Wollef

Kritik un der aktueller Politik betreffend dem Wollef

Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege Minister nogefrot wéi et mat der Preventiounspolitik vum Wollef ausgesäit, nodeems e Schéifer an engem rezenten Zeitungsartikel seng Onzefriddenheet iwwert déi aktuell Politik betreffend dem Wollef zu Lëtzebuerg zum Ausdrock bruecht huet.

Fro

„An engem Artikel deen de Weekend an enger Lëtzebuerger Dageszeitung publizéiert gouf, gëtt déi aktuell Politik betreffend de Wollef hei zu Lëtzebuerg vun engem Schéifer kritiséiert. Mam „Aktiouns- a Managementplan fir den Ëmgang mat Wëllef zu Lëtzebuerg“ deen 2017 ausgeschafft  gouf, géif ee sech um Terrain als Schéifer eleng gelooss fillen. Weider heescht et, dass „d’Wanderschäferei“ an hirer jëtzeger Form a Gefor wier wann de Wollef sech zu Lëtzebuerg géif nidderloossen.

An deem Kader wollt ech der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Deelt Madamm Ministesch d’Aschätzung dass Efforten an dëser Thematik musse gemaach ginn?
  • Wa jo, wat ass Madamm Ministesch gewëllt ze maache fir d’Präventioun géint de Wollef ze verbesseren?
  • Ass ugeduecht den aktuellen „Aktiouns- a Managementplan fir den Ëmgang mat Wëllef zu Lëtzebuerg“ eventuell ze iwwerschaffen?“

Äntwert

  1. Deelt Madamm Ministesch d’Aschätzung dass Efforten an dëser Thematik musse gemaach ginn?

Déi Aschätzung gëtt net gedeelt. De besoten Aktiouns- a Managementplang ass effektiv 2017 publizéiert ginn[1], no der Consultatioun vun engem Begleedungscomité mat Vertrieder aus staatleche Verwaltungen, awer besonnesch och mat Vertrieder vun Ziichter (z.B. dem Daachverband vun de Lëtzebuerger Schof- a Geessenziichter, DVLSGZ) a Jeeër. An der Praxis funktionéiert d’Ëmsetzung vum Plang gutt.

  • Wa jo, wat ass Madamm Ministesch gewëllt ze maache fir d’Präventioun géint de Wollef ze verbesseren?

De Wollef ass laut der europäescher wéi och der nationaler Gesetzesgebung (nationaalt modifizéiert Naturschutzgesetz vun 2018[2] a modifizéiert groussherzoglecht Reglement vun 2009[3]) eng integral geschützten Déierenaart.

Deemno wier et net legal eng “Präventioun géint de Wollef” ze bedreiwen. Par conter gesäit besoten Aktiouns- a Managementplang awer eng ganz Rei vu Präventiounsmoossname vir, déi ëmgesat a finanzéiert kënne ginn, mam Zil, d’Attacke vum Wollef op Schof a Geessen ze verhënneren oder op d’mannst däitlech ze erschwéieren.

  • Ass ugeduecht den aktuellen „Aktiouns- a Managementplan fir den Ëmgang mat Wëllef zu Lëtzebuerg“ eventuell ze iwwerschaffen?“

Den Aktiouns- a Managementplang ass een dynamescht Dokument dat duerchaus kann iwwerschafft ginn, wann dat néideg sollt sinn. Wéi hei virdrun ugedeit, funktionéiert de Plang a seng Moossnamen an der Praxis gutt an et besteet momentan keen zwéngenden Handlungsbedarf fir eng Modifikatioun.


[1] https://environnement.public.lu/fr/publications/chasse/bulletin_technique_BT5.html

[2] https://legilux.public.lu/eli/etat/leg/loi/2018/07/18/a771/jo

[3] https://legilux.public.lu/eli/etat/leg/rgd/2009/01/09/n3/jo?msclkid=147867f7d07d11ecad45ec1fb35cb892

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi eng Doktere sinn an Zukunft u Bord vun de Gefierer vum SAMU?

Zu Lëtzebuerg fuere bis haut ëmmer Anästhesisten, zesumme mat Infirmiers en anesthésie-réanimation, mam SAMU. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann ass awer elo zu Ouere komm, datt an Zukunft och Generalisten oder Urgentisten mam SAMU fuere kéinten. Déi liberal Deputéiert hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, firwat bis haut nëmmen Anästhesiste beim SAMU u Bord waren, ob d’Infirmiers en anesthésie-réanimatioun och zesumme mat aneren Dokteren eng Noutfallekipp bilde kënnen an ob d’Qualitéit vun de Soine garantéiert bleift, onofhängeg vun der Spezialiséierung vum Dokter.

weiderliesen...

Wéi vill Jonker koume wéinst Alkoholkonsum an d’Spidol?

An Däitschland hunn, leschten Zuelen no, manner Jonker wéinst Alkohol missen an d’Spidol. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Jonker an de leschte Joren opgrond vun Alkoholkonsum hu missen hospitaliséiert ginn, op wéi engen Deeg am Joer besonnesch vill alkoholiséiert Leit an d’Spidol kommen an ob den Nationalen Aktiounsplang géint Alkoholmëssbrauch wäert erneiert ginn.

weiderliesen...