KI an der Landwirtschaft 

Den André Bauler an de Luc Emering wollte vun der Landwirtschaftsministesch wëssen op kënschtlech Intelligenz elo schonn an der Landwirtschaft an am Wäibau genotzt gëtt a wéi eng Sparten am meeschten dovunner betraff wäerte sinn an der Zukunft. Ausserdeem hunn déi zwee Deputéiert och nogefrot wéi et mat der Weiderbildung fir d'Aarbechter an dësem Beräich ausgesäit.

Fro

„D’kënschtlech Intelligenz (KI) wäert an Zukunft ëmmer méi Deeler vun eiser Gesellschaft betreffen, sou datt zimmlech all berufflech Acteuren net derlaanscht kommen, fir sech domat ze befaassen a sech an deem Sënn och weiderzebilden.

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau folgend Froe stellen:

– A wat fir engem Mooss sinn eis Landwirtschaft, awer och eis Gäertner a Wënzer elo scho vun der KI betraff?

– Wéi gesäit de Moment d’Weiderbildung an deem Beräich konkret aus?

– A wat fir enge Sparte vun der Landwirtschaft kéint d’KI zu enger (spierbarer) Entlaaschtung vun eise Baueren, Gäertner a Wënzer féieren?“

Äntwert

A wat fir engem Mooss sinn eis Landwirtschaft, awer och eis Gäertner a Wënzer elo schonn vunder KI betraff?

An der Landwirtschaft, am Gaardebau an am Wäibau ginn et mëttlerweil vill KI-Uwendungen, déi sech an de Betriber, jee no Struktur a Gréisst, etabléiert hunn. De Betribsleeder huet vill Entscheedungen ze treffen, déi den Ertrag vun de Kulturen oder de Gesondheetsstatus vu senge Béischte beaflosst. Bei dëse Managementdecisioune ka KI hëllefräich si fir Donnée’n ze verschaffen, ze ergänzen an duerzestellen. Sou kënnen Entscheedungen oft besser a méi einfach geholl ginn, wat e positiven Effekt op d’Produktioun, a punkto Nohaltegkeet, Wirtschaftlechkeet, a Klimaschutz huet. 

Um Feld sinn déi modern Trakteren a Maschinnen oft mat Sensoren equipéiert, déi hir Aarbechtsprozesser iwwerwaachen an optiméieren. Et ass zum Beispill méiglech, op Basis vu Sensordaten a GPS-Koordinaten, dat ënnerschiddlecht Ertragspotenzial op engem Feld ze bestëmmen. Dëst erlaabt et Saatgut, Planzeschutzmëttel oder Dünger méi geziilt auszebréngen, andeems d’Maschinn automatesch d’Doséierung upasst. 

Eng App op Basis vu kënschtlecher Intelligenz, déi de Wënzer beréit, wéi en d’Riewen optimal schneide soll, steet kuerz virun der Kommerzialiséierung. Zënter Jore ginn zu Lëtzebuerg Prognosemodeller an der Landwirtschaft agesat, fir Planzekrankheeten, Planzewuesstem a Beiekrankheet virauszesoen, ënner anerem op Basis vun den Donnéeë vun de Wiederstatioune vun der ASTA. Dës Informatioune ginn de Baueren, Gäertner a Wënzer iwwer agrimeteo.lu an aner Kanäl zur Verfügung gestallt a liwwere wichteg Elementer fir nohalteg Bewirtschaftungsentscheedungen ze treffen. 

An der Déiereproduktioun kënne KI-gestëtzten Applikatiounen zu enger besserer Déieregesondheet an Déierewuel bäidroen a sou natierlech d’Effizienz verbesseren. Vill Betriber setzen haut scho Sensoren an, wéi zum Beispill Halsbänner a Pedometer, fir d’Aktivitéit vun hire Kéi ze moossen. Dëst erlaabt, Réckschlëss op de Gesondheetszoustand vun den eenzele Kéi ze zéien. Och am Melkroboter a Melkstand gi ganz vill Daten erfaasst. Dës Systemer signaliséieren dem Bauer, wa gréisser Ofwäichunge vum normale Verhalen optrieden. Sou kënne metabolesch Problemer bei Kéi mat Zäit erkannt ginn, an duerch eng ugepasste Fidderung kann dësen entgéint gewierkt ginn. Doduerch kann den Asaz vu Medikamenter an Antibiotiken reduzéiert ginn. 

