„Aktuell steet de Gros vun den alen Déngschtwunnenge vun der Police zu Colmar-Bierg eidel. Fir dëse Wunnengen eng nei Bestëmmung ze ginn ass dowéinst och am Moment e PAP an der Maach.
Bis dass dësen allerdéngs ofgeschloss ass, a vu déi aktuell Situatioun mam Krich an der Ukrain, kéinten dës Wunnengen och als Logement fir Flüchtlinge genotzt ginn.
An deem Kader wollt ech dem Här Wunnengsbauminister folgend Froe stellen:
- Ginn et Pläng, fir an de genannte Wunnengen Flüchtlingen ënnerzebréngen?
- Wa jo, kéinten déi Wunnengen direkt genotzt ginn oder missten nach Aarbechten duerchgefouert ginn?
- Wou sinn d’Aarbechten um PAP drun?“
Äntwert
Fir dëse Site ass bis elo just e Schéma directeur ausgeschafft ginn. Am Moment gëtt nach gepréift, wéi eng Aarbechten noutwenneg sinn, fir dës fréier Déngschtwunnengen iwwergangsweis fir d’Ënnerbréngung vu Flüchtlingen ze notzen.