Keng Remuneratioun fir divers Trainer a Physiotherapeuten aus de Centres de Formation vun de Sportverbänn?

Rezent konnt een noliesen dass divers Leit déi an de centres de formation vun der Lëtzebuerger Sportswelt engagéiert sinn iwwert Méint ewech keng Sue fir hir geleeschte Prestatioune kritt hunn. DP-Deputéiert Claude Lamberty a Carole Hartmann hunn beim Sportminister nogefrot wat et mat der Interpretatioun vum concernéierten arrêté gouvernemental, dee säit méi wéi 20 Joer aktiv ass, op sech huet.  

Fro

„ Wéi aus engem offizielle Bréif ervirgeet an dono och vun der Presse opgeworf gouf, krute Leit déi an de centres de formation vun der Lëtzebuerger Sportswelt engagéiert sinn iwwert Méint ewech keng Sue fir hir geleeschte Prestatiounen. Dëst well anscheinend eng nei Interpretatioun vun engem arrêté gouvernemental, dee séit méi wéi 20 Joer aktiv ass, vum Sportsministère gemaach gouf.

An deem Kader wollte mir dem Här Sportsminister folgend Froe stellen:

  1. Wéi genee ass d’Prozedur an den Oflaf bis elo gewiescht fir dass déi Suen déi an de centres de formation vun de Sportverbännvun Trainer a Physiotherapeutegeleescht ginn och bei de betraffenen Acteuren ukoumen ?
  2. Wat war an der Vergaangenheet d’Liesaart a wat genee ass elo déi nei Interpretatioun vum arrêté gouvernemental ?
  3. Sinn déi Responsabel vum Sportlycée, de Sportverbänn an dem COSL iwwert déi nei Interpretatioun informéiert ginn ?
  4. Säit wéini gouf déi nei Interpretatioun applizéiert? Wéi vill Leit sinn/ware vun der neier Interpretatioun concernéiert ? Si mëttlerweil all Prestatiounen déi geleescht gi sinn och ausbezuelt ginn ?
  1. Wéi ka séchergestallt ginn, dass déi betraffe Leit hir Prestatiounen an Zukunft och sécher bezuelt kréien?
  2. Denkt de Minister drun eng ganz nei gesetzlech Basis fir d’Zukunft ze schafen?
  3. Wa jo, wat gëtt envisagéiert? Ginn de COSL an aner Gremien aus der Sportswelt mat abezufir dass méiglechst vill Informatiounen aus der Praxis vun der Sportswelt direkt consultéiert ginn a sech Probleemer esou evitéiere loossen?“

Äntwert

  1. Wéi genee ass d’Prozedur an den Oflaf bis elo gewiescht fir dass déi Suen déi an de Centres de formation vun de Sportverbänn vun Trainer a Physiotherapeute geleescht ginn och bei de betraffenen Acteuren ukoumen?

Wat elo d’Prozedur, respektiv den Oflaf vum Bezuele vun den Indemnitéite vun de verschiddenen Intervenanten an de Centres de formation ubelaangt, esou kommen iwwer de Sportlycée, deen zoustänneg ass fir d’Koordinatioun vun de federale Centres de formation, Deklaratiounen an de Sportsministère eran, déi monatlech vun den Intervenante selwer ausgefëllt ginn a vun engem Delegéierte vum Verband dann zertifiéiert ginn. D’Direktioun vum Sportlycée zertifiéiert an approuvéiert dann déi dozougehéierend Deklaratiounen.

D’Finanzdivisioun vum Sportsministère saiséiert dann déi eenzel “Ordres de paiement” fir d’Liquidatioun vun den Indemnitéiten an d’Weeër ze leeden.

No der Ënnerschrëft vum “Ordonnateur”, dee laut de Bestëmmunge vum Artikel 22 vum ofgeännerte Budgetsgesetz vum 8. Juni 1999, d’Kompetenz huet fir Ausgaben z’engagéieren, liquidéieren an ordonnancéieren, an dëst ënnert senger Verantwortung, an deen och d’gesetzlech Verflichtung fir d’Legalitéit an d’Regularitéit vu sengem Handelen huet, ginn d’”Ordres de paiement” da weider un de Finanzkontroller, deem säi Rôle och am Budgetsgesetz festgehalen ass, fir Visa a Virement vum entspriechende Betrag op de Kont vun deem jeeweilegen Intervenant, dëst dann iwwer d’”Trésorerie de l’État”.

Wann et sech bei den Intervenanten ëm Staatsbeamten handelt, dann ass nach eng zousätzlech Etapp erfuerderlech. Ier dës Indemnitéiten, “cumuls” genannt, kënne weider goe bei de Finanzkontroller fir Visa, muss ofgewaart gi bis eng Autorisatioun vum Regierungsrot virläit. Dës Autorisatioune ginn am Prinzip eemol am Mount ausgestallt. Dono leeft dann déi selwecht Prozedur bis zu der Iwwerweisung un.

  1. Wat war an der Vergaangenheet d’Liesaart a wat genee ass elo déi nei Interpretatioun vum Arrêté gouvernemental?

Den Arrêté gouvernemental op dee sech hei bezu gëtt, ass en Arrêté vum 21. Dezember 2001 mat Effet op den 1. Januar 2002, aus enger Zäit an där d‘Centres de formation nach vun der Ecole Nationale de l’Education Physique et des Sports (ENEPS) geréiert gi sinn, a wou et de Sportlycée nach net gouf, dee bekanntlech duerch d’Gesetz vum 21. Juli 2012 geschafe ginn ass.

Dëst erkläert dann och, datt dësen Arrêté vun 2001 verschiddentlech interpretéiert ka ginn an eigentlech net méi der Zäit ugepasst ass.

  1. Sinn déi Responsabel vum Sportlycée, de Sportverbänn an dem COSL iwwert déi nei Interpretatioun informéiert ginn?

Prinzipiell ass dëst allen Acteure scho bekannt gewiescht, et gouf och schonn u verschiddene Piste geschafft fir dëst ze regulariséieren. Zulescht war dëst och e Sujet an der Sitzung vum 13. Juni 2022 vum Koordinatiounscomité vum Sportlycée, wou Vertrieder vum Sportlycée, Sportsministère, Educatiounsministère a COSL vertruede sinn.

  1. Säit wéini gouf déi nei Interpretatioun applizéiert? Wéi vill Leit sinn/ware vun der neier Interpretatioun concernéiert? Si mëttlerweil all Prestatiounen déi geleescht gi sinn och ausbezuelt ginn?

Op de 25. Juli 2022 ware 40 Deklaratioune vu 27 Intervenante fir eng Gesamtzomm vun 39.793,58 € am suspens am Sportsministère. An Tëschenzäit ass dann och d’Autorisatioun vum Regierungsrot do fir déi sougenannten “Cumulsdeklaratiounen” vun enger Gesamtzomm vu 7.039,65 €, déi dann och wäerten, nom Visa vum Finanzkontroller, déi nächst Woch kënnen iwwerwise ginn. Dee Moment sinn all Prestatiounen ausbezuelt.

  1. Wéi ka séchergestallt ginn, dass déi betraffe Leit hir Prestatiounen an Zukunft och sécher bezuelt kréien?

Dëst ass an Tëschenzäit séchergestallt, well de Regierungsrot a senger Sëtzung vum 7. September 2022 een ugepassten Arrêté ugeholl huet.

  1. Denkt de Minister drun eng ganz nei gesetzlech Basis fir d’Zukunft ze schafen?

Am Sënn vun der Rechtssécherheet wäert kuerzfristeg eng gesetzlech Basis geschafe ginn, fir d’Indemnitéite vun den Intervenanten an de Centres de formation per groussherzoglecht Reglement ze reegelen.

  1. Wa jo, wat gëtt envisagéiert? Ginn de COSL an aner Gremien aus der Sportswelt mat abezu fir dass méiglechst vill Informatiounen aus der Praxis vun der Sportswelt direkt consideréiert ginn a sech Problemer esou evitéiere loossen?

Dëse Schrëtt ass scho gemaach a wäert da beim Ausschaffe vum Reglement weidergefouert ginn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Rechter vu schwangeren Independanteë verbesseren

Schwanger Salariéen, kënne virum Congé de maternité eng bezuelten Aarbechtsdispens ufroen, wann si z.B. aus gesondheetleche Grënn net schaffe kënnen. Independanteën hunn dës Méiglechkeet net, wat sech negativ op de Recalcul vun hirer Indemnitéit fir de Mammecongé auswierke kann.
D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Mandy Minella wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, ob eng remuneréiert Dispens oder een equivalente Mechanismus fir schwanger Independanteën agefouert wäert ginn.

weiderliesen...

Kënnt eng Apdikt op Bettenduerf ?

2023 hat déi deemoleg Gesondheetsministesch d’Schafe vun enger Apdikt zu Bettenduerf nach ofgeleent. Well d’Populatioun an der Regioun ronderëm Bettenduerf awer weider wiisst huet den DP-Deputéierten André Bauler bei der neier Gesondheetsministesch nogefrot, ob si d’Decisioun vun hirer Virgängerin iwwerdenke géif. Ass d’Gesondheetsministesch eventuell scho vun der Gemeng Bettenduerf kontaktéiert ginn a kéinten nach weider Gemengen eng nei Apdikt kréien?

weiderliesen...

Aféierung vun engem Depistage fir Hautkriibs ?

Zanter 2008 gëtt et an Däitschland een Depistage fir Hautkriibs fir all Assuré ab 35 Joer. Doduercher gi vill Fäll vun Hautkriibs méi fréi entdeckt.
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, wéi d’Zuele vun Hautkriibs sech hei am Land zanter 2013 entwéckelt hunn, ob esou een Depistage och zu Lëtzebuerg sënnvoll wier a firwat just d’Zuele fir schwaarzen Hautkriibs erhuewe ginn.

weiderliesen...