Des Weidere gräift den am Kader vun der Agrarreform vun 2023 agefouerten Area Monitoring System (AMS), deen an de landwirtschaftleche Verwaltungen SER an ASTA genotzt gëtt, op kënschtlech Intelligenz zeréck. An dësem System gi Satellittebiller vum europäesche Copernicus-Programm benotzt, wat et erméiglecht, Aktivitéiten op de landwirtschaftleche Flächen automatiséiert ze iwwerwaachen. Obwuel dëse System haaptsächlech eng Kontrollfunktioun huet, kann en de Betriber d’Aarbecht erliichteren, andeems een Ännerungen direkt selwer am System kann androen, ouni se iwwer d’Verwaltung mussen ze mellen. 

Wéi gesäit de Moment d’Weiderbildung an deem Beräich konkret aus? 

D’Weiderbildungsmoossnamen, déi vun de landwirtschaftlechen Organisatioune fir de Secteur organiséiert ginn, kënnen laut Artikel 72 vum Agrargesetz mat bis zu 100% vun de fërderfähegen Käschte subventionéiert ginn. An dësem Kader hu mir bis elo kee Cour subventionéiert, deen sech ausschliisslech mat der Thematik KI befaasst huet. 

Aktuell lafen 13 Fuerschungs- an Innovatiounsprojete, déi vum Landwirtschaftsministère finanzéiert ginn, an deene konkret KI agesat gëtt. Den Output vun dëse Projete steet alleguer den Acteure vum Agrarsecteur zur Verfügung. Duerch dës Projete kënnen d’Baueren, Gäertner a Wënzer schonn haut vu KI-generéiertem Wëssen an hirer deeglecher Aarbecht profitéieren. Bei dëse Projeten spillt d’Wëssensvermëttlung un de Bauer, Gäertner a Wënzer eng wichteg Roll. 

A wat fir enge Sparte vun der Landwirtschaft kéint d’KI zu enger (spierbarer) Entlaaschtung vun eise Baueren, Gäertner a Wënzer féieren? 

D’Äntwertelementer zu dëser Fro sinn an der 1. Fro enthalen. 

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Nei Raimlechkeete fir d’Maison médicale zu Ettelbréck ?

Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, datt d’Maison médicale zu Ettelbréck nei Raimlechkeete wäert kréien. De liberalen Deputéierten huet vun der Gesondheetsministesch Detailer zu den neie Raimlechkeete gefrot a wollt wëssen, ob d’Dokteren aktuell déi néideg Equipementer hu fir all hir Tâchen, och déi administrativ, z’assuréieren.

weiderliesen...

Sollten Aarbechtskontrakter fir Studente reforméiert ginn ?

Am Joer dierfe Studente bis 27 Joer maximal 346 Stonne schaffen. Et ginn awer Studenten, déi gäre méi schaffe wéilte fir sech hire Liewensënnerhalt ze verdéngen. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Barbara Agostino hu beim Aarbechtsminister nogefrot wéi vill Studenten 2024 geschafft hunn, an ob de Minister gewëllt wier de Studenten z’erlabe méi Stonnen am Joer ze schaffen, wéi och d’Alterslimitt vun aktuell 27 Joer eropzesetzen.

weiderliesen...

Neie Generaldirekter vun HUT

De fréiere Generaldirekter vun der Police gëtt den neie Generaldirekter vun Hëllef um Terrain. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollten dozou vun den zoustännege Ministere wëssen, ob si an dësem Fall am Virfeld consultéiert goufen, wéi vill Staatsbeamten no hirer Karriär beim Staat an de Privatsecteur wiesselen, an op et spezifesch Reegele fir Niewenaktivitéite vu pensionéierte Staatsbeamte gëtt.

weiderliesen...