Kanner a Jugendlecher am Sport schützen duerch de “Safeguarding”

Beim “Safeguarding” am Sport geet et drëms fir Kanner a Jugendlecher ze schütze fir dass si sech wuel fillen a kengem physeschen, mentalen oder sexuelle Mëssbrauch, oder „grooming“ ausgesat sinn. Dem Koalitiounsprogramm no soll d‘ALAD (Agence Luxembourgeoise Antidopage) sech an Zukunft mat dem Thema befaassen an als National Agence fir d’Integritéit vum Sport agéieren. D’DP Deputéiert Mandy Minella huet de Sportminister gefrot wéini de Minister wëlles huet de “Safeguarding“ am Sport anzeféieren, ob d'ALAD d‘Ulafstell fir Beschwerden am Fall vun Abusen am Sport gëtt, ob et Zuelen zu Lëtzebuerg ginn, déi d'Abusen am Sport uginn, wéi Trainer an Trainerinnen an hirem Beräich sensibiliséiert a kontrolléiert ginn an ob de Ministère wëlles huet eng Sensibiliséierungskampagne an deem Domaine ze lancéieren.

Fro

Beim “Safeguarding” am Sport geet et drëms fir Kanner a Jugendlecher ze schützen, an ze garantéieren, dass de Sport kann op eng Manéier ausgeüübt ginn, dass déi bedeelegt Persounen sech wuel fillen a kengem physeschen, mentalen oder sexuelle Mëssbrauch, oder „grooming“ ausgesat sinn. D’Zil ass d’Sécherheet vun de Kanner a Jugendlechen am Sport ze garantéiere fir dass si sech voll a ganz kënnen op de Sport konzentréieren.

Dem Koalitiounsprogramm 2023-2028 no soll d‘ALAD (Agence Luxembourgeoise Antidopage) sech an Zukunft mat dem Thema befaassen an als National Agence fir d’Integritéit vum Sport agéieren. D‘ALAD wier dann eng Cellule wou Sportler a Sportlerinnen eng Ulafstell hätte fir Abusen (z.B. vu verbaler, gewalttäteger oder sexueller Natur) ze denoncéieren. En Aarbechtsgrupp, deen aus Experte besteet, wäert an éischter Phase intervenéieren an de Ministère wäert en nationalen Aktiounsplang developpéieren zu dem Sujet.

Leider ginn et international vill ze vill Abusen an et kommen ëmmer méi erschreckend Fäll eraus, an dat an alle Sportaarten, sief dat vum Amateurssport bis hin zum Profisport. No enger Etüde am Joer 2021 vun der Edge Hill University, déi vun der EU finanzéiert gouf, ass festgestallt ginn, dass op engem Echantillon vun 10.000 Leit aus 6 Länner (Éisträich, Belsch, Däitschland, Rumänien, Spuenien a UK) 3/4 vun de Kanner déi Sport praktizéiert hunn, Opfer gi ware vu psychologeschen oder physeschen Abusen.

En vue vun den Olympesche Spiller 2024 zu Paräis wier lo sécherlech de Moment räif fir sech méi mat dem Thema ofzeginn.

An deem Kader wollt ech dem Här Sportsminister follgend Froe stellen:

  1. Wéini huet de Minister wëlles de “Safeguarding“ am Sport anzeféieren ?
  2. Gëtt d’ALAD d‘Ulafstell fir Beschwerden am Fall vun Abusen am Sport?
  3. Ginn et Zuelen zu Lëtzebuerg déi d’Abusen am Sport uginn?
  4. Wéi ginn Trainer an Trainerinnen an hirem Beräich sensibiliséiert a kontrolléiert?
  5. Huet de Ministère wëlles eng Sensibiliséierungskampagne an deem Domaine ze lancéieren?

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Sinn eis Spideeler op Cyberattacke preparéiert ?

Cyberattacken op Spideeler sinn an Europa keng Seelenheet. Aus dësem Grond huet d’EU een Aktiounsplang lancéiert fir d’Cybersécherheet am Gesondheetssecteur ze verbesseren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d’Gesondheetsministesch dozou befrot, wéi oft d’Spideeler hei am Land vu Cyberattacke viséiert waren, wéi gutt d’Spideeler a Simulatiounsübunge reagéiert hunn a wéi eng Recommandatiounen ausgeschafft goufen.

weiderliesen...

Wéi steet et ëm d’Zänngesondheet zu Lëtzebuerg ?

Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.

weiderliesen...

Potenzial an der Rüstungsindustrie

Duerch déi geopolitesch Situatioun sinn d’Investitiounen an d’Verdeedegung zu enger vun den Haaptprioritéit ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot op scho verschidden national Betriber an der Rüstungsindustrie aktiv sinn a wou et Potenzial gëtt.

weiderliesen...

Optimisatioun vun der Entwécklung vun den Aktivitéitszonen

Viru kuerzem huet de Wirtschaftsminister d’Pilotprojeten “Triangle Vert” a “Salzbaach” annoncéiert fir d’Entwécklung vun den Aktivitéitszonen z’optimiséieren. Eisen Deputéierten André Bauler huet nogefrot wat déi éischt Conclusiounen sinn, déi een an dësem Kader zéie kann an ob nei Aktivitéitszonen zu Lëtzebuerg geplangt ginn.

weiderliesen...