégées au niveau national. La sonnerie des cloches correspond à la définition du patrimoine culturel immatériel (PCI) de l’UNESCO. Pour être inscrit à l’inventaire national du PCI, une demande doit être faite par les communautés de soutien. Cela ne signifie toutefois pas qu’il faut sonner les cloches. La sonnerie des cloches a une valeur socioculturelle et donne aux gens un sentiment d’identité et de respect de la diversité culturelle, estime Sam Tanson